Manneken Pis

Vu Wikipedia
Manneken Pis
Typ Touristenattraktioun,
Skulptur,
Sprangbuer
Land Belsch
Gemeng Bréissel
Plaz Pentagon
Koordinaten 50°50'41,9438"N, 4°20'59,9568"O
Héicht 55,5 Zentimeter
Material Bronz
Kënschtler Hiëronymus Duquesnoy den Eeleren

De Manneken Pis ass e Sprangbuer a Form vun enger Statu vun engem klenge Jong, dee seecht, am Zentrum vu Bréissel. En ass 58 cm héich a steet op engem Sockel, um Eck vun der Rue de l'Étuve/Stoofstraat an der rue du Chêne/Eikstraat, net wäit ewech vun der Grand-Place/Grote Markt. E gëllt als ee vun de Symboler vu Bréissel.

Schonns 1388 stoung op där Plaz e Buer, dee Julianekensborre genannt gouf, mat ë. a. enger stengener Statu. 1452 gouf an engem Dokument mat daer dmenneken pist ("wou de Männche pisst") eng Plaz beschriwwen, a war spéitstens 1572, op engem Stadplang ze gesinn, en Toponym.

1619 gouf de Buer erneiert, de Sculpteur Hiëronymus Duquesnoy den Eeleren huet, nom Virbild vun antike putti pisciatori, eng bronze Statu gemaach, déi op eng Sail stoe koum. D'Figur gouf beim Bombardement vu Bréissel, 1695 duerch de Louis XIV., a Sécherheet bruecht, an huet et iwwerlieft.

1745 hunn englesch Zaldoten d'Statu matgoe gelooss, si konnten awer zu Geraardsbergen gepëtzt ginn, sou datt de Männchen nees op Bréissel koum. D'Geraardsbergener kruten als Merci eng Kopie geschenkt.

Kostümer[änneren | Quelltext änneren]

Fir besonnesch Commemoratiounsdeeg oder Evenementer kritt d'Statu e Costume un, deen dozou passt: den Trikot vun der belscher Foussballnationalekipp bei wichtege Matcher, eng Verkleedung als Elvis Presley oder Wolfgang Amadeus Mozart op deenen hire Gebuertsdeeg, d'Truechte vu Länner, Géigenden oder Vereenegungen, wann déi eppes Besonnesches ze feieren hunn, oder bei Staatsvisitten, asw. Dës Traditioun geet zeréck op d'Joer 1698, wéi den Habsburger Generalgouverneur vun de Spueneschen Nidderlanden, de Maximilian II. Emanuel deen éischte Costume geschenkt hat.

Den 13. Mee 2018 krut de Manneken Pis säin dausendste Costume; e war vum Jean-Paul Lespagnard entworf ginn.

Zanter 2017 kann een am Musée GardeRobe MannekenPis, nobäi, eng 133 dovu gesinn. Och an der Maison du Roi/Brothuis op der Grand-Place ginn Honnerte vu Costumer versuergt.

Bei besonneschen Evenementer kann d'Waasser vum Sprangbuer duerch Wäin oder Béier ersat ginn, deen dann un d'Leit ronderëm verdeelt gëtt. 2017 gouf d'Waasser an e Circuit geluecht, fir Drénkwaasser ze spueren.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Als eng Zort Hommage goufen an deene leschten 2 Joerzéngte vum 20. Joerhonnert am Zentrum vu Bréissel zwou weider Statuen opgeriicht: An der Impasse de la Fidelité / Getrouwheids-Gang eng vum Jeanneke Pis, e klengt Meedchen, dat sech dohinhuppt, fir sech z'erliichteren; an um Eck vun der Rue des Chartreux/Kartuizersstraat and der Rue du Vieux-Marché-aux-Grains/Oude Graanmarkt d'Statu Het Zinneke (och Zinneke Pis genannt), vun engem Stroossenhond, deen d'hënnescht Patt widder engem Poller hieft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Manneken Pis – Biller, Videoen oder Audiodateien