Hubert Schumacher

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Hubert Schumacher
Hubert Schumacher.jpg
Gebuer 27. Dezember 1896
Lëtzebuerg
Gestuerwen 6. Mee 1961
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Architekt, Moler, Urbanist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Hubert Schumacher, gebuer de 27. Dezember 1896 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen de 6. Mee 1961, war e lëtzebuergeschen Architekt, Urbanist a Moler.

Als Direkter vun der Administration des bâtiments publics huet hie wesentlech zum Erëmopbau vun deene Gebaier, déi am zweete Weltkrich zerstéiert goufen, bäigedroen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Hubert Schumacher koum de 27. Dezember 1896 zu Lëtzebuerg als Kand vu Stater Geschäftsleit op d'Welt. No senge Sekundärsstudien an der Industrieschoul zu Lëtzebuerg huet e Konscht an Architektur studéiert, fir d'éischt vun 1918 bis 1920 zu München, a méi spéit op der École des beaux-arts zu Paräis. Op där Schoul krut en 1926 den Titel Architecte diplômé par le Gouvernement français (D.P.L.G.). 1926 ass en a seng Heemechtsstad zréckkomm an no engem kuerze Stage beim Architekt Nouveau, huet e säin eegenen Architektebüro opgemaach.

Den Hubert Schumacher ass de 6. Mee 1961 zu Lëtzebuerg, kuerz no senger Pensionéierung gestuerwen.

Sakral a profan Bauten 1926 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

Tierm vun der Kathedral

Tëscht 1926 an 1939 huet en eng wichteg Roll an der Planifikatioun an an der Ausféierung vu landeswäit wichtege Bauprojete gespillt. Besonnesch ervirzehiewen ass den Ausbau vun der Kathedral Notre-Dame, bei deem d'Bauaarbechte vun 1935 bis 1938 gedauert hunn. D'Tierm vun der Kathedral bestëmmen nach haut d'Silhouette vun der Festungsstad Lëtzebuerg.

Den Erweiderungsbau, dee sech un déi béid Jache vum Chouer vun 1613 bis 1621 uschléisst, impressionnéiert souwuel duerch seng geraimeg Dimensiounen, wéi duerch säi subtillen Iwwergank op déi fréier architektonesch Gestaltung vun der aler Uerdenskierch.

Wichteg ass an deem Zesummenhank festzestellen, datt den allgemengen Ubléck vun der transforméierter Baussenarchitektur vun der Kathedral eng Erausfuerderung duergestallt huet, an deem Sënn wou et drëm gaangen ass, de Bau am gotesche Stil, deen op der Plaz war, mat de Gebaier ronderëm, wéi z. B. dem Gebai vum Kolléisch aus dem 17. Joerhonnert, der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, dem ale Refuge Sankt Maximin (1751) (an deem haut den Ausseministère ass), an net zulescht déi al Patrizierhaiser ronderëm, harmonesch openeen ofzestëmmen.

De Léon Lommel, spéidere Bëschof vu Lëtzebuerg, stoung dem Hubert Schumacher bei den Transformatiounsaarbechten, mat senger grousser Saachkenntnes um Gebitt vun der sakraler Konscht an Architektur zur Säit.

Wéinst den neie Konventioune vum zweete vatikanesche Konzil vun 1965, war de Chouer aus liturgesche Grënn ëmgestalt ginn. Doraus huet sech erginn, datt nëmme véier Joer nom Doud vum Hubert Schumacher, dat vun him entwéckelt Konzept vun enger harmonescher Verbindung tëscht dem Kiercheschëff an dem Chouer deelweis verluer goung.

Nieft der Kathedral huet den Hubert Schumacher aner bemierkenswäert Bauwierker realiséiert. Do si beispillsweis z'ernimmen:

  • D'Karmeliterklouschter (Couvent des Carmélites déchaussées, genannt Carmel) um Zens.
  • Verschidde Wunnhaiser ënner anerem op der Aldringerplaz wéi z. B. d'Maison des singes, bei deem et him an Zesummenaarbecht mat sengem Frënd Auguste Trémont gelongen ass, Skulptur an Architektur geschéckt mateneen ze verbannen.
  • Eppes méi spéit huet en d'Crèche um Almëmster-Plateau an der Stad Lëtzebuerg gebaut, déi d'Brauereisfamill Mousel an Optrag ginn hat an zu engem groussen Deel finanzéiert huet.
  • Donieft huet en d'lëtzebuergesch Ausstellungshale fir d'Exposition de la Foire internationale à Liège, déi am Joer 1931 stattfonnt huet, gebaut.
  • Den 10. Mäerz 1936 gouf d'Maternité Grande-Duchesse Charlotte déi hien no de Pläng vum Otto Bartning gebaut hat, vun der Groussherzogin Charlotte ageweit.
  • Zu engem vu senge remarkabele Gebaier gehéiert d'Kapell Christ-Roi an der Avenue Gaston Diderich, déi de Jesuittenuerden ëm 1930 an Optrag ginn hat. Déi Kapell huet zäitweis als Parkierch vun deem deemools nei entstanene Wunnquartier Belair gedéngt, bis zum Zäitpunkt wéi déi grouss Parkierch vu Belair Enn der 1950er Jore fäerdeg gouf.

De Grondstee vun der Kapell gouf de 6. Oktober 1931 geluecht, a se gouf de 16. August 1932 vum deemolege Bëschof vu Lëtzebuerg, dem Pierre Nommesch geweit. De Plang ass deemools nom Modell vun där vum däitschen Architekt Hans Herkommer, entwéckelter zäittypescher, expressionistescher Formesprooch entworf ginn. Nei war an dem Ament och, datt dat no de Prinzipie vum Bauhaus-Stil konzipéiert Kierchegebai, dat éischt zu Lëtzebuerg war, dat am arméierte Bëtong gebaut gouf. D'Entreprise war d'Firma Giorgetti. Grad sou wéi bei der Kathedral an der Stad, gouf d'Kapell och no de liturgeschen Donnéeë vum Vatikan geännert an 1994 ëmgestalt, allerdéngs net an Harmonie mat deenen am Ufank vum Hubert Schumacher virgezeechenten einfache Formen, déi de Bauhausstil charakteriséieren.

  • Nom Bau vun der Kapell ass no an no den haitege Wunnquartier Belair entstanen, an huet an der Majoritéit aus Eefamilljenhaiser bestanen, déi d'Handschrëft vum Hubert Schumacher gedroen hunn. Hie selwer huet an der direkter Noperschaft vun der Kapell fir sech a seng Famill e Wunnhaus gebaut.
  • Ënner deene sëllechen Eefamilljenhaiser am baussenzegen Ëmkrees vum Stadzentrum, Belair a Lampertsbierg, deenen den Hubert Schumacher säi vum Bauhausstil inspiréierte Stempel opgesat huet, ass eng Konstruktioun besonnesch ervirzehiewen, nämlech déi sougenannt "Villa Kutter" an der Avenue Pasteur um Lampertsbierg, déi als Atelier a Wunneng fir de bekannte lëtzebuergesche Moler Joseph Kutter gebaut gouf.

Architekturconcoursen (eng Selektioun)[änneren | Quelltext änneren]

Als onofhängegen Architekt huet den Hubert Schumacher bei vill Architekturconcourse matgemaach, ënner anerem:

  • um Concours international pour la construction d'une Bourse à Luxembourg (éischte Präis);
  • beim Projet fir de Bau vun engem neien Athénée Premier Concours national pour la construction d'un nouvel Athénée, Parc Pescatore (éischte Präis), (dee Bau gouf ni realiséiert);
  • als Laureat beim Concours pour la construction de maisons ouvrières de l'Arbed.;
  • als Laureat beim Concours national pour la construction d'un Hôtel de Ville a Dudelange.

Seng Carrière bei der Fonction publique[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst senger villsäiteger berufflecher Experienz ass hien als Kandidat bei engem ëffentlech ausgeschriwwene Concours fir de Rekrutement vu Staatsbeamten an de Staatsdéngscht opgeholl ginn. Am Juni 1939 gouf hien ënner ville Konkurrente fir de Poste vum Staatsarchitekt-Adjoint ausgewielt.

Den Zweete Weltkrich huet et mat sech bruecht, datt all d'Verwaltungsaktivitéite vun der däitscher Besatzungsmuecht iwwerholl goufen, an den Hubert Schumacher an d'Verwaltung der höheren Kommunalverbandsangelegenheiten, déi vum däitschen Okkupant an d'Liewe geruff gi war, versat gouf.

Kuerz no der Befreiung vu Lëtzebuerg um Enn vum Zweete Weltkrich 1945, huet den Hubert Schumacher de fréieren Direkter vun der Bauverwaltung Paul Wigreux ofgeléist, an hie krut den Titel Architecte de l'État-Directeur des Bâtiments Publics an e war vun där Zäit un, un der Spëtz vun der Bauververwaltung, déi hien an der Tëschenzäit nei strukturéiert a reorganiséiert hat.

Seng Wierker vun 1945 bis 1961[änneren | Quelltext änneren]

A senger Eegenschaft als Direkter vun der Bauverwaltung konnt den Hubert Schumacher säin Talent an all seng Energie asetze fir gläich mat der Rekonstruktioun vun deenen ongezielte Ruine vun ëffentlechen a reliéise Gebaier, aus dem Zweete Weltkrich, virun allem aus der Zäit vun der Rundstedtoffensiv am Éislek unzefänken.

Duerch säin Devouement a säin aussergewéinlechen Tatendrang ass et him gelongen d'Chantiere vun der Rekonstruktioun nom Krich schonn uganks der 1950er Joren zu Enn ze féiere fir sou lues a lues an den normalen Zoustand zréck ze kommen. Et gëtt kaum en ëffentlecht Gebai, oder eng Kierch, zu Lëtzebuerg, bei deenen den Hubert Schumacher, nom Krich net an iergendenger Form bei der Restauréierung bzw. Rekonstruktioun matgewierkt hätt.

Ee vun deene wichtegste Rekonstruktiounsprojeten nom Krich, war d'Rekonstruktioun vun der architektonesch besonnesch wichteger Kierch, der Basilika vum hellege Willibrord zu Iechternach. Déi wäertvoll Basilika aus dem Joer 1031 déi joerhonnertelaang als d'Symbol vun der Abteistad Iechternach gegollt huet, gouf duerch däitsch Zaldoten de 26. Dezember 1944 bis op d'Grondmauere gesprengt. De Projet vum Opbau gouf ënner der Leedung vum Henri Schumacher an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Architekt Michel Heintz an Ugrëff geholl, a gouf no den historesch erhalene Pläng vun 1031, dem romanesche Stil getrei, nees opgebaut. Déi nei Basilika konnt den 20. September 1953 konsekréiert ginn.

E puer Joer méi spéit huet den Hubert Schumacher d'Renovéierungsaarbechte vun de Gebaier déi zu der fréierer Benediktinerabtei gehéiert hunn, ugefaangen. Dësen historesch wichtege Gebaikomplex gouf zum gréissten Deel an eng Schoulinfrastruktur integréiert, wéi den Iechternacher Kolléisch, d'Schülerinternat a verschidde Primärschoulen. De restauréierte Kräizgank vun der fréierer Abtei grad ewéi de Spigelsall (Salle des glaces) am Haaptgebai gehéiere bis haut nach zum Kuckeswäerten zu Iechternach.

Signatur um Gebai vum Erzéiungsministère

Vun den Neibauten déi nom Krich ënner der Leedung vum Hubert Schumacher duerchgefouert goufen, gehéieren zu deene wichtegsten:

Dat aalt Patrizierhaus „Maison de Cassal" am Breedewee aus dem Enn vum 16. Joerhonnert, an deem haut de Service des Médias dran ass, ass och vum Hubert Schumacher restauréiert ginn.

Member vun ëffentleche Kommissiounen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft senger scho komplett ausgefëllter Aktivitéit als Staatsarchitekt huet den Hubert Schumacher och a folgende vum Staat aberuffe Kommissiounen matgeschafft:

  • Member vun der Commission des Sites et Monuments[Source?]
  • Member vun der Commission de surveillance pour la restauration des édifices religieux[1]
  • Member vun der Commission des Loyers[Source?]
  • Member vun der Commission des soumissions[2]
  • Member vun der Commission interministérielle pour la prévention et la résorption du chômage[3]
  • President vun der Commission de surveillance des Centres d'enseignement professionnel de l'état[4]

Am Déngscht vun der Cour grand-ducale[änneren | Quelltext änneren]

Den Hubert Schumacher gouf 1947 wéinst senge Verdéngschter ëm d'Rekonstruktioun nom Zweete Weltkrich a wéinst senge besonnesche Fäegkeeten um Gebitt vun der Architektur an der Konschtgeschicht, vun der Groussherzogin Charlotte offiziell zum Architecte de la Cour Grand-Ducale ernannt. An där Eegenschaft war hie fir den Ënnerhalt an d'Renovéierung vun all de groussherzogleche Schlässer a Gebaier zoustänneg, a war donieft och de perséinleche Beroder vun der Groussherzogin um Gebitt vun der Konscht an der Architektur.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Seng ëmfangräich Verdéngschter ëm d'Land hunn dozou geféiert, datt den Hubert Schumacher mat lëtzebuergeschen an auslänneschen Auszeechnungen honoréiert gouf, wéi z. B.:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert Trausch Athénée 400 Joer (.pdf; 0,9 MB)
  • Paul Spang: Luxemburgs Staatsarchitekten. Nationalbibliothek Luxemburgensia LV 106/ 1986
  • P. Spang an R. Staud: Sankt Willibrordusbasilika Echternach Schnell Kunstführer N°800
  • Jean Petit: Chapelle du Christ Roi in: L'architecture moderniste à Luxembourg. Les années 30. S. 42 - S. 45, Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg, 1997, ISBN 2-919878-02-6
  • Alain Linster: Villa Kutter in: L'architecture moderniste à Luxembourg. Les années 30. S. 60 - S. 63
  • Pierre Schumacher: Maisons jumelées Cerf et Pauly in: L'architecture moderniste à Luxembourg. Les années 30. S. 66 - S. 69
  • Antoine Prum: Maternité Grande-Duchesse Charlotte in: L'architecture moderniste à Luxembourg. Les années 30. S. 36 - S. 41
  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, Ss. 192-193

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hubert Schumacher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté ministériel du 15 mars 1945 portant création d'une commission de surveillance pour la restauration des édifices religieux. op legilux.lu, gekuckt de 27. Januar 2018
  2. Arrêté ministériel du 10 mai 1948, portant institution de la commission des soumissions prévue par l'arrêté ministériel du 1er mars 1948 et nomination de ses membres op legilux.lu, gekuckt de 27. Januar 2018
  3. Arrêté ministériel du 16 mai 1950 portant création d'une commission interministérielle pour la prévention et la résorption du chômage op legilux. lu, gekuckt de 27. Januar 2018
  4. Arrêté du Conseil de Gouvernement du 30 novembre 1954 concernant la composition et les attributions de la Commission de Surveillance des Centres d'enseignement professionnel de l'Etat op legilux.lu, gekuckt de 27. Januar 2018