Kierch Lëtzebuerg-Millebaach
Ausgesinn
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Millebaach | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Fiakrius | |||
Konsekratioun | 15.3.1964 | |||
Architekt(en) | Robert Leer | |||
Koordinaten | 49° 37’ 49.9’’ N 06° 07’ 05.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch an der Millebaach ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Fiakrius, deem säi Fest den 30. August gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue Jean-Pierre Huberty mat der rue des Sept-Arpents an der rue Emile Metz.
Zur fréierer Par Weimeschkierch gehéieren ausser der Filial Millebaach och nach d'Parkierch vu Weimeschkierch, d'Filialkierch vum Kierchbierg an d'Filialkierch vun Dummeldeng.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- Spéitsummer 1961: De Bagger fänkt un, e Lach ze gruewen.
- 1. Mee 1962: De Grondstee gëtt geluecht.
- 30. September 1962: D'Klacke gi geweit.
- Advent 1963:Déi éischt Mass gëtt am Kiercheraum gehalen.
- 15. Mäerz 1964: Konsekratioun vun der Kierch.
- Oktober 1972: Éischte Concert op der Uergel.
De Kräizwee
[änneren | Quelltext änneren]De Kräizwee ass vum Foni Tissen.