Robert Innes

Vu Wikipedia
Robert Innes
Gebuertsnumm Robert Thorburn Ayton Innes
Gebuer 10. November 1861
Edinburgh
Gestuerwen 13. Mäerz 1933
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Südafrika
Aktivitéit Astronom

De Robert Thorburn Ayton Innes, gebuer den 10. November 1861 zu Edinburgh a gestuerwen den 13. Mäerz 1933 zu London war e schottesch-südafrikaneschen Astronom.

Den Innes entdeckt am Joer 1915 de Stär Proxima Centauri. Ausserdeem entdeckt hien eng ganz Rei vun Duebelstären an hat als éischten Astronom den 12. Januar 1910 de Johannesbuerger Koméit gesinn.

Den Innes war Grënnungsdirekter vun enger meteorologescher Statioun, déi hie spéider zu engem astronomeschen Observatoire ëmgewandelt huet. Hien huet se dann ëmbenannt an Union Observatory. Nom Innes gouf den Asteroid Innes genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie