Kierch Schwéidsbeng

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Schwéidsbeng
Parkierch vu Schwéidsbeng (2012)
Parkierch vu Schwéidsbeng (2012)
Uertschaft / Plaz Schwéidsbeng
Par Schwéidsbeng
Dekanat Réimech
Numm / Patréiner Hl. Pirminus
Konsekratioun 1926
Koordinaten 49° 31’ 54.8’’ N
06° 21’ 14.5’’ O
Kierchen - Kapellen
De Banneraum vun der Kierch (2013)
Fréier Dafkapell
Lëscht vun de Paschtéier am Agank

D'Kierch zu Schwéidsbeng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Schwéidsbeng, zum Parverband Schengen-Wellesteen, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Réimech an zu der Gemeng Schengen gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Daniel Graul vu Rëmerschen.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Pirminus, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft direkt op der Haaptstrooss (route du Vin), dem CR152). D'Kierch ass charakteristesch duerch hir zwéin Tierm. Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng Kapell zu Schwéidsbeng ass fir d'éischt 1335 an engem Dokument ernimmt ginn. De Klackentuerm, den hënneschte vun den zwéin Tierm, staamt aus dem 15. Joerhonnert. Den hellege Fiakrius als Patréiner vun der Kierch ass am Joer 1635 dokumentéiert. Am Joer 1738 ass de Patrozinium vun der Kierch op den hellege Pirminus geännert ginn.

Am Joer 1806 gouf Schwéidsbeng eng selbstänneg Par an domat gouf d'Kierch eng Parkierch. D'Kierch gouf dann 1841 vergréissert. Vun 1920 bis 1925 ass d'Haaptschëff ausgebaut ginn: d'Dafkapell am Aganksberäich an den 2. Kierchtuerm mam der Trap op den Duxall sinn nom Virbild vun der romanescher Basilika St. Aposteln vu Köln gebaut ginn. 1923 ass och den neie Kierfecht ageweit ginn. Am Joer 1926 huet de Bëschof Nommesch déi ëmgebaut Kierch konsekréiert.

1938 sinn zwou nei Klacken (Consolatrix- an Donatusklack) ageweit ginn an zesumme mat der Pirminus-Klack aus dem Joer 1883 kënne vun do un d'Ufanksnoute vum Te Deum gespillt ginn.

Am Joer 1963 ass d'Kierch renovéiert ginn; en neit Verwëllef ass agezu ginn, dräi Altär, d'Kommuniounsbänk, de Kräizwee, d'Krëpp, d'Statue vum Hl. Kunibert an Anna selbdritt sinn ugeschaaft ginn. 1964 sinn nei Mosaikbiller ubruecht ginn déi am Atelier Gerasimenko zu Wien hiergestallt goufen.

1977 huet de Bëschof Hengen en neien Altor ageweit.

Kierch vu Bannen[änneren | Quelltext änneren]

Am Aganksberäich ass lénks déi fréier Dafkapell, haut steet doran eng Muttergottesstatu. Riets sinn op enger hëlzener Tafel nieft dem Missiounskräiz d'Nimm vun de Paschtéier opgefouert, déi zu Schwéidsbeng waren.

Den Haaptmosaik hanner dem Altor stellt de Christus duer deen an engem Riefstack sëtzt. Lénks dovun ass den Hl. Fiakrius a riets den Hl. Pirminus ze gesinn.

Iwwer dem lénkse Säitenaltor ass d'Maria, Tréischterin am Leed, iwwer de Kierche vun der Stad Lëtzebuerg a vu Schwéidsbeng ze gesinn.

Iwwer dem rietse Säitenaltor ass den Hl. Jousef mam jugendleche Jesus an engem Wäikelter.

D'Kierchefënstere goufen 1925 vum Nicolas Brücher entworf a vun der Firma J. Koppes vun Altwis zesummegesat.

Laanscht d'Säitewänn si Statue vu verschiddenen Hellegen opgestallt: Hl. Fiakrius, Hl. Pirminus, Hl. Kunibert, Péitrus vu Mailand, Hl. Willibrord. Um Duxall si Statue vum Hl. Hipolitus an eng Anna selbdritt Grupp (Jesuskand mat Maria an hirer Mamm Anna) opgestallt.

Hanne lénks am Eck steet en hëlzene Beichtstull.

Paschtéier vu Schwéidsbeng[änneren | Quelltext änneren]

  • 1806-1814, Michael Ernst, Gierleng
  • 1814-1839, J.P. Jos. Reuter, Käerch
  • 1839-1852, Petrus Jacoby, Biekerech
  • 1853-1854, J.P. Roeser, Bech-Maacher
  • 1854-1857, Jacobus Missy, Lëtzebuerg
  • 1857-1860, Nicolaus Theis, Dikrech
  • 1860-1873, Joseph Menningen, Iechternach
  • 1873-1884, Michael Kraus, Miersch
  • 1884-1885, Joannes Francq, Esch-Uelzecht
  • 1885-1893, Theodorus Weymerskirch, Dummeldeng
  • 1893-1907, Theodorus Boever, Maarnech
  • 1907-1920, Petrus Collignon, Bäerdref
  • 1920-1939, Hieronymus Lemmer, Biwer
  • 1939-1959, Franciscus Frieden, Stadbriedemes
  • 1959-1965, Norbertus Manderscheit, Weimeschkierch
  • 1965-1974, Leopoldus Majerus, Wal
  • 1974-1981, Renatus Carmes, Esch-Uelzecht
  • 1981-1984, Arthurus Rischette, Bouneweg
  • 1984-1986, Teophilus Weirich, Gouschteng
  • Emilius Ley, On
  • 1986-1988, Martin Wiltzius, Schwéidsbeng
  • 1988-1996, Norbert Schram, Wëntreng
  • 1996-2006, Franciscus Terzer, Rëmeleng
  • 2006-, Dr. Patricius Hubert, Bäerdref

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Schwéidsbeng – Biller, Videoen oder Audiodateien