Guillermo Haro

Vu Wikipedia
Guillermo Haro
Gebuertsnumm Guillermo Haro Barraza
Gebuer 21. Mäerz 1913
Mexiko-Stad
Gestuerwen 26. Abrëll 1988
Mexiko-Stad
Nationalitéit Mexiko
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun
Herbig-Haro-Objet

De Guillermo Haro, gebuer den 13. Mäerz 1913 zu Mexiko-Stad a gestuerwen de 26. Abrëll 1988 war e mexikaneschen Astronom.

Am Duerchernee vun der mexikanischer Revolutioun ass de Guillermo opgewuess an huet am Ufank Philosophie an der Nationaler Fräier Universitéit Mexiko (UNAM) studéiert. Lues a lues ass säin Interessi a Richtung Astronomie gaangen a 1943 gouf hien als Assistent am nei gegrënnten Observatorio Astrofísico de Tonantzintla beruff. Fir säi Wëssen a seng Kenntnesser ze verbesseren ass hien dann an d'USA gaangen an huet do 1943 an 1944 um Harvard-Observatoire geschafft. Dozou koumen Stippvisitë beim Case Observatoire, op d'University of Chicago a beim McDonald Observatoire an Texas.

1945 goung hien nees zeréck op den Observatorio Astrofísico de Tonantzintla, wou hien d'Schmidt-Teleskop betreit huet. Hien huet sech da mat dem Studium vu rouden a bloe Stäre beschäftegt. 1947 huet hien op den Observatorio de Tacubaya vun der UNAM gewiesselt, wou hien Direkter ginn ass. 1951 huet hien de Boletin de Los Observatorios de Tonantzintla y Tacubaya gegrënnt. Bis 1983 huet hien da fir déi Zäitschrëft geschafft. Donieft grënnt hien 1968 den Observatoire zu Sierra San Pedro Mártir, Baja California, wat elo säin Numm dréit.

Wärend senger Tätegkeet entdeckt hien onofhängeg vum George Howard Herbig déi sougenannt Herbig-Haro-Objeten. Dobäi handelt et sech ëm Gaswolleken, déi zu jonke Stäre gehéieren. Doriwwer eraus stellt hien e Katalog vun 8.746 bloe Stären a vu 44 bloe Galaxien op. Ausserdeem entdeckt hien en ettlech T-Tauri-Stären, eng Supernova, 10 Novaen an de Koméit C/1954 Y1 (Haro-Chavira).

Éierung[änneren | Quelltext änneren]