Joseph Johann von Littrow

Vu Wikipedia
Joseph Johann von Littrow
Gebuer 13. Mäerz 1781
Gestuerwen 30. November 1840
Wien
Nationalitéit Keesertum Éisträich, Éisträich, Tschechesch Republik
Educatioun Karls-Universitéit,
Universitéit Wien
Aktivitéit Astronom, Professer, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Mathematiker
Member vun Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina
Famill
Kanner Karl Ludwig von Littrow
H. Bitterlich: Josef Johann und Carl Littrow (Universitéit Wien)

De Joseph Johann von Littrow (an der Literatur och als Johann Josef Littrow geschriwwen), gebuer den 13. Mäerz 1781 zu Bischofteinitz a Béimen a gestuerwen den 30. November 1840 zu Wien war en éisträicheschen Astronom.

De Littrow war de Jong vum Geschäftsmann Anton Littrow. No senger Schoulzäit am Joer 1799 goung de Littrow op Prag an d'Karls-Universitéit fir do Rechtswëssenschaft a Theologie ze studéieren. Ee vu senge Dozente war de Schrëftsteller August Gottlieb Meißner. Ënnerstëtzt vun dësem, grënnt de Littrow 1800 zesumme mat Frënn an der Universitéit d'Zäitschrëft „Die Propyläen“. De Studium huet hien am Joer 1803 ouni Ofschloss ofgebrach an huet uschléissend als Hausléiermeeschter an Haffmeeschter beim jonke Grof J. Renard geschafft; am Ufank a Schlesien a spéider dann zu Wien.

De Littrow war mat der Duechter vum Franz Ulrich von Ullrichsthal bestuet. Mat hir hat hien 12 Kanner, dorënner de spéideren Astronom Karl Ludwig von Littrow, dee mat der Schrëftstellerin Auguste von Bischoff bestuet war, an de Kartograph Heinrich von Littrow.

Autodidaktesch huet hie sech speziell a Mathematik an Astronomie ausgebilt. Am November 1807 huet de Littrow e Ruff als Professer fir Astronomie an der Jagiellonen-Universitéit zu (Krakau) ugeholl. 1810 goung hie no Kasan, wou hien een Observatoire gegrënnt huet. 1816 wiesselt hien als Direkter adj. an den Observatoire vu Budapest. 1819 iwwerhëlt hien eng Professur fir Astronomie an der Universitéit Wien a gouf Direkter vum éischten Universitéitsobservatoire Wien, deen hie komplett reorganiséiert huet. De Bau vun engem neien Observatoire war eng weider Aarbecht vun him, deen hie mam Mecanicien an Optiker Simon Plößl zesumme preparéiert huet. Säi Jong Karl Ludwig huet uschléissend d'Aarbechte fäerdeg gemaach.

1836 gouf de Littrow vum éisträichesche Keeser Ferdinand I. an den ierflechen éisträicheschen Adelstand erhuewen, wouduerch och all seng Jongen den Adelspredikat droe konnten.

De Littrow entfaalt eng ergiebeg Tätegkeet als Pedagog. Duerch seng theoreetesch Ënnersich beweegt hien de Plößl zu der Ausféierung vun dialyteschen Teleskopen. De Littrow war och eng Autoritéit um Gebitt vu Versuergungsanstalten. Seng wëssenschaftlech Aufsätz sinn als „Vermischte Schriften“ (Stuttgart 1846, mat Biographie) gesammelt erauskomm. Vu senge ville Schrëften hu seng populär Virträg iwwer d'Stären, an der „Wiener Zeitschrift für Kunst und Litteratur“ hie bekannt gemaach. Säi populärwëssenschaftlecht Wierk „Wunder des Himmels“ war staark beléift a gouf a villen Editioune bis an 20. Joerhonnert publizéiert.

De Littrow ass den 30. November 1840 am Alter vu 59 Joer gestuerwen. Zu sengem Gedenke gouf um Äerdmound en Impaktkrater am Mare Serenitatis souwéi e System vu Rillen (Rimae) no him genannt. An der Géigend vun dësem Littrow-Krater war 1972 d'Apollo-17-Missioun gelant.

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Theoretische und praktische Astronomie (Wien 1821-27, 3 Bde.)
  • Über Höhenmessung durch Barometer (Wien 1821)
  • Dioptrik, oder Anleitung zur Verfertigung der Fernrohre (Wien 1830)
  • Über den gefürchteten Kometen des gegenwärtigen Jahres 1832 und über Kometen überhaupt (Wien 1832)
  • Handbuch zur Umrechnung der vorzüglichsten Münzen, Maße und Gewichte (Stuttgart 1832).
  • Gnomonik, oder Anleitung zur Verfertigung aller Arten von Sonnenuhren (Wien 1833)
  • Über Sterngruppen und Nebelmassen des Himmels (Wien 1835)
  • Die Wunder des Himmels (Stuttgart 1834-36, 3 Teile) [1] [2]
  • Atlas des gestirnten Himmels (Stuttgart 1838)
  • Vermischte Schriften (Stuttgart 1846, 3 Bde.; hrsg. von Karl Ludwig von Littrow)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]