Op den Inhalt sprangen

François Valentiny

Vu Wikipedia
François Valentiny
Gebuer 13. Mäerz 1953
Rëmerschen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt
Famill
Kanner Anna Valentiny
Websäit http://www.valentinyarchitects.com/

De François Valentiny, gebuer den 13. Mäerz 1953 zu Rëmerschen, ass e lëtzebuergeschen Architekt.

De François Valentiny huet op der École d'architecture de Nancy an der Universität für angewandte Kunst zu Wien beim Professer Wilhelm Holzbauer op Magister studéiert.

Zanter 1980 ass hien de Partner vum Hubert Herman mat deem hien zanter 1997 den Architekturbureau "hermann & valentiny und partners" / "hermann & valentiny et associés architectes s.à.r.l." (Wien / Rëmerschen) bedreift.

Hien huet och ënner anerem de Lëtzebuerger Tuerm um Tréierer Petrisberg an zesumme mat sengem fréiere Professer Wilhelm Holzbauer den Ëmbau vum Salzburger klenge Festspillhaus an d'Haus für Mozart entworf.

De François Valentiny ass de Papp vun der Anna Valentiny.[1]

  • Goldenes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[2].
Haus für Mozart, de Sall
Haus für Mozart, Entrée
Lëtzebuerger Tuerm vun der Säit
Gemeng zu Duelem
 Commons: François Valentiny – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Clarinval. F, 2025. d'Lëtzebuerger Land vum 5. Dez. 2025, S. 17-18.
  2. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten