Op den Inhalt sprangen

CHL Maternité

Vu Wikipedia
CHL Maternité
Maternité Grande-Duchesse Charlotte
Den CHL Maternité am Joer 2026
Typ Spidol, Maternité
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Adress 2, rue Pierre Federspiel
Koordinaten 49°37'2,9"N, 6°5'57,2"O
Um Spaweck https://maternite.chl.lu/fr
Medezinesch Ariichtung
Iwwergeuerdent Organisatioun Centre hospitalier de Luxembourg
Personal ()
Betterzuel ()
Noutopnam Jo
Gebai
Datum vum Bau 1936
Proprietär

Den CHL Maternité ass eng Maternité, also eng Klinick fir Gynekologie a Gebuertshëllef, am Quartier Belair-Nord vun der Stad Lëtzebuerg, déi zum ëffentlechen Etablissement Centre hospitalier gehéiert. S'ass och nach ënnert dem fréieren Numm Maternité Grande-Duchesse Charlotte bekannt.

D'Croix-Rouge luxembourgeoise an hir Vizepresidentin Aline de Saint-Hubert hate sech un den däitschen Architekt Otto Bartning adresséiert fir nom Modell vun der Landhausklinik zu Berlin-Wilmersdorf e Projet fir eng Maternité an der Stad auszeschaffen.

D'Pläng fir d'Maternité an der Areler Strooss goufe vum Otto Bartning an Zesummenaarbecht mam Pali Meller entworf a vum lëtzebuergeschen Architekt Hubert Schumacher ausgefouert. D'Maternité war eent vun de wéinege Gebaier zu Lëtzebuerg am Bauhaus-Stil. Dat éischt Kand koum do de 4. Mäerz 1936 op d'Welt, nach ier d'Gebai den 10. Mäerz 1936 ageweit gouf.

D'Maternité stoung deemools ënnert der Direktioun vum Roude Kräiz an der Hiewaneschoul aus dem Pafendall; den éischten Direkter war der Dr Richard[1].

1962 ass d'Gebai ëm ee Stack gehéicht ginn. 1966 ass de Gynekologiesservice opgaangen, 1968 gouf en neien Operatiounssall opgemaach an d'Premae sinn an d'Kannerklinik verluecht ginn.

1975 ass d'Maternité an de Centre hospitalier integréiert ginn[2]; dat Joer drop hunn déi lescht Schwëstere vum hl. Vincent vu Paul d'Maternité verlooss. Am selwechte Joer sinn all d'Zëmmeren an Eenzel-Zëmmeren ëmgebaut ginn.

2015 gouf en neit Gebai direkt nieft dem alen a Betrib geholl, an dat ursprénglecht Gebai stoung vun do un eidel. Am November 2021 hunn Ofrappaarbechten ugefaangen. Do, wou déi al Maternité stoung, kënnt dat neit Gebai vum Centre hospitalier hin. Enn 2028 soll et operationell sinn. Och d'Aktivitéite vun der Eecher Klinik ginn am neien CHL zentraliséiert.[3]

Medezinesch Offer

[änneren | Quelltext änneren]

Am CHL Maternité ginn ë. a. follgend Servicer ugebueden[4]:

  • Gynekologie
  • Obstetrik (Gebuertshëllef)
    • mat der Unitéit Maternal Intensive Care fir Frae mat Risikoschwangerschaften
  • Kënschtlech Befruchtung (PMA, procréation médicalement assistée)

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
  • Antoine Prum: Maternité Grande-Duchesse Charlotte in: L'architecture moderniste à Luxembourg. Les années 30. S. 36 - S. 41, Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg, 1997, ISBN 2-919878-02-6

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Bienvenue à la maternité (archivéiert Versioun). chl.lu Archivéiert den 28.08.2023. Gekuckt de 27.04.2026.
  2. (fr) Loi du 10 décembre 1975 créant un établissement public dénommé Centre hospitalier de Luxembourg, groupant la maternité Grande-Duchesse Charlotte, la clinique pédiatrique fondation Grand-Duc Jean et Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte et l’Hôpital municipal.. data.legilux.public.lu (10.12.1975). Gekuckt de 27.04.2026.
  3. "Al Maternité gëtt ofgerappt: Neit CHL-Gebai bis 2028 operationell." rtl.lu, 04.10.2022.
  4. Rapport annuel 2024. 2025 (fr). www.chl.lu (gekuckt de 27.04.2026).