Joseph Haupert

Vu Wikipedia
Joseph Haupert
Gebuer 13. Mäerz 1910
Nidderkuer
Gestuerwen 18. September 1980
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

De Joseph ("Jos") Haupert, gebuer den 13. Mäerz 1910 zu Nidderkuer a gestuerwen den 18. September 1980 zu Déifferdeng[1], war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).[2]

De Jos Haupert huet 1924 eng Léier op der Hadir gemaach an dono do an op der Déifferdenger Schmelz bis 1970 am Walzwierk geschafft.

Hien ass 1937 dem LBMIAV bäigetratt, an 1945 der LSAP.

Vun 1950 bis 1979 war hie Member vum Déifferdenger Gemengerot, dovun vun 1964 bis 1968 als Schäffen a vun 1968 bis 1979 als Buergermeeschter.

Vun 1969 bis 1974 war de Joseph Haupert President vun der lëtzebuergescher Chambre de travail.

1964 bis 1968, an dann nees vun 1973, wou e fir de René Hartmann nogeréckelt ass, bis 1979, war de Jos Haupert Deputéierten an der Chamber.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Joseph Haupert am Luxemburger Wort vum 23 September 1980 op der Säit 14 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 18. Dezember 2022
  2. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.97.
  3. 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022