George Howard Herbig
| George Howard Herbig | |
|---|---|
| Gebuer | 2. Januar 1920 |
| Gestuerwen |
12. Oktober 2013 Honolulu |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun |
Universitéit vu Kalifornien, Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles |
| Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
| Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Astronomical Society |
| Auszeechnungen | Petrie Prize Lecture, Helen-B.-Warner-Präis, Henry Norris Russell Lectureship, Bruce Medail |
|
| |
Den George Howard Herbig, gebuer den 2. Januar 1920, a gestuerwen den 12. Oktober 2013 zu Honolulu op Hawaii, war en US-amerikaneschen Astronom.
Seng Aarbecht
[änneren | Quelltext änneren]1948 krut hie säin Doktertitel (Ph.D.) vun der University of California zu Berkeley. Seng Dissertatiounsaarbecht beschäftegt sech mat T-Tauri-Stären. Déi dozou erfuerderlech Fuerschungen huet hien am Lick-Observatoire gemaach. An de spéidere 60er Joren ass den Observatoire un d'University of California, Santa Cruz, iwwergaangen.
Zu sengen Entwërf gehéiert och den 3m-Shane-Teleskop am Lick-Observatoire. 1988 huet hien op d'Universitéit vun Hawaii gewiesselt, wou hie bis zu sengem Doud geschafft huet.
Fuerschungsschwéierpunkt
[änneren | Quelltext änneren]Säin Haaptaufgabegebitt ware spektroskopesch Ënnersich vu jonke Stären, Stäreformatiounen an interstellare Matièren. Hien huet vill T-Tauri-Stäre fonnt. Onofhängeg vum Guillermo Haro huet en d'Herbig-Haro-Objeten entdeckt. Dobäi handelt et sech ëm Gaswolleken, déi zu jonke Stäre gehéieren.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1955: Helen-B.-Warner-Präis vun der American Astronomical Society
- 1969: Éieremedail vun der Universitéit Léck
- 1975: Henry Norris Russell Lectureship vun der American Astronomical Society
- 1980: Bruce Medal
- 1995: Petrie Prize Lecture vun der kanadescher astronomescher Vereenegung.
