Europäeschen Dag vum 112

Vu Wikipedia
Stuttgart Aeroport (Däitschland): Schüler vun de Musekschoulen Leinfeld-Echterdingen Schönbuch a Stuttgart spillen d'Europäesch Nationalhymn am Kader vum Europäeschen 112 Dag den 11. Februar 2014.
D'Edelgard Huber von Gersdorff, 112 Joer al, d'Éierpatréinesch vun der Campagne “Een Europa – eng Nummer!”, déi op d'Europäesch Noutruffnummer 112 opmierksam maache soll.

Den Europäeschen Dag vum 112 gëtt all Joer den 11. Februar a ganz Europa ofgehalen. Op Initiativ vun der Europäescher Unioun gouf dësen Dag 2009 agefouert fir op d'Existenz an de richtege Gebrauch vun der europawäiter Noutruffnummer 112 opmierksam ze maachen.

Déi europawäit Noutruffnummer[änneren | Quelltext änneren]

Zousätzlech zu den nationalen Noutrufftelefonsnummere gouf am Joer 1991 déi europawäit Noutrufftelefonsnummer 112 agefouert, fir datt an all Memberstaate vun der Europäescher Unioun eng gemeinsam Noutruffnummer disponibel ass. Zanter Dezember 2008 kënnen d'Servicer vun de Rettungsdéngschter vun alle fixen a mobillen Netzwierker bannent der EU iwwer d'Telefonsnummer 112 gratis erreecht ginn. Wéinst dem méi grousse Bekanntheetsgrad vun der 112 als Europäesch Noutruffnummer, ass et zu engem allgemenge Symbol fir Hëllef an Ënnerstëtzung ginn, mä och ganz generell fir d'Europäesch Unioun.

Originnen[änneren | Quelltext änneren]

D'Europäescht Parlament, den Europäesche Rot an d'Europäesch Kommissioun hunn 2009 eng dräigliddereg Konventioun ënnerschriwwe fir en alljärlechen Europäeschen Dag vum 112 anzeféieren. D'Zil vun deem Dag ass et, d'Bewosstsinn fir d'europawäit Disponibilitéit an d'Avantagë vun der Europäescher Noutruffnummer 112 ze stäerken. Si hunn den 11. Februar erausgesicht well deen Datum d'Telefonsnummer (11.2.) mat abegräift.[1] D'Iddi, der europäescher Noutruffnummer e speziellen Dag ze widmen, gouf fir d'éischt 2007 am Europäesche Parlament, am Joer 2007, am Kontext vun de Virbereedunge fir d'Deklaratioun vum Europäesche Parlament iwwer d'Europäesch Noutruffnummer 112.[2] Déi allgemeng Noutwendegkeet fir de Bekanntheetsgrad vun der Europäescher Noutruffnummer an der Gesellschaft ze steigeren ass vum Flash Eurobarometer 228 am Februar 2008 confirméiert ginn: Am EU-Duerchschnëtt wossten nëmmen 22 % vun de befrote Leit, datt d'Noutruff Telefonsnummer 112 an der ganzer Europäescher Unioun gëllt. Zu Lëtzebuerg ware sech 53 % vun de Leit dëser Saach bewosst.[3] Déi Impressioun gouf och 2009 (EU-Duerchschnëtt 24 %, Lëtzebuerg 56 %)[4] an 2010 (EU-Duerchschnëtt 25 %, Lëtzebuerg 59 %) bestätegt.[5]

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

A ganz Europa gëtt et all Joer eng ettlech Aktiounen fir den Europäeschen Dag vum 112 ze feieren. Verschiddener gi vu Politiker a Regierungsmemberen organiséiert, anerer vun de Rettungsdéngschter, de Pompjeeën an den Netregierungsorganisatiounen.

Am Joer 2018 zum Beispill sinn eng Rei verschidden Evenementer an op d'mannst 23 Memberstaaten vun der Europäescher Unioun sou wéi och a Georgien, am Kosovo an an Island organiséiert ginn, déi der allgemenger europäescher Noutruffnummer consacréiert waren.[6] An Däitschland ass d'Edelgard Huber von Gersdorff, déi zu där Zäit 112 Joer al war, an domat déi eelst Fra an Däitschland, d'Éierpatréinesch vun der Campagne “Een Europa – eng Nummer!” ginn, déi op d'Europäesch Noutruffnummer 112 opmierksam maache soll.[7] An der Belsch ass de Manneken Pis, eent vun de bekanntste Monumenter zu Bréissel, an engem Kostüm mam Europafändel a mat der Nummer 112 drop, am Kader vun der Campagne European Emergency Number Association agekleet ginn.[6] An Irland ass d'Noutruffnummer wärend der alljärlecher Young Scientist and Technology Ausstellung vum Emergency Call Answering Service (ECAS) promovéiert ginn.[8] Vill aner Associatioune vun nationalen Noutfallrettungsdéngschter, wéi zum Beispill d'Fédération nationale des sapeurs-pompiers de France (FNSPF),[9] de Fiere- a Rettungsdéngscht aus Lettland[10] an d'Rettungsdéngschter vu Lëtzebuerg,[11] hu verschidden Aktiounen ënnerholl fir d'Ëffentlechkeet iwwer d'Wichtegkeet an de richtege Gebrauch vun der europäescher Noutruffnummer opmierksam ze maachen.

Den Europäeschen Dag vum 112 vum Joer 2018 war den Haaptsujet an de soziale Medien, wou ënner anerem Hashtagge wéi #112day2018 an #Isupport112 wäit verbreet goufen.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Joint Tripartite Declaration Establishing A "European 112 Day", Press release by the Council of Europe, February 10, 2009
  2. Declaration of the European Parliament on the European emergency call number 112, Press release by the European Parliament, September 25, 2007
  3. Flash Eurobarometer Nr. 228, The European Emergency Number 112, Summary, February 11, 2008, p. 12
  4. Flash Eurobarometer Nr. 262, The European Emergency Number 112, Summary, February 11, 2009, p. 11
  5. Flash Eurobarometer Nr. 285, The European Emergency Number 112, Analytical Report, February 11, 2010, p. 29
  6. 6,0 6,1 Actions around Europe – 2018, released by the European Emergency Number Association (EENA), February 12, 2018
  7. 112 – Ein Europa, eine Nummer, EURACTIV, February 9, 2018
  8. E12: 112 ECAS, "BT Young Scientist and Technology Exhibition"
  9. Pour un numéro d'urgence unique : Le 112 – efficacizé et gain de temps en perspective, Press communiqué vun der Fédération nationale des sapeurs-pompiers de France (FNSPF), 6 February, 2018
  10. Union to celebrate 112 Day, BBN-Baltic News Network, February 10, 2017
  11. Jourmée Européenne du 112, Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg, 10 Februar 2018