Noutruff

Vu Wikipedia

Als Noutruff bezeechent een all Versuch, duerch Kommunikatioun no Hëllef ze ruffen. Dëst ka vum klassesche Jäize bis zur SMS alles sinn, woumat een op sech opmierksam maache kann. Dobäi ass et egal, ob een humanitär oder technesch Hëllef brauch, Noutriff gëtt et geneesou gutt fir Heizungsmonteure wéi fir Ambulanzen. Am klassesche Sënn allerdéngs sicht ee bei engem Noutruff entweeder no Pompjeeën, Ambulancieren oder Polizisten, déi engem séier zur Hëllef kommen.

Noutriff déi op keng spezifesch Adress ginn, an déi, wéi z. B. den SOS an der Navigatioun an Aviatioun, per Funk oder Morsen ofgesat ginn, sinn Noutsignaler.

Europäeschen Noutruff[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. Juli 1991 hunn déi zoustänneg Ministere vun den EU-Memberstaaten eng Decisioun getraff, mat där se sech verflicht hunn, d'Telefonsnummer 112 op hire Reseaue fräizeschalten. D'Iddi dohanner ass, datt all Bierger vun der EU sech nëmmen eng Nummer muss verhalen an iwwerall an Europa séier u seng Hëllef kënnt.

Déi Decisioun ass sou wäit ëmgesat, och wa vill Länner nach ëmmer hir al Noutruffnummere bäibehalen hunn. Des Weidere bitt all Handy, all Telefonskabinn, an all Telefon souwisou d'Méiglechkeet, den 112 gratis unzeruffen. Bei Handye léisst sech dës Nummer dacks souguer ouni PIN-Code, Sim-Kaart oder mat aktiver Tastespär wielen. Ausserdeem léisst sech normalerweis en Noutruff souguer da mam Handy ofsetzen, wann d'Haaptnetz, dat sougenannt A-Netz, dout ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: 112 (Europäeschen Noutruff).

International Noutruffnummeren[änneren | Quelltext änneren]

Ëmsetzung vun den zwou weltwäit vun der ITU geneemegten Notrufnummeren an der Welt:██ 112██ 9-1-1██ 112 an 9-1-1██ Aner Nummer oder keng Weiderleedung

International sinn d'Noutruffnummeren nach ëmmer net déi selwecht. Vill Länner hunn den 112 als Noutruff agefouert. Um amerikanesche Kontinent ass d'Nummer 9-1-1 méi populär wéi an Europa den 112. Nieft dësen zwou groussen Nummere gëtt et och eng Rei, net grad sou wäit verbreet Nummere wéi den 000 oder den 999, fir weider Infoen, kuckt bei de Linken.

Noutruff zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Informatioune beim Noutruff[änneren | Quelltext änneren]

Fir e qualifizéierten Noutruff ass all Disponent dankbar, wann ee sech un d'6-W-Reegel hält. Si wëlle wëssen:

  • Wien urifft
  • Wou hien ass
  • Wat geschitt ass
  • Wéi vill Leit blesséiert sinn
  • Wéi eng Zort vu Verletzung virläit
  • Waarden op Réckfroen

Wichteg ass, datt een ni däerf anhänken, dat mécht den Disponent vum Noutruff.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Central des secours d'urgence - cgdis.lu
  2. Portail des Secours du Grand-Duché de Luxembourg: Urgences et gardes