Op den Inhalt sprangen

Beruffschamber

Vu Wikipedia
Dësen Artikel oder Abschnitt stellt haaptsächlech eng Beschreiwung vun der Situatioun zu Lëtzebuerg duer.
Hëlleft wgl. mat d'Situatioun an anere Länner ze beschreiwen.

Zu Lëtzebuerg sinn d'Beruffschamberen (och: Beruffskummeren, fr. chambres professionnelles) offiziell, gesetzlech Organer, deenen hir Haaptaufgab dodra besteet, d'Interessie vun de jeeweilege Beruffsgruppen z'erhalen an ze verdeedegen, andeems se dem Staat hir Usiichten ënnerbreeden. Se hunn eng juristesch Perséinlechkeet vum ëffentleche Recht a baséieren op dem Artikel 128 §2 vun der Verfassung:

„La loi peut créer des chambres professionnelles, qui ont la personnalité juridique“

Dem Lëtzebuerger Recht no muss d'Regierung, wa se Gesetzer oder Reglementer aféiere wëll déi eng bestëmmt Beruffsgrupp betreffen, eng offiziell Stellungnam vun der jeeweileger Beruffschamber froen.

Jiddereen deen zu Lëtzebuerg schafft oder pensionéiert ass an deen an d'Zoustännegkeet vun enger vun de Beruffschambere fält, ass zwangsleefeg Member vun dëser Chamber. D'Zesummesetzung vun de Beruffschambere gëtt duerch Wale bannent all de Beruffsgruppe bestëmmt, fir déi déi eenzel Kummeren zoustänneg sinn. All Member, ob Lëtzebuerger oder Auslänner, kann en aktiivt a passiivt Walrecht ausüben. D'Fonctionnement vun enger Beruffschamber entsprécht dem Prinzip vun der Selbstverwaltung.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sozialwalen.

Den 10. Juli 1920 gouf d'Gesetz vum 28. Juni 1920 iwwer d'Grënnung vun enger Chambre de travail op Wielerbasis[1] am Mémorial publizéiert. Dat Gesetz gouf awer net an där Form ëmgesat an et gouf 1924 duerch dat neit Gesetz iwwer d'Beruffschamberen ofgeschaaft an ersat.

1924 gouf et, op Basis vum Gesetz vum 4. Abrëll 1924 iwwer d'Grënnung vu gewielte Beruffschamberen[2], fënnef Beruffschamberen. Et waren dat[3]:

  1. d'Chambre d'agriculture (Landwirtschaftskummer)
  2. d'Chambre des artisans (Handwierkerkummer); 1945 ëmgenannt an Chambre des métiers[4]
  3. d'Chambre de commerce (Handelskummer)
  4. d'Chambre des employés privés (Privatbeamtekummer)
  5. d'Chambre de travail (Aarbechterkummer)

Duerch d'Gesetz vum 12. Februar 1964 gouf d'Chambre des fonctionnaires et employés publics als sechst Beruffschamber gegrënnt[5].

Den 1. Januar 2009 gouf op Basis vum Gesetz vum 13. Mee 2008 iwwer d'Aféiere vum Eenheetsstatut fir Salariéen am Privatsecteur[6] d'Chambre des salariés gegrënnt. Si ass aus der Fusioun vun der Chambre des employés privés mat der Chambre de travail ervirgaangen.

Duerno goufen et nach weider Upassungen vum legale Kader: engersäits mat der Reorganisatioun vun der Handelskummer am Joer 2010[7] a vun der Handwierkerkummer dat Joer duerno[8].

Verschidde Beruffschamberen

[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt fënnef Beruffschamberen zu Lëtzebuerg:

Fir d'Patronat

[änneren | Quelltext änneren]
  • d'Chambre de commerce (Handelskummer): fir all physesch Persounen déi eng kommerziell, industriell oder finanziell Aktivitéit ausüben, gradewéi fir all juristesch Persounen, déi d'Form vun enger Handelsgesellschaft ugeholl hunn, souwéi fir all Filialen vun auslännesche Gesellschaften, déi eng kommerziell, industriell oder finanziell Aktivitéit ausüben;
  • d'Chambre des métiers (Handwierkerkummer): ëmfaasst all natierlech oder juristesch Persounen déi sech am Haapt- oder Nieweberuff als Handwierker etabléiert hunn;
  • d'Chambre d'agriculture (Landwirtschaftskummer): zur hir gehéiere besonnesch Baueren, Wënzer, Véi- a Beemziichter, Gaardebauer, Gäertner, Geméisbaueren a Fëschziichter, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn an do hiren Haaptberuff ausüben;

Fir d'Salariat

[änneren | Quelltext änneren]
  • d'Chambre des fonctionnaires et employés publics (Staatsbeamtekummer): fir d'Beamten an d'Mataarbechter vum Staat, den ëffentlechen Institutiounen an de Gemengen, souwuel déi aktiv wéi och déi pensionéiert;
  • d'Chambre des salariés (Salariatskummer): zu där gehéieren déi Mataarbechter, déi ënner engem Aarbechtsvertrag schaffen, deen dem Code du travail ënnerläit, gradewéi d'CFL-Beamten an d'Pensionären vun deene Secteuren.

D'Beruffschamberen hunn eng consultativ Roll bei alle Gesetzes- a Reglementstexter, déi hir Membere betreffen. Fir d'Gesetzesprojeten a -propositiounen, souwéi groussherzoglech oder ministeriell Reglementer (an och fir all Amendementer dovun), muss den Avis vun der betraffener Chamber gefrot ginn, ausser et gëtt eng spezifesch Ausnam am Gesetz. Wann e Projet verschidde Beräicher ofdeckt, muss all relevant Chamber consultéiert ginn.

Déi eenzel Chambere kënnen och selwer d'Initiativ huele fir Stellungnamen zu Themen aus hirem Beräich un d'Regierung ofzeginn. Hir Avisen enthalen normalerweis eng allgemeng Analys an eng detailléiert Iwwerpréiwung vun den eenzelen Artikelen, mat politeschen an heiansdo och juristesche Bemierkungen iwwer d'Auswierkungen déi si fir hir Membere gesinn.

Mat Ausnam vun der Handwierkerkummer, dierf all Beruffschamber der Regierung Propositioune maachen; d'Regierung muss se préiwen an s'eventuell un d'Parlament ginn, wann s'an där hir Kompetenz fält. D'Propositioune vun de Beruffschambere ginn net vum Staatsrot iwwerpréift an d'Chambre des députés muss och net driwwer ofstëmmen, et sief, se géif als offiziell Propositioun de loi vun engem Deputéierten presentéiert ginn.

Et gëtt keng Drénglechkeetsprozedur mat där déi virgeschriwwe Consultatioun kéint ëmgoe ginn; obligatoresch ass awer just fir den Avis ze froen, net awer fir op eng Äntwert ze waarden.

D'Beruffschamberen op der Websäit vun der Lëtzebuerger Regierung:

Internetsitte vun de Kummeren:

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Loi du 28 juin 1920 portant création d'une chambre de travail à base élective
  2. Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective
  3. Reiefolleg esou wéi am Gesetz vun 1924 uginn
  4. Arrêté grand-ducal du 8 octobre 1945 portant réorganisation du statut de la Chambre des Artisans
  5. Loi du 12 février 1964 ayant pour objet de compléter la loi du 4 avril 1924, portant création de chambres professionnelles à base élective par la création d'une chambre des fonctionnaires et employés public
  6. Loi du 13 mai 2008 portant introduction d'un statut unique pour les salariés du secteur privé et modifiant: (...) la loi modifiée du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective
  7. (fr) Loi du 26 octobre 2010 portant réorganisation de la Chambre de Commerce. data.legilux.public.lu (26.10.2010). Gekuckt de 07.02.2026.
  8. (fr) Loi du 2 septembre 2011 portant réorganisation de la Chambre des Métiers et modifiant la loi du 26 octobre 2010 portant réorganisation de la Chambre de Commerce. data.legilux.public.lu (02.09.2011). Gekuckt de 07.02.2026.