Astérix chez les Belges

Vu Wikipedia
Astérix chez les Belges
Land Frankräich
Sprooch Franséisch
Erauskomm 1979
Auteur René Goscinny
Zeechnungen Albert Uderzo
Band virdrun Obélix et compagnie
Band duerno Le grand fossé


Astérix chez les Belges ass de 24. Album aus der Astérix-Serie vum Albert Uderzo a René Goscinny. Et ass dee leschten, un deem de Goscinny matgeschafft huet. Eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Lex Roth koum 1989 ënner dem Titel Den Astérix bei de Belsch eraus.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

D'gallescht Duerf ass ausser sech. Do kommen dach tatsächlech Legionäre Vakanz maachen! D'Réimer komme grad aus der Belsch zeréck, a wann een hinne gleewe kann, da si souguer dem Obelix seng Schléi e Pleséier. Traureg mussen eis Gallier feststellen, datt souguer den Cäsar seet « De tous les peuples de la Gaulle, ce sont les Belges les plus braves». Dat léisst de Chef Zwirkinnix (am Original: Abraracourcix) natierlech net op sech sëtzen. A sou kënnt et, datt hie sech mam Asterix an Obelix op de Wee mécht, fir erauszefannen, op d'Belsch dann elo wierklech besser sinn, wéi d'Gallier.

Ënnerwee léiere si de Belsch Zillebakix (am Original:Gueuselambix) kennen, deen hinne mat senge Männer weist, wéi séier si e réimescht Lager plattmaachen. Géigesäiteg weise si sech wat se kënnen, an déi Domm bei der Saach sinn natierlech wéi ëmmer déi aarm réimesch Legionären. Mä dat geet dem Zwirkinnix net duer, a wéi den Zoufall et wëll, ass den Cäsar och grad an der Belsch a sou decidéieren eis Gallier, e Concours z'organiséiere wou hien den Arbitter spille soll.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

  • Säit 14: Dites voir une fois qui vous êtes à rigoler comme ça ? - Am Album schwätzen d'Belsch och "belsch", mat de besonnesche Saztournuren déi et do ginn. An der lëtzebuergescher Iwwersetzung schwätzen déi belsch Gallier dann och en Duerchschnëtt vum Lëtzebuergeschen, wéi et laanscht d'belsch Grenz geschwat gëtt.
  • Säit 31: Karikatur vun den Dupond et Dupont aus dem belsche Comic Tintin
    • Jules César est arrivé en Belgique - Je dirai même plus: Cules Jésar est arrivé en Gelbique.
  • Säit 33: Dee klenge Bouf, deen déi ganzen Zäit muss, ass vum Bréisseler Sprangbuer Manneken Pis inspiréiert.
  • Säit 39: Den Iwwerbrénger vun der Noriicht ass eng Karikatur vum Belsch Eddy Merckx.
  • Säit 47: Allusioun um Pieter Bruegel säi Bild Repas de noces paysannes.

Personnagen am Album[änneren | Quelltext änneren]

(a Klammeren déi original Nimm am Franséischen)

  • Asterix (Astérix)
  • Broccelix (Maelenkolix)
  • Broselchen, Broseli (Nicotine)
  • Decendocus (Parterredecrocus)
  • Dëppeclos (Saintlouisblus)
  • Drëppemix (Vandeuléflix)
  • Frittemullix (Madambœvarix)
  • Getvanemus (Sousentendus)
  • Iddifix (Idéfix)
  • Kettix (Amoniake)
  • Mellegus (Trottemenus)
  • Mettix (Bœtanix)
  • Mullejangix (Ordralfabétix)
  • Obelix (Obélix)
  • Panoramix  (Panoramix)
  • Pegix (Vanendfaillevesix)
  • Tutebattix (Assurancetourix)
  • Urbopistuppix (Agecanonix (Agecanonichou))
  • Vandeblatzaman (Vandécosmétix)
  • Vetegus (Volfgangamadéus)
  • Zillebakix (Gueuselambix)
  • Zwirkinnix (Abraracourcix)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]