Jean-François Gangler

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur an Iwwersetzer Jean-François Gangler. Fir den Architekt François Gangler, kuckt w.e.g. François Gangler.
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-François Gangler, gebuer de 4. Juli 1788 a gestuerwen den 13. Mäerz 1856 an der Stad Lëtzebuerg, war en Zaldot ënner dem Napoléon, Leitnant am Département des Forêts, Sproocheprofesser zu Prag, Polizeikommissär a vereedegten Iwwersetzer zu Lëtzebuerg.

Bekannt gouf hien 1840 duerch d'Publikatioun vum éischte Lyrikband op Lëtzebuergesch: "Koirblummen um Lamperbiéreg geplekt". 1847 gëtt hien deen éischte Lëtzebuerger Dictionnaire, de "Lexicon der Luxemburger Umgangssprache" eraus. Vun him staamt och ë. a. en Text iwwer den Hämmelsmarsch.

Den Hèmmelsmarsch (Op eng al Volleksweis)

  • Den Hèmmelsmarsch, den ass ons alleguor bekannt,
  • Gedro'n a gebuor'n am Letzebuerger Land,
  • En huot och scho geschalt am Friéme sengem O’r,
  • Dén séch mol font bei ons hei op der Schuoberfo'r.
  • Ass dat net wo'r?


  • Op Kirmessdag, wan en de Kaffemuorgens drénkt,
  • dan heert mer fu fèrn, dat d'Musék entzwo klénkt,
  • Mam Hammel kommen s'un foll Flètschenn a foll Bènn,
  • Op séngem fètte Pèlz, Kokarden one Enn.
  • Gelêt fum Menn.


  • A Plèttlen selverweiss an Tèll're fonkelnei,
  • Fu Jongen gedro'n hofreg op hirt Gezei,
  • Se gin iéch stolz am Takt an hun èng Freed am Leif,
  • Als hètten se gewonn en Hammel an der Scheif.
  • De Krag foll Steif.


  • Fu Kanner emzéngt de Bruzéck get em d'Stad gefeert,
  • Bei d'Stadhèrn an ’t gudd Birg’r mat em agekeert.
  • De Foermêschter héllt mat Gravitet sei Sproch,
  • Da kemt Dreppchen erbei mat èngem Maufel Koch,
  • E Stéck Ham och.


  • De ganzen Opzog get zur Neipuort dan ’raus,
  • Mam Hammel op d'Kélebènk an dan och an d'Schesshaus,
  • Da get derfir geschosst mat Klatzen a mat Blei,
  • an den en da gewennt, den hèllt èng Rommenei*, (*Emzock)
  • Mat séngem M'rei.


  • E kritt èng Lorberstrauss mat faarw’ge Bènner drun,
  • Mat Vivat Alles stemmt den Hèmmelsmarsch dan un,
  • An ho! ’tget dra geruff, an ho! ’tget dra gejaut,
  • Dat muoncher Damm iéch méngt si krit èng Héngerhaut.
  • O du lef Braut.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

Vum Gangler[änneren | Quelltext änneren]

  • Lexicon der Luxemburger Umgangssprache (wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird)..., Lëtzebuerg 1847.

Iwwer de Gangler[änneren | Quelltext änneren]

  • Emmel, Fernand: "Jean-François Gangler (1788-1856): une vie au service de la Ville de Luxembourg et de la langue luxembourgeoise". In: Annuaire / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik, 1997, S. 5-208, ill., tabl., carte en ann.
  • Emmel, Fernand: "Register des Polizeikommissar Gangler". In: Bulletin n°35 des Anciens de l'Athénée, 2015, S. 68-93, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]