Chambre de travail

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Chambre de travail
(Aarbechterkummer)
Typ: Ëffentlecht Etablissement
Grënnung: 28.06.1920
ofgeschaaft 31.12.2008
Sëtz:
Branche: Beruffschamber

D'Chambre de travail (och alt Aarbechterkummer) war bis 2008 déi lëtzebuergesch Beruffschamber vun den Aarbechter.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

De 26. November 1919 huet den Deputéierten Nicolas Jacoby (Rietspartei) e Projet de loi deposéiert iwwer d'Grënnung vun enger gewielter Aarbechterkummer. Obwuel de Projet gréisstendeels op engem Dokument vun der Commission extraordinaire pour la sauvegarde des intérêts des ouvriers baséiert huet, war d'Akzeptatioun vum proposéierte Gesetzestext an de Reie vun der sozialistescher Oppositioun net ganz grouss. Den Text gouf schlussendlech awer mat 23 „Jo” géint 8 „Nee”-Stëmmen an 3 Abstentiounen ugeholl[1] an den 10. Juli 1920 gouf d'Gesetz vum 28. Juni 1920 iwwer d'Grënnung vun enger Chambre de travail op Walbasis am Mémorial publizéiert[2].

Dat Gesetz gouf awer aus verschiddenen Grënn, absënns well et Problemer gouf fir Wielerlëschten opzestellen[1], net an där Form ëmgesat an 1924 duerch dat neit Gesetz iwwer d'Beruffschamberen ofgeschaaft an ersat. Mat deem Gesetz vum 4. Abrëll 1924[3] gouf zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut an et si fënnef Beruffschamberen an d'Liewe geruff ginn. Dozou hunn deemools och d'Chambre de travail an d'Chambre des employés privés gehéiert. Op der Säit vum Salariat war déi éischt fir d'Aarbechter an déi zweet fir d'Privatbeamten zoustänneg.

No Tripartite-Gespréicher si sech d'Regierung an d'Sozialpartner am Abrëll 2006 eens gi fir de Statut vun de Privatbeamten ((fr) « employés privés ») mat deem vun den Aarbechter ((fr) « ouvrier ») zesummenzeschloen a fir en Eenheetsstatut ((fr) « statut unique ») fir all Salariéen aus dem Privatsecteur anzeféieren.

Den 1. Januar 2009 koum et op Basis vum Gesetz vum 13. Mee 2008 iwwer d'Aféierung vum Eenheetsstatut fir Salariéeën am Privatsecteur[4] zu enger Fusioun vun der Chambre de travail mat der Chambre des employés privés aus där d'Chambre des salariés ervirgaangen ass.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Aarbechterkummer
Period President
1925 - 1928 Léon Weirich
1928 - 1940 Barthélemy Barbel
... ...
1945 - 1947 Barthélemy Barbel
1947 - 1949 Jean Fellens
1949 - 1964 Dominique Baum
1964 - 1965 Nicolas Mannes
1965 - 1969 Albert Cremmer
1969 - 1973 Joseph Haupert
1973 - 1974 Jean Klein
1974 - 1979 Sesto Catani
1979 - 1984 Mathias Schmitz
1984 - 1988 Georges Wotipka
1988 - 1988 Ady Faber
1988 - 1998 Pierrot Adamy
1998 - 200 Henri Bossi

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Chambre de travail Luxembourg, Arbeiterkammer: 75e anniversaire: 1924 - 1999. [réd.:] Denis Scuto, Marc Wagener ; collab.: Ben Fayot, Paul Feltes]. [Luxembourg]: Chambre de travail, 1999.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (de)Entstehungsgeschichte. www.csl.lu. Gekuckt de(n) 13.09.2020.
  2. (fr)Loi du 28 juin 1920 portant création d'une chambre de travail à base élective. legilux.public.lu (28.06.1920). Gekuckt de(n) 13.09.2020.
  3. (fr)Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  4. (fr)Loi du 13 mai 2008 portant introduction d'un statut unique pour les salariés du secteur privé (...). legilux.public.lu (13.05.2008). Gekuckt de(n) 13.09.2020.