Aurelio Sabbatini
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Aurelio Sabbatini | |
---|---|
Gebuer |
20. Juli 1909 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
7. Juni 1987 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Famill | |
Kanner | Bettina Sabbatini |
Den Aurelio Sabbatini, gebuer den 20. Juli 1909 zu Esch-Uelzecht an och do gestuerwen de 7. Juni 1987, war e lëtzebuergesche Sculpteur.
Hien huet am Holz, Marber, Steen a Keramik geschafft. Hien hat d'Meeschterprüfung als sculpteur sur pierres.
1948 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.
Den Aurelio Sabbatini war mat der Agnese Brancaleone bestuet. Hie war de Papp vun der Bettina Sabbatini.
Seng Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Torcular calcavit Dominus [virgini filiae Iuda]. De Relief "Christus dämmelt am Kelter" gouf 1957 baussen um 'alen' Tuerm vun der Schwéidsbenger Kierch ubruecht.
- D'Monument fir den George S. Patton mam Aadler drop, um Patton Square zu Ettelbréck
- Reliefaarbechten un der Neier Bréck
- Reliefaarbechten um Escher Stadhaus
- Skulptur beim Fatima-Monument zu Wolz
- De Marienaltor an d'Relieffer am Steen un de Säitenaltär an der Grenzerkierch zu Esch
- "Wäimadonna" zu Schwéidsbeng (1955)
- D'Monument aux morts zu Luerenzweiler
- Vill Skulptur-Aarbechten a Kierchen an u Monument aux morts zu Lëtzebuerg