Hellege Fiakrius
Hellege Fiakrius | |
---|---|
Den Hellege Fiakrius mat engem Spuet an engem Buch - Miniatur aus den Heures de Simon de Varye | |
Titel | |
Biographie | |
Gebuer |
607 Irland (Insel) |
Gestuerwen |
668 Meaux |
Graf | Kathedral vu Meaux |
Nationalitéit | Dalriada |
Aner Informatiounen | |
Statut | Helleg |
Gedenkdag | 30. August |
Den hellege Fiakrius (oder Fiacrius), och nach bekannt als Fiacrius vu Meaux oder Fiacrius vu Brie, gebuer ëm 607 zu Connacht an Irland a gestuerwen ëm 668 zu Meaux war en iresche Klausener deen am 7. Joerhonnert vun Irland aus a Frankräich geseegelt ass fir do als Gäertner an Anachoret ze liewen. Nodeem hien a Frankräich ukomm war, huet hien do d'Klouschter Breuil mat engem Spidol gegrënnt. Doraus huet sech mat der Zäit d'Uertschaft Saint-Fiacre-en-Brie am Departement Seine-et-Marne entwéckelt.
Obwuel hien am siwente Joerhonnert gelieft soll hunn, gëtt säin Numm eréischt 1170 an iresche Martyrologien ernimmt.
Den Numm an aner Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]- Däitsch: Fiakrius
- Franséisch: Fiacre, Varianten: Fèfre oder Fèvre
- Italieenesch: Fiacrio
- Latäin:Fiacrus
Patréiner
[änneren | Quelltext änneren]Den hellege Fiakrius ass de Patréiner vun de Gäertner, den Taxichaufferen an de Koloproktologen.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Fiakrius z'erënneren, huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg de 4. Juli 1930 decidéiert, zu Weimeschkierch eng Strooss no him ze nennen: d'Rue Saint-Fiacre.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anne Wienert a Volker Wienert: St. Fiakrius – Schutzpatron der Koloproktologen, In: coloproctology Volume 27, Number 4 / August 2005, Urban & Vogel, ISSN 0174-2442
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Lëtzebuerg-Millebaach
- Fiaker
- Gärtnerbruderschaft St. Fiacrius
- Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hellege Fiakrius – Biller, Videoen oder Audiodateien |