Walt Disney

Vu Wikipedia
Walt Disney
Gebuertsnumm Walter Elias Disney
Pseudonym Disney, Walter Elias
Gebuer 5. Dezember 1901
Chicago
Gestuerwen 15. Dezember 1966
Burbank
Doudesursaach Kreeslafkollaps
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Animateur, Televisiounsmoderateur, Synchronspriecher, Schrëftsteller, Produzent, Moler, Erfinder, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Illustrateur, Karikaturist, Regisseur, Schauspiller
Partei Republikanesch Partei, Demokratesch Partei
Newman Laugh-O-Gram (1921)

De Walt Disney, gebuer de 5. Dezember 1901 als Walter Elias Disney zu Chicago a gestuerwen de 15. Dezember 1966 zu Burbank (Kalifornien), war een US-amerikanesche Filmproduzent, Trickfilmzeechner a -regisseur.

De Karikaturist a Reklammenzeechner Walt Disney huet vun 1922 un zu Hollywood mat Zeechentrickfilmer experimentéiert.

Hien huet nei Märchegestalten erfonnt, vun deenen d'Mickey Mouse (1926) weltberüümt gouf. D'Niewefigure vun der Mickey Mouse goufen Haaptacteuren an neien Trickfilmserien, sou zum Beispill den Donald Duck, de Goofy an den Dagobert Duck.

1937 entsteet den éischte Long-métrage Film: Snow White and the Seven Dwarfs (Schneewittchen an déi siwen Zwergen).

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Walt Disney – Biller, Videoen oder Audiodateien