Albert Uderzo

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Albert Uderzo
Albert Uderzo 2012.jpg
Gebuertsnumm Alberto Aleandro Uderzo
Pseudonym Uderzo
Gebuer 25. Abrëll 1927
Fismes
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Comicauteur, Moler, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Filmregisseur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Albert Uderzo, gebuer de 24. Abrëll 1927 zu Fismes a Frankräich ass e franséische Comicszeechner. Hien ass virun allem wéinst senge Publikatioune vum Astérix zesumme mam René Goscinny bekannt ginn a gehéiert zu de wichtegste Vertrieder vun der sougenannter Bande dessinée franco-belge.

Liewenslaf[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet an Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Den Albert Uderzo, mam richtegen Numm Alberto Aleandro Uderzo, koum 1927 als Kand vun italieeneschen Immigranten zu Fismes an der Marne op d'Welt. Schonn an der Spillschoul beweist hie säin aussergewéinlecht Talent am Zeechnen. Seng éischt Zeechnunge si virun allem um Walt Disney sengem Held Mickey Mouse inspiréiert. Schonn als Kand dreemt den Albert Uderzo vun enger Carrière an der Zeechenindustrie.

Unfank als Comicszeechner[änneren | Quelltext änneren]

Dem Albert Uderzo säi Bruder Bruno ass vun him sengem Talent iwerzeegt a schléit em vir, fir sech bei engem Paräisser Éditeur ze mellen. Den Albert Uderzo kritt schliisslech 1941 eng Plaz bei der Société parisienne d'édition ugebueden a schafft do fir ee Joer wärend dem Zweete Weltkrich. Seng éischt Zeechnung Le Corbeau et le Renard gouf 1941 an enger Kannerzeitung verëffentlecht. Wärend senger Aarbecht bei der SPE, léiert hien déi grondleeënd Technike vum Zeechne kennen. 1945 kritt den Albert Uderzo eng Plaz als Zeechner bei engem Animatiounsstudio, mä hie mierkt zimmlech séier, datt d'Animiatiounsbranche näischt fir hien ass. De Patron vum Animatiounstudio freet hie fir d'Zeechnunge vu senger Karikatur Flamberge, gentilhomme gascon z'iwwerhuelen, wat den éischte verëffentlechte Comic vum Albert Uderzo gouf. Kurz drop, 1946, gewënnt den Albert Uderzo e Concours a kann nach e weidere Comic publizéieren. 1947, no sengem Militärdéngscht, gëtt hien als Zeechereporter bei der Zäitschrëft France Dimanche engagéiert a schafft do ënner anerem nach fir zwou Presseagencen, wou hien och dem Jean-Michel Charlier an dem Victor Hubinon begéint.

Éischt Zesummenaarbecht mam René Goscinny[änneren | Quelltext änneren]

1951 léiert den Albert Uderzo de René Goscinny kennen, dee grad aus den USA zréckkomm ass. Hir éischt Zesummenaarbecht gëtt an der Fraenzäitschrëft Bonnes Soirées publizéiert. Kuerz drop entsteet de Personnage vum Oumpah-Pah, deen awer kee Succès bei amerikaneschen a franséischen Éditeure fënnt an duerfir e bësse méi spéit an enger iwerschaffter Versioun am Hergé sengem Tintin verëffentlecht gett. 1955 grënnen den Uderzo an de Goscinny zesumme mat den Zeechner Jean-Michel Charlier a Jean Hébrard d'Societéiten Edipresse an Edifrance, eng Presseagence an eng Publicitéitsagence. Sou kënnen déi dräi Zeechner eegestänneg an onofhängeg schaffen. Mä et ass zu där Zäit net einfach de Liewensënnerhalt mam Zeechne vu Karikaturen ze verdéngen an dofir musse si vill Zeechnungen an enger Woch realiséieren.

1959 grënnen den Albert Uderzo, de René Goscinny, de Jean-Michel Charlier, de Jean Hébrard an de François Clauteaux d'Kanner- a Jugendzäitschrëft Pilote. Dora ginn den 29. Oktober 1959 déi éischt Zeechnunge vu Les Aventures d'Astérix le Gaulois verëffentlecht. D'Zäitschrëft huet direkt ee groussen Erfolleg an et gi schonn den éischten Dag 300.000 Hefter verkaaft. Déi éischt Albume vun Astérix le Gaulois koumen 1961 eraus.

Zeechner vun Astérix 1960-2010[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst dem groussen Erfolleg vum Astérix gëtt den Albert Uderzo vun 1960 un, all seng aner Aarbechte lues an lues of, fir sech zesumme mam René Goscinny méi Zäit bei der Kreatioun vum Astérix ze huelen. Sou kënnt et, datt den Uderzo an de Goscinny 1962 och hir Mataarbecht beim Tintin, mat hirer Figur "Oumpah-Pah", opginn.

1974 grënnen den Uderzo an de Goscinny, zesumme mam Éditeur Georges Dargaud, d'Studios Idéfix , fir kënne Filmrealisatioune vum Astérix ze kontrolléieren. Den éischte Film vun de Studios Idéfix ass 1976 Les Douze Travaux d'Astérix. 1977 stierft de René Goscinny an de Studio Idéfix mécht seng Dieren zou. Den Albert Uderzo decidéiert fir aleng mat de Publikatioune vum Astérix weiderzemaachen. Den Album Astérix chez les Belges, deen 1979 publizéiert gëtt, ass de leschten Album, un deem de René Goscinny nach matgeschafft huet. Am selwechte Joer grënnt den Albert Uderzo d'Éditions Albert-René a bréngt tëscht 1980 an 2009 am Ganzen 10 nei Albumen eraus. Säin éischten Album heescht Le Grand Fossé a kënnt 1980 eraus. Zanter datt hien d'Zeenarie vun den Astérix-Albume selwer schreift, ginn déi, besonnesch zanter 2000, ëmmer nees kritizéiert, wat hir Qualitéit ugeet. Ma se bleiwe weiderhin e groussen Erfolleg a gehéiere bis haut zu den am meeschte verkaafte Bande-dessinéeën a ganz Europa.

An den 1990er Jore kloen den Albert Uderzo an dem René Goscinny seng Famill géint den Éditeur Dargaud, deen déi éischt Albume vum Astérix publizéiert hat. Dobäi ass et ëm d'Sue gaangen, déi mat deenen Albumer am Ausland verdéngt goufen. 1998 verléiert den Éditeur Dargaud seng Rechter un den éischten Albumen an den Uderzo decidéiert, fir d'Rechter un Hachette ze verkafen. 1999 kritt den Albert Uderzo de Grand Prix du millénaire um Festival de la Bande-dessinée d'Angoulême iwwerreecht.

Am Unfank vun den 2000er Joren kënnt et zu engem Sträit tëscht dem Albert Uderzo a senger Duechter Sylvie, déi bis dohin d'Éditions Albert-René géréiert huet, an den Albert Uderzo huet hir d'Leedung vum Verlag ewechgeholl. 2008 verkafen den Albert Uderzo an dem verstuerwene René Goscinny säi Meedchen Anne Goscinny hir Undeeler um Verlag Albert-René un Hachette. Doropshi gëtt et Sträit tëscht dem Albert Uderzo a sengem Meedchen, wobäi et ëm de Patrimoine vum Astérix geet.

Zanter 2010 zitt den Albert Uderzo sech ëmmer méi aus der Produktioun vum Astérix zréck. 2015, kuerz nom Attentat op d'Satirezeitung Charlie Hebdo, publizéiert den Albert Uderzo eng Zeechnung, wou een den Astérix gesäit soen: "Moi aussi je suis Charlie!". Och op de sozialen Netzwierker konnt een eng Zeechnung vum Albert Uderzo gesinn, déi den Astérix an den Obélix an Trauer weist. Déi Zeechnung hat den Albert Uderzo ursprénglech nom Doud vum René Goscinny 1977 gezeechent, awer bis dohin ni verëffentlecht.

Säin Anfloss[änneren | Quelltext änneren]

Den Albert Uderzo huet zesumme mam René Goscinny e groussen Afloss op d'Welt vun der europäescher Karikatur a besonnesch op de Style franco-belge am 20. Joerhonnert bis an d'21. Joerhonnert eran. 1980 huet den Albert Uderzo en etlech Zeechnungen am Film L'Avare réaliséiert an 1996 hunn e puer Auteuren him den Album Uderzo croqué par ses amis gewidmet. Et gouf och e Präis fir Karikaturen deen nom Albert Uderzo benannt war, de Prix Albert-Uderzo.

Nofolger vun 2013 un[änneren | Quelltext änneren]

2013 huet den Albert Uderzo misse mat der Produktioun vum Astérix ophalen, well seng wéi Hand et him net méi erlaabt huet ze zeechnen. Den Didier Conrad an de Jean-Yves Ferry hunn d'Realisatioun vum Astérix iwwerholl. Si hu bis 2018 dräi Bänn erausginn: 2013 koum den Album Astérix chez les Pictes eraus, 2015 Le papyrus de César, an 2017 Astérix et la Transitalique.

Verfilmungen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft den Zeechentrickfilmer mat deene mam Astérix le Gaulois 1967 ugefaange gouf, gëtt et am Ganze véier Verfilmunge vum Albert Uderzo a René Goscinny hiren Albumen. Den éischte Film, deen 1999 erauskoum, war Astérix et Obélix contre César. Déi zweet Verfilmung gouf 2002 ënnert dem Numm Astérix et Obélix: Mission Cléopatre publizéiert. Den drëtte Film, Astérix aux Jeux Olympiques koum 2008 an d'Kinoen an déi bis elo rezentst Verfilmung ass den Astérix et Obélix: Au service de Sa Majesté vun 2012.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]