Mont Blanc (Alpen)

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mont Blanc
Héicht: 4.808,75 m
Lag: Frankräich/Italien
Bierger: Massif du Mont Blanc
Déi Éischt op der Spëtzt: 8. August 1786: Jacques Balmat a Michel Paccard
De Mont Blanc

De Mont Blanc, (ital.: Monte Bianco), 4.808,75 m héich, ass e Bierg an den Alpen tëscht Frankräich an Italien. Et ass den héchste Bierg vun den Alpen am Massif vum Mont Blanc an der Haute-Savoie (Frankräich) an am Aoste-Dall (Italien).

Mat senge 4.808,75 m, déi 2005 gemooss goufen, ass et den héchste Bierg vu Westeuropa an de 5. héchste Bierg vu ganz Europa. Am Kaukasus gëtt et nämlech nach véier Biergspëtzen, déi méi héich sinn: den Elbrouz 5.642 m, den Dykh Tau (5.203 m), de Chkhara (5.058 m) an de Kazbek (5.047 m).

Am Massif vum Mont Blanc gëtt et vill Gletscher, wéi d'Mer de Glace an de Glacier des Bossons um Nordhang.

Eng vun de bekanntste Wantersportsuertschaften an der Noperschaft vum Mont Blanc ass Chamonix.

De Mont-Blanc-Tunnel ass eng wichteg Stroosseverbindung (Europastrooss E25) tëscht Frankräich an Italien.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Klotergeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Stefano Ardito: Mont Blanc. Die Eroberung eines Bergmassivs. K. Müller Verlag, Erlangen 1996, ISBN 3-86070-294-7

Fotogalerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mont Blanc – Biller, Videoen oder Audiodateien