Kierch Eppelduerf

Vu Wikipedia
Kierch vun Eppelduerf

Uertschaft / Plaz Eppelduerf
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Lambert
Koordinaten 49° 50’ 43.9’’ N
      06° 14’ 48.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Eppelduerf ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert.

Patréiner vun der Par Eppelduerf ass den hellege Lambert, e fréiere Bëschof vu Léck, deem säi Fest den 18. September gefeiert gëtt. Zanter 1738 gëtt hien an dëser Kierch veréiert.

Duerch en Arrété ministeriel vum 21. Oktober 1968 gouf d'Kierch mat dem historesche Mobiliar op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Dat haitegt Kierchegebai staamt aus der Zäit, an där d'Herzogtum Lëtzebuerg zu Éisträich gehéiert huet. Ënner der Maria Theresia hat d'Land en ekonomeschen Opschwong erlieft. Sou gouf an de Jore 1758/59 déi al Eppelduerfer Kierch ënner der Leedung vum Steemetzer a Sculpteur Sigmund Mungenast ëmgebaut. Beim Ëmbau gouf den Tuerm vun der fréierer Parkierch an den Neibau mat agegliddert. Den Optrag koum vum Patronats- an Zéngten-Här vun Eppelduerf, dem Iechternacher Abt Michael Horman.

Mobiliar[änneren | Quelltext änneren]

Héichaltor[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer dem goldegëllenen Tabernakel sëtzt den hellege Lambertus a Liewensgréisst op engem Troun, an der Hand hält hien e Bëschofsstaf.

Marienaltor[änneren | Quelltext änneren]

De lénkse Säitenaltor huet als Altorbild den Empfank vun der Maria am Himmel, vum Louis Counet (1652-1721). Et dréit d'Bild vum Wope vum Benedikt Zender, deen Abt vu 1693 bis 1717 war. D'Bild um Antependium weist den hellege Benedikt vun Nursia an der Grott vu Subiaco.

Jousefsaltor[änneren | Quelltext änneren]

Um Bild vum rietse Säitenaltor ass den hellege Willibrord ze gesinn; an e Wope vum Abt Willibrord Hotton (1684-1693). Um Antependium ass e Bild vun der Maria Magdalena.

Béid Antependie weisen den Numm vum Klouschterbrudder Philippus Matthei vun Iechternach.

Beichtstill[änneren | Quelltext änneren]

Déi véier Beichtstill goufen an der franséischer Revolutioun am Franziskanerklouschter zu Dikrech versteet an op Eppelduerf bruecht.

Priedegtstull[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Rodange gëtt un, datt de Priedegtstull vun engem Öhmchen Märten aus Schilkes soll sinn. Domat kéint de Schräiner Martin Kolges vu Waldbëlleg gemengt sinn.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Et ass en Uergelpositiv a Form vun engem Schräin. D'Instrument ass an zwéin Deeler. De Sockel ass de Gebléisdeel an driwwer ass déi eigentlech Uergel. D'Gehais an d'Bänk sinn aus massiver Eech, mat engem Gitter, dat handgeschnëtzt ass. Dat Ganzt ass mat Wuess iwwerzunn.

De Gebléissockel ass 68 cm déif an 18 cm héich. D'Uergel ass 114 cm breet, 66 cm déif a 70 cm héich.

Den Tounëmfank geet vun C - c'''. D'Transpositioun läit bei 392 - 415 - 440 - a 465 Hz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Eppelduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien
Eppelduerfer Kierch vu bannen

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).