Op den Inhalt sprangen

Nicolas Mannes

Vu Wikipedia
Nicolas Mannes
Gebuer 3. Februar 1903
Waasserbëlleg
Gestuerwen 27. Mee 1965
Esch-Uelzecht
Aktivitéit Gewerkschaftler, Lokalpolitiker, Elektriker
Partei LSAP
Member vun LAV

Den Nicolas Mannes, gebuer den 3. Februar 1903 zu Waasserbëlleg, a gestuerwen de 27. Mee 1965 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.[1]

Hien huet als Elektriker bei Arbed Mines geschafft. Bis zu senger Pensionéierung war hie President vum Betribscomité, Vizepresident vum LAV a President vun der Aarbechterkummer.

Hie war Kandidat fir d'LSAP bei de Gemengewalen 1951, an ass doropshin den 19. Oktober 1953, nom Doud vum Hubert Clément, an de Gemengerot nogeréckelt. 1958 an 1964 gouf hien erëmgewielt.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 29. Dezember 1969 decidéiert, eng Strooss am Quartier Lankelz no him ze nennen.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Quell, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.151-152.