Protection civile
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Protection civile. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Protection civile (Homonymie). |
D'Protection civile, oder kuerz einfach Protex genannt, ass eng lëtzebuergesch Organisatioun déi 1936 vu Fräiwellege gegrënnt gouf.
Eng Reorganisatioun war Ufank der 1960er Joren (et war d'Zäit vum Kale Krich), wou d'Definitioun vun hiren Aufgabe méi vaste war, an zwar, d'Bevëlkerung virun de verschiddene Gefor ze schützen, wat een och an hirem Logo erkenne kann (e Ris dee mat engem Schëld, deen hien no uewen hält, ee Männche schützt). Mam neie Gesetz gëtt et d'Protection Civile u sech net méi. Si ass 'just' nach eng Ofdeelung, betreit vum Guy Bley, vun der ASS, der nei gegrënnter Administration des services de secours, déi d'Pompjeeën an d'Protex ënner een Hutt bréngt.
Direkter vun der ASS ass zanter dem 1. Juli 2004 de Michel Feider. Gréisstendeels maachen all d'Memberen hir Aufgab fräiwëlleg, dat gëllt awer net fir d'Employéë vun der Direktioun, der Leitstell an dem Atelier zu Lëntgen.
Mat der Telefonsnummer 112 kënnt een direkt an d'Zentral déi zu Gaasperech iwwer der Direktioun ass. An hir kann all Bierger ëm Hëllef froen a kritt déi och normalerweis. Ausserdeem kann ee sech um 112 iwwer Apdikten, Spideeler a Véidokteren am Déngscht renseignéieren.
Aufgabe vun der Protection Civile
[änneren | Quelltext änneren]Am Laf vun de Joren huet d'Protection Civile sech zu enger Vereenegung aus ville klengen oder grousse Fachtruppen developpéiert. Si sinn:
- Den Ambulanz-Service, fir de Krankentransport an der Rettung vu Leit aus hirer Nout;
- De SAMU, de Service d'Aide Médicale Urgente dee mat engem Noutdokter a schwéiere Fäll d'Ambulancieren ënnerstëtzt;
- De Sauvetage, deen technesch Hëllefsleeschtunge mécht, an d'Ambulanz ënnerstëzt, z. B. beim Rette vu Mënschen;
- De GPR, de Groupe de Protection Radiologique deen am Fall vun nukleare Katastrophen zur Hëllef kënnt;
- De Groupe Chimique, dee bei biologeschen oder cheemesche Katastrophen zur Hëllef kënnt;
- De Groupe des Hommes-Grenouilles, deen op Rettungsaktiounen ënner Waasser spezialiséiert ass;
- De Groupe Canin, dee mat senge Sichhënn no vermësste Persoune siche kann;
- De Groupe d'Intervention Vétérinaire, dee fir speziell Déierennoutfäll geruff gëtt;
- De GSP, Groupe de Support Psychologique, deen an Noutsituatiounen (Accidenter, Suizider) séilesche Bäistand ka leeschten;
- De Groupe Logistique Ravitaillement, dee bei grousse Schied, Affer an Hëllefstruppe mat Iessen an Drénke versuergt. Momentan gëtt déi Grupp an zwou separat Gruppen opgedeelt, e Groupe Logistique an e Groupe Ravitaillement;
- De Groupe d'Alerte, deen am Krichsfall oder bei nuklearen Tëschefäll de Schued an d'Situatioun analyséiert a koordinéiert;
- Den HIT, den Humanitarian Intervention Team, deen am Noutfall an d'Ausland, z. B. an Äerdbiewegebidder geschéckt ka ginn.
All dës Gruppen, déi opgezielt goufen, sinn op hirem Gebitt ausgebilt, a maachen hir Aarbecht fräiwëlleg. Des Weidere këmmert sech d'Protection civile och nach ëm d'Alarméierung vun de Pompjeeën, an d'Organisatioun vun Éischt Hëllef-Coursen an och ëm d'Ausbildung vun hire Memberen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Protection civile – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Centre d'Intervention Sanem
- 112 - Portail des Secours du Grand-Duché de Luxembourg
- Centre d'Intervention Mäertert-Waasserbëlleg
- Centre d'intervention Wolz
- B.N.S.(Base Nationale de Secours) zu Lëntgen
- Centre d'intervention Beetebuerg
- Centre d'intervention Diddeleng
- Centre d'intervention Jonglënster
- Centre d'intervention Stengefort
- Centre d'intervention Ettelbréck
- Gesetz vun 2004 (Loi du 12 juin 2004 portant création d'une Administration des services de secours)