François Gangler
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt François Gangler. Fir den Auteur an Iwwersetzer Jean-François Gangler, kuckt wgl. Jean-François Gangler. |
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
François Gangler | |
---|---|
Gebuer | 1. Abrëll 1898 |
Gestuerwen | 24. Juli 1971 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
De François Gangler, gebuer den 1. Abrëll 1898 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 24. Juli 1971, war e lëtzebuergeschen Architekt.
No senge Secondairesstudien an der Stater Industrieschoul huet de François Gangler op der Ingenieur-Akademie Wismar an Däitschland studéiert an do 1921 säin Diplom als Ingenieur-Architekt kritt.
Vun 1923 bis 1959 huet hien als Architekt bei der "Société nationale des habitations à bon marché" (SNHBM) geschafft.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Gebai vun der SNHBM um Belair
- Cité Christoph Colomb zu Gaasperech
- Cité Léon Metzler zu Bouneweg
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 194