Zéngten

Vu Wikipedia
Bauere ginn hire geeschtlechen Hären den Zéngten of.

Den Zéngten oder Zéngt (Kierchenzéngten, lat.: decenia, fr.: dîme, en.: tithe) war eng zéngprozenteg traditionell Steier un eng reliéis (z. B. Tempel, Kierch) souwéi weltlech (Kinnek, Grondhär) Institutioun. Dës Steier war schonn am Altertum a verschiddene Kulture bekannt, a war iwwer d'Mëttelalter an d'Neizäit üblech.

D'Iddi vun enger Steier fir den Ënnerhalt vum Klerus fënnt sech an der Bibel (Genesis XIV-20 an XXVIII-22). Bei de Judde war den Zéngten den zéngten Deel vun der Récolte fir den Ënnerhalt vun de Leviten a vun alle Revenuë fir e Fest fir d'ganzt Haus z'organiséieren.

Am Chrëschtentum war den Zéngten eng reliéis Praxis, déi am 4. Joerhonnert obligatoresch gouf. D'Kapitularië vu 779 a 794 hunn dës Steier am ganze fränkesche Räich generaliséiert, och op de perséinleche Besëtz vu Membere vum Klerus.

An engem Schreiwes vum Poopst Gregor II. vum 1. Dezember 722 un de Bonifatius heescht et:

Aus den Einkünften der Kirche und den Opfergaben der Gläubigen soll er [Bonifatius] vier Teile machen: Einen davon soll er für sich behalten, den zweiten unter den Geistlichen verteilen, entsprechend ihrem Eifer in der Erfüllung ihrer Pflichten, den dritten Teil soll er an die Armen und Fremden geben, den vierten soll er aber für den Kirchenbau zurücklegen.[1]

De Poopst Zacharias huet 748 an engem Bréif un adeleg Franke geschriwwen:

Was aber die Zehnten der Gläubigen betrifft, die in den Kirchen dargebracht werden, so soll es nicht im Belieben des Gebers liegen, sie zu verteilen. Denn die Satzungen der heiligen Väter bestimmen, dass daraus vom Bischof vier Teile gemacht werden sollen. [...] Daraus müssen nämlich die Almosen bereitgestellt werden, daraus muss der Kirchenbau und die Altarausstattung bezahlt werden [...][2]

Zu der Zäit vum Karel dem Grousse gouf den Zéngte gesetzlech confirméiert a vollstänneg am Decretum Gratiani (ëm 1140) gereegelt.

Regional ënnerschiddlech krute meeschtens de Bëschof, de Paschtouer, déi Aarm an de Bistum e Véirel vum Zéngten; zanter dem 10. Joerhonnert krut de Paschtouer een Drëttel an de Bëschof zwee Drëttel, deen doraus fir d'Aarmevirsuerg an de Bedarf vum Bistum (fabrica ecclesiae) huet missen opkommen. A Schweden gouf bis an d'Mëtt vum 13. Joerhonnert een Drëttel un de Paschtouer ginn, an déi aner zwee Drëttel goufen tëscht Bëschof, Kierchefabréck an den Aarmen opgedeelt.

Déi ofgeliwwert Wueren goufen an enger sougenannter Zéngtscheier (lokal zu Lëtzebuerg och Zéiescheier, Zeenscheier, Zéinscheier oder Zéintscheier genannt) versuergt. Dat war dacks no der Kierch dat gréisst Gebai am Duerf.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • "Briefe des Bonifatius" in Ausgewählte Quellen zur Deutschen Geschichte des Mittelalters Band IV b, Darmstadt, 1968.
  • Jean Favier, Dictionnaire de la France médiévale, Fayard, Paräis, 1993.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Briefe des Bonifatius" in Ausgewählte Quellen zur Deutschen Geschichte des Mittelalters Band IV b, Darmstadt, 1968.
  2. idem.