Hergé
Hergé | |
---|---|
Gebuertsnumm | Georges Prosper Remi |
Gebuer |
22. Mee 1907 Etterbeek |
Gestuerwen |
3. Mäerz 1983 Woluwe-Saint-Lambert - Sint-Lambrechts-Woluwe |
Doudesursaach | Leukemie |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Cartoonist, Schrëftsteller, Comicauteur, Dréibuchauteur, Illustrateur, Zeechner, Timberszeechner |
De Georges Rémi, besser bekannt ënner sengem Pseudonym Hergé, gebuer den 22. Mee 1907 zu Etterbeek, a gestuerwen den 3. Mäerz 1983 zu Bréissel, war e belsche Comicauteur an -zeechner.[1][2] Hien ass haaptsächlech fir säin Haaptpersonnage, den Tintin bekannt. Wéinst sengem Erfolleg a ganz Europa gëllt hien als de Papp vun der Bande-Dessinée.
"Hergé", op Franséisch ausgeschwat, setzt sech aus den Initialen "R. G." vu sengem Numm zesummen.[3]
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Kandheet a Jugend
[änneren | Quelltext änneren]De Georges Rémi ass an der Gemeng Etterbeek, bei Bréissel, gebuer. Säi Papp, den Alexis Rémi a seng Mamm, d'Elisabeth Dufur koumen aus der belscher Mëttelklass.
De belschen Zeechner huet, obwuel hien dacks geplënnert ass, seng ganz Kandheet zu Bréissel gelieft. Sengen Elteren no, war hien als Kand schwéier ze geréieren, zemools an der Schoul. Hien huet fréi eng Léift fir d'Zeechnen entwéckelt, awer och fir déi amerikanesch an indianesch Kultur. Hie war als Kand just zefridde wann hien zeechne konnt. Seng éischt Biller huet de Georges Rémi mat nëmme 4 Joer gemoolt. Nieft dem Zeechne war den "Hergé" bei de Bréisseler Scouten aktiv. Hie selwer gesäit d'Scouten, bei déi hie mat 11 Joer koum[2], als dat Wichtegst a senger Jugend un. D'Scouten hunn him erlaabt vun Doheem erauszekommen an aner Plaze vun der Welt wéi Italien, d'Schwäiz oder Frankräich z'entdecken. Et ass och wärend deenen "Camps" am Ausland, wou hien am meeschte gezeechent huet a seng éischt Skizze gemach huet. Vun 1921 un, gi seng Skizzen an der Schülerzeitung an am Magazine "Le Boy-Scout" verëffentlecht.[1][4] Well hie fir de Scoutemagazinn skizzéiert huet, konnt hie wärend senger Jugend sou seng zwou Passioune kombinéieren. Seng Skizze signéiert hie, scho vun 1924 un, mat sengem weltberühmte Pseudonym "Hergé".[2] Obwuel hie seng zwéin Hobbyen ausliewe konnt, behaapt de Kënschtler ëmmer erëm eng schwéier Kandheet gehat ze hunn, bedéngt duerch senger Mam hir Krankheet, dem ville Plënneren an der Occupatioun vun der Belsch (1914-1918).
"Je me sentais médiocre et je vois ma jeunesse comme une chose grise, grise".[5] - Hergé
Och wa seng Wierker zu deem Moment nach net bekannt ware, krut hien 1925 eng Plaz beim Quotidien le vingtième siècle, enger kathoulescher an nationalistescher belscher Zeitung, déi ënner der Leedung vum Norbert Wallez stoung.[2] Dee war op den "Hergé" wéinst senger Aarbecht an der Scouterevue opmierksam ginn. Trotz sengem Talent, war dem Hergé säin éischte Passage bei der Zeitung kuerz a wéineg erfollegräich. 1927 huet de jonke Belsch nämlech missen eng Paus mam Zeechnen aleeën, well hie bei d'Arméi agezunn gouf.[1]
Schoul
[änneren | Quelltext änneren]De Georges Rémi huet seng Primärschoul am Athénée Royal d'Ixelles gemaach. Säin éischt Schouljoer war vun der däitscher Occupatioun vu Bréissel am Joer 1914 markéiert. Dei däitsch Dominatioun war och d'Theema vun sengen éischte Biller, déi hien an der Schoul gemoolt huet. No 5 Joer am "Athenée" a mëttelméissege Resultater, krut säi Papp geroden de jonke Georges an den "Institut Saint-Boniface" ze schécken. An där kathoulescher Schoul léiert hie besser a kënnt an d'Scoutsgrupp.[4] Och wann hien de Molpräis vun der Schoul erstaunlecherweis ni gewonnen huet[6], konnt hie fir d'Schülerzeitung zeechnen. 1925 kritt hie säi Schoulofschloss.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]1929 huet dem Hergé seng professionell Carrière bei der Zeitung Le vingtième siècle richteg ungefaangen. Hien huet séier mat der Serie Dem Tintin seng Geschichten déi an der Bäilag Le petit vingtième publizéiert goufen, op sech opmierksam gemaach. "Tintin aux Pays des Soviètes" war déi 1. Série déi den Hergé lancéiert huet. D'Zil vun der Geschicht war et d'Liewen an der Sowjetunioun ënnert dem Stalin op anti-kommunistesch Manéier erëmzeginn. Wéinst sengem Talent gouf hie séier Chefredakter a war ee vun den éischte francophonen Auteuren déi den amerikanesche Comic-Stil iwwerholl hunn.[1][2][4]
An den 1930er Joren, huet hien u sengem Tintin Album weidergeschafft, an huet no der Serie Tintin au pays des Soviets, d'Serien Tintin au Congo an Tintin en Amérique publizéiert.[7] Niewebäi huet hie Les Exploits de Quick et Flupke, Popol et Virginie au pays des Lapinos a Les Aventures de Jo, Zette et Jocko kreéiert.
No deenen erfollegräiche Jore koum eng méi schwéier Zäit op den Hergé duer. Wärend dem Zweete Weltkrich huet hie akkzépteiert fir de Quotidien Le Soir ze publizéieren, deen ënner däitscher Kontroll stoung.[2] Dat huet seng Aarbechtsmethode geännert, well hien net méi just zweemol pro Woch huet misse publizéieren, mä dräi- bis véiermol. Hien huet och misse wärend der Krichszäit seng aktuell Projeten opginn, fir nei Projeten ze starten, déi der dätscher Propaganda méi entsprach hunn. Sou ass den Album Le crabbe aux pinces d'or[2] entworf ginn. Dat huet seng Reputatioun däitlech verschlechtert an him gouf Kollaboratioun mam däitsche Feind virgeworf.
1946 gëtt hien awer vum Raymond Leblanc, engem belsche Resistenzler aus deem Lach erausgeholl. Zesumme lancéieren déi zwéi Männer d'Bicher vum Tintin. Dem Tintin seng Geschichten, déi ee bis zu deem Ament just a Revuë liese konnt, ware vum 26. September 1946 un als Zeitungen disponibel[2]: "Le Journal de Tintin". Domat gouf den Hergé weltwäit bekannt, grad sou wéi déi francophone Comicszeen.
De 6. Abrëll 1950, huet den 43-järege seng eegen Entreprise, d'Studios Hergé gegrënnt. Bekannt Artiste wéi de Bob de Moor oder Jacques Martin hu fir den Hergé geschafft.[4] Am Kontext vum Kale Krich a vun den éischte Rumeuren, kënnen op de Mound ze fléien, konzentréiert sech den Hergé op de Projet, den Tintin op de Mound ze schécken. Mat Hëllef vun sengen Zeechner ass dem Hergé säi Projet am Dezember 1953 fäerdeg a sou sinn d'Albumen Objectif Lune an On a marché sur la Lune vollstänneg.
Duerno konzentréiert den Hergé sech op d'Perfektionéiere vu senge Wierker wéi Quick et Fulpke, awer haaptsächlech op den Tintin an entwéckelt an den 1950er Joren de besonnesche Molstil "Ligne claire". Dee Stil huet weltwäit vill Epigone fonnt. Den Hergé huet och d'Formatioun vu sengen Aarbechter, wei z. B. den de Moor, wichteg fonnt, fir datt si seng Wierker weider féiere kéinten. Vun den 1960er Joren u war hie manner aktiv an huet ëmmer manner Geschichte publizéiert. Nodeems hien nach 1966, Vol 714 pour Sydney an 1975 Tintin et les Picaros publizéiert hat, gouf hie krank.
Krankheet an Doud
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1981 un huet dem Hergé seng Gesondheet ugefaange sech ze verschlechteren. Hien huet ëmmer méi u Longeproblemer an un enger Anemie gelidden. Dofir huet hien och opgehalen, virun u senge Wierker ze schaffen. De 25. Februar 1983 gouf hien an d'Spidol ageliwwert, wou hien an de Koma gefall ass. Eeng Woch drop, den 3. Mäerz 1983, ass hien an der Bréisseler Klinick Saint-Luc, am Alter vu 75 Joer, gestuerwen. Op Wonsch vun senger Famill gouf hien um Kierfecht um Dieweg begruewen[2][4].
Privatliewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Hergé war zweemol bestuet. Seng éischt Fra, d'Germaine Kieckens, huet hie beim Vingtième Siècle kennegeléiert. Si war d'Sekretärin vun der Zeitung an déi zwee ware vun 1932 bis 1975 bestuet. Zwee Joer no der Scheedung huet hie sech erëm bestuet, déi Kéier mat der Fanny Rodwell, enger belscher Artistin. D'Bestietnes huet bis zum Hergé sengem Doud, 6 Joer dono, gedauert. Hien hat keng Kanner.[8]
Beléiftheet
[änneren | Quelltext änneren]Erfolleg
[änneren | Quelltext änneren]- Méi wéi 230 Milliounen Exemplare vum Tintin senge Geschichte goufe weltwäit verkaf a goufen an 80 verschidde Sproochen iwwersat.[9]
- Den "Musée Hergé" zu Louvain-la-Neuve huet 2009 seng Dieren opgemaach a ganz vill Ausstellunge ginn him zu Éiere gehalen[10].
An anere Medien
[änneren | Quelltext änneren]- Zwou animéiert Fernseeserië goufen iwwer dem Hergé säin Haaptwierk, dem Tintin seng Geschichten, gedréint: "Hergé's Adventures of Tintin" (1958-1962) an "The adventures of Tintin" (1991-1992)
- Em déi zéng Filmer hu sech um Hergé senge Comics inspiréiert, ënner anerem: "Tintin et le Lac aux Requins" (1972) oder "Tintin et les oranges bleues" (1964). 2011 huet de Steven Spielberg The Adventures of Tintin: The Secret of the Unicorn erausbruecht.
- Souguer Videospiller, speziell an den 1990er Joren, wéi "Tintin in Tibet" (1996) goufen zu Éiere vum Hergé créeiert[11].
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]- Temple de la renommée Jack Kirby (1999)
- Temple de la renommé Will Eisner (2003)
- Prix Adamson du meilleur auteur international (1971)
- Prix Yellow Kid (1972)
- Grand Prix Saint-Michel (1973)
Haaptwierker
[änneren | Quelltext änneren]Totor
Les aventures de Tintin Quick et Flupke Les thriomphes de l'Aigle Rouge Popol et Virgine au pays des Lapions Jo, Zette et Jocko |
1926
1929 1930 1930 1934 1936 |
---|
Réferenzen
[änneren | Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 http://fr.tintin.com/herge
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 2,7 2,8 https://www.bedetheque.com/auteur-82-BD-Herge.html
- ↑ Tintin à Bruxelles
- ↑ 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 http://www.histoire-des-belges.be/quelques-celebrites-belges/herge
- ↑ Extrait de documentaire. N. Sadoul, Tintin et moi, Production Angel, 2003.
- ↑ Le Monde de Tintin (Archives)
- ↑ http://fr.tintin.com/news
- ↑ https://www.grazia.fr/culture/sorties/herge-au-pays-des-femmes-829104
- ↑ http://fr.tintin.com/essentiel
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2018-10-18. Gekuckt de(n) 2018-12-30.
- ↑ https://en.wikipedia.org/wiki/List_of_Tintin_media