Willy Allamano

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Willy Allamano
Alamano Willy.JPG
Gebuer 3. Mäerz 1933
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Willy Allamano, gebuer den 3. Mäerz 1933 zu Esch-Uelzecht, ass e Lëtzebuerger Auteur, deen iwwer de Biergbau an aner Saachen am Zesummenhank mam Biergbau an der Minettsgéigend schreift.

Aus sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Willy war technesche Beamten op der Gemeng Esch-Uelzecht. Am Joer 1960 gouf hie mat der Elisabeth Piller bestuet, déi 1997 gestuerwen ass. Aus sengem éischte Bestietnes huet hien e Jong, de Pit Allamano (gebuer 1965). De Willy huet sech 2001 fir d'zweet mat der Françoise Frémez bestuet a wunnt zu Fréiseng.

Säi Veräinsliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Willy Allamano huet e vill beschäftegt Veräinsliewen hanner sech. Iwwer 20 Joer huet hien an der Escher Biergaarbechtermusek Saxophon Baryton gespillt. Vun 1962 un ass hie Member vum Biergmanns-Ënnerstëtzongs-Veräin zu Esch. Tëschenduerch war hien do Sekretär (1983-1987 an 1993), a vun 1994-2006 President.

Seng Interessen a Schreifaarbechten[änneren | Quelltext änneren]

An de 70er Joren huet de Willy Allamano ënner der Leedung vum Aurelio Sabbatini Steebildhaer geléiert. Spéider huet hie fir vill Veräiner Takemodeller entworf. D'Tak "EIST DUERF SOLL LIEWEN" vum "Service des Sites et Monuments" ass och ee Wierk vum Willy Allamano. Mat sengen Aarbechtskollege vun der Escher Gemeng huet hien am Joer 1985 an der Buchholz-Villa am Faubourg zu Esch, d'Ausstellung 100 Joer Escher Waasserwierk organiséiert. Hien huet, vun 1987 un, gehollef de Musée des Mines de Fer de Lorraine zu Neufchef an Aumetz a Frankräich opzebauen an huet säi Wëssen iwwer de Biergbau vergréissert.

Am Joer 1990 huet de Willy Allamano d'Motiv fir de Jubiläum vun dem Aarbechter Ënnerstëtzungsveräin Esch/Grenz geschaaft.

  • 1994 huet hien eng Jubiläumsbroschür fir 100 Joer Biergmanns-Ënnerstëtzungs-Veräin 1894 Esch/Uelzecht geschriwwen. D'Broschür huet 40 Säiten an ass am A5-Format gedréckt.
  • 2005 huet hien e Buch publizéiert iwwer „Dem Biergmann seng Luuchten“. D'Buch ass am A4-Format gemaach an huet 230 Säiten, Fuedemheftung an huet eng Oplo vu 500 Stéck. ISBN 2-87996-783-X.
  • 2008 koum säin zweet Buch eraus mat dem Titel „ Die Drahtseilbahnen im Großherzogtum Luxemburg und in Lothringen“. D'Buch ass am A4-Format gemaach an huet 208 Säiten, Fuedemheftung an huet eng Oplo vu 400 Stéck. ISBN 978-2-87996-668-7.
  • 2013 huet hien mam Gilbert Bernardini zesummen e Buch iwwer d'Stroosse vun Esch/Uelzecht geschriwwen. D'Buch, dat op däitsch a franséisch geschriwwen ass, heescht "Esch-sur-Alzette et ses rues" / "Esch an der Alzette und seine Strassen". 256 Säiten, Fuedemheftung an huet eng Oplo vu 500 Stéck. ISBN 978-2-87964-136-2.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Deckel vun der Broschür 100 Joer Biergmanns-Ënnerstëtzongs-Veräin Esch/Uelzecht 1894
D'Biergmannsluuchten
D'Drotseelbunnen
Esch-sur-Alzette et ses rues