Littrow (Moundkrater)
Ausgesinn
|
| |
| Koordinaten | 21°30'0"N, 31°23'24"O |
|---|---|
| Duerchmiesser | 28,5 km |
| Déift | 1.230 m |
| Genannt no | Joseph Johann von Littrow |
| Genannt am Joer | 1935 |
| Moundvéiereck | LQ12 |
De Littrow ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit um Rand vum Mare Serenitatis, nërdlech vum Krater Vitruvius an ëstlech vum Krater Clerke.
De Littrow ass staark erodéiert, a mat Marelava opgefëllt an dofir zimmlech glat.
De Krater gouf 1935 vun der IAU offiziell nom éisträicheschen Astronom Joseph Johann von Littrow genannt.
| Littrow | Breedegrad | Längegrad | Duerchmiesser |
|---|---|---|---|
| A | 22.2° N | 32.2° E | 23 km |
| D | 23.7° N | 32.8° E | 8 km |
| F | 22.0° N | 34.1° E | 12 km |
| P | 23.2° N | 32.8° E | 36 km |