Paul Wigreux

Vu Wikipedia
Paul Wigreux
Gebuer 29. Abrëll 1880
Bouneweg
Gestuerwen 23. Mee 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt

De Paul Wigreux, gebuer den 29. Abrëll 1880 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 23. Mee 1960, war e lëtzebuergeschen Architekt a Moler.

No senger Schoul am Kolléisch, ass en op Urode vu sengem Zeecheprofesser, dem Michel Engels, op München an duerno op Stuttgart weider léiere gaangen. Säin Diplom fir Ingenieur-Architekt krut hien 1909 zu Darmstadt.
Ier hie sech selbstänneg gemaach huet, huet hien e Stage am Architektebüro vum Jean-Pierre Koenig gemaach. 1913 ass en Architekt vun der Stad Esch genannt ginn an ass do bliwwe bis 1921. Dono gouf en den Nofollger vum Sosthène Weis als Staatsarchitekt.

Hie war vun 1937-1939 President vum Cercle Artistique de Luxembourg a krut 1910 de Prix Grand-Duc Adolphe.

Architektonescht Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 171

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Paul Wigreux. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (25 Mee 1960). Gekuckt de(n) 2023-01-11.