Op den Inhalt sprangen

Lexicon der Luxemburger Umgangssprache

Vu Wikipedia
Bannescht Titelsäit vum Lexicon...

De Lexicon der Luxemburger Umgangssprache, 1847 vum Jean-François Gangler geschriwwen, war deen éischten Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuergesch Dictionnairen.

En ass beim V. Hoffmann an der Stad Lëtzebuerg erauskomm. Den Titel a senger voller Längt beschreift am beschten, wat drasteet:

Lexicon
der
Luxemburger Umgangssprache
(wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird)
mit
hochdeutscher und französischer Uebersetzug
und Erklärung,
verbunden
  1. mit Vergleichen aus dem Celtischen, dem Mittelalter, dem Mittellatein, dem Teutonischen, Ober- und Niederdeutschen, Angelsächsischen, Englischen, Italienischen, Spanischen, der Gaunersprache, u. s. w.;
  2. mit den Kunstausdrücken der verschiedenen bürgerlichen Gewerbe;
  3. mit den üblichen Sprüchwörtern und Redensarten;
  4. mit den eingebürgerten französischen Wörtern, und mehreren auf das Wort passenden Anecdoten und Wahlsprüchen,
von
J. F. Gangler,
vereidetem Uebersetzer beim Gerichtshofe zu Luxemburg.

Am Virwuert schreift de Gangler, firwat en deen Dictionnaire geschriwwen huet: "Schon längern Jahren ging der Verfasser mit dem Gedanken um, etwas Gemeinnützliches, und in die bürgerlichen Beziehungen Eingreifendes in seiner Muttersprache zu leisten". Bei sengen Iwwersetzungsaarbechten hätt en ëmmer nees vermësst, datt et keen Dictionnaire an d'Däitscht oder Franséischt géif, an dofir d'Decisioun geholl, selwer een ze schreiwen.

  • Gangler, J.-F., 1847. Lexicon der Luxemburger Umgangssprache (wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird) / mit hochdeutscher und französischer Uebersetzung und Erklärung,... 495 p., 23 cm. V. Hoffmann, Luxemburg. (Originaleditioun)
  • Gangler, J.-F., 1973. Lexicon der Luxemburger Umgangssprache (wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird) / mit hochdeutscher und französischer Uebersetzung und Erklärung,.... Onverännerten Nei-Drock vun der Editioun vun 1847, 495 S., 21 x 15 cm. Verlag Martin Sändig, Wiesbaden.
  • Gangler, J.-F., 2002. Lexicon der Luxemburger Umgangssprache (wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird) / mit hochdeutscher und französischer Uebersetzung und Erklärung,.... Onverännerten Nei-Drock vun der Editioun vun 1847, 495 S., 22 cm. Sändig Reprint Verlag, Vaduz. ISBN 3-253-02673-6.