Centre hospitalier de Luxembourg
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Centre hospitalier de Luxembourg | |
---|---|
![]() Den Hôpital municipal (2020) | |
Basisdonnéeën | |
Address: | CHL Centre, KannerKlinik a Verwaltungssëtz: 4, rue Ernest Barblé L-1210 Lëtzebuerg |
Typ: | Ëffentlecht Etablissement[1] |
Ouverture: | 1976[2] |
Stationär Better: | 579 (2015)[3] |
Mataarbechter: | 2.348 (2019)[2] |
dovun Doktoren: | 300 (2015)[3] |
Websäit: | www.chl.lu |
De Centre hospitalier de Luxembourg, kuerz CHL, ass en Zesummeschloss vu véier Spideeler an der Stad Lëtzebuerg:
- dem CHL Centre (och nach Hôpital municipal),
- dem CHL Eich (och nach Eecher Klinick, Clinique d'Eich),
- dem CHL Maternité (oder Maternité Grande-Duchesse Charlotte) an
- dem CHL Kannerklinick[4] (oder Clinique pédiatrique).
Den CHL ass den zéngtgréissten Employeur[2] zu Lëtzebuerg mat engem Personal vun 2.348 (2019)[2] Leit, dorënner ëm déi 300 Dokteren an 1.000 Infirmieren an Aide-Soignanten[3].
2018 goufen eng 170.000 Patienten am CHL behandelt oder diagnostizéiert. 2018 louchen d'Käschten a Recettë vum CHL bei jee ronn 400 Milliounen Euro. 2007 war dat knapps d'Hallschecht. De Gros dovu sinn d'Personal-Käschten. Generaldirekter ass de Romain Nati[5].
Um Site vum CHL sinn zwielef national medezinesch Departementer ënnerbruecht:
- pediatresch Chirurgie
- Hämato-Onkologie
- Immuno-Allergologie
- Infektiéis Krankheeten
- intensiv Neonatologie
- Neurochirurgie
- spezialiséiert Pediatrie
- medezinesch assistéiert kënschtlech Befruchtung
- Kannerpsychiatrie
- pediatresch Intensivstatioun
- Stroke Unit Niveau 2
- pediatresch Urgence
Am CHL stinn och eng Rei national medezinesch Equipementer, wéi de PET-Scan, d'extrakorporal Stousswellelithotripsie an de Laboratoire fir In vitro-Befruchtung.
Den CHL assuréiert eng permanent Garde fir d'Kannerklinick grad ewéi fir all national Servicer.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Den CHL gouf mam Gesetz vum 10. Dezember 1975 gegrënnt[1]. En huet 1976 seng Dieren opgemaach, no der Zesummeféierung vum neigebauten Hôpital municipal mat der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Clinique pédiatrique. 2004 ass nach d'Clinique d'Eich derbäikomm[2].
Hôpital municipal[änneren | Quelltext änneren]
Nieft villen Zerwisser vun der Allgemengmedezin, der Chirurgie an der Psychiatrie gëtt et am Hôpital municipal och nach aner national Departementer wéi dee vun der Neurochirurgie, vun der Onkologie-Hematologie, den Infektiouns- an Tropekrankheeten an der Immuno-Allergologie[2].
Maternité Grande-Duchesse Charlotte[änneren | Quelltext änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Maternité Grande-Duchesse Charlotte.
D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte gëtt et zënter 1936[2].
Kannerklinick[änneren | Quelltext änneren]
D'Clinique pédiatrique oder Kannerklinick funktionéiert zënter 1966[2].
Clinique d'Eich[änneren | Quelltext änneren]
D'Eecher Klinick ass den 1. Januar 2004 mam CHL fusionéiert[6].
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 (fr)Loi du 10 décembre 1975 relative au Centre hospitalier de Luxembourg. legilux.public.lu (19.12.1975). Gekuckt de(n) 30.08.2020.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 2,7 Rapport annuel 2018 um Site vum Spidol
- ↑ 3,0 3,1 3,2 Den CHL op LinkedIn
- ↑ eege Schreifweis vum CHL: KannerKlinik
- ↑ "2018 war fir den CHL e gutt Joer." 100komma7.lu, 17. Juli 2019 - 09:00.
- ↑ Legilux: Arrêté grand-ducal du 3 octobre 2003 portant intégration et rattachement des services hospitaliers de la Clinique d'Eich, Fondation Norbert Metz, au Centre Hospitalier de Luxembourg