Willibrord Hotton

Vu Wikipedia
Willibrord Hotton
Gebuer 1650
Lëtzebuerg
Gestuerwen 18. Abrëll 1693
Lëtzebuerg


De Willibrord Hotton[1], gebuer am Joer 1650[2] an der Stad Lëtzebuerg[3] an do den 18. Abrëll 1693 am Refugium vun der Abtei Iechternach gestuerwen,[4] war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an de 67. Abt vun der Iechternacher Abtei[5]

De Willibrord Hotton, dee 1675 zum Priister geweit gi war, a spéider an der Abtei Granarius a Cellerarius war[6], ass 1684 nom Doud vum Abt Philippe de la Neuveforge als Abt vun der Iechternacher Abtei gewielt ginn. Den 1. November 1684 ass hie vum Louis XIV. ernannt ginn.[7] Seng Investitur duerch de Bëschof vun Tréier war am Februar 1685.[8] Eng Confirmatioun duerch de Poopst ass awer ausbliwwen, warscheinlech well den Hotton vum franséische Kinnek genannt gi war.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. [67. Abt: Willibrord Hotton, 1684-1693].
  • Calmet, Augustin, 1757. Histoire de Lorraine. Nouvelle édition. Tome VII. Leseure, Nancy. Online
  • Eringer, Placidus, 2009. Ephemeriden des Placidus Eringer. Übersetzung und Kommentar von Pol Schiltz und Pierre Kauthen. Archives nationales (éd.), Luxembourg, 240 S.
  • Lascombes, François, 1988. Chronik der Stadt Luxemburg, 1684-1795. Eigenverlag des Autors, Luxemburg, 576 S.
  • Probst, Edouard, 1949. La ville et l'abbaye d'Echternach sous la domination de Louis XIV (1680-1697). Luxemburger Wort 1949-05-28, S. 7. BnL
  • Probst, Edouard, 1951. Elections abbatiales à St-Willibrord d'Echternach au temps de Louis XIV. Die Warte 1951-05-09, Nr. 19, S. 10-11. BnL.
  • Sprunck, Alphonse, 1947. Aus der Chronik des Echternacher Mönchpfarrers Oswald Kees. Luxemburger Wort 1947-05-24, S. 10. BnL
  • Sprunck, Alphonse, 1954. Philippe de la Neuveforge, abbé d'Echternach, 1621-1684, d'après le chroniqueur Philippe Becker. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 6, p. 300-316. BnL
  • Thiel, Jacques, 1951. L'Abbaye d'Echternach: ses élections abbatiales au XVIIIe siècle. T'Hémecht 1951, Heft 4, S. 27-42. BnL

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. “Willibrord“ war dem Hotton säi Virnumm als Pater. Gebuer gouf hien als "Charles" Hotton; seng Eltere waren de Georges Hotton an d'Maria Feltz (Sprunck 1954, S. 306).
  2. Sprunck 1954, S. 306. – Laut Eringer 2009, S. 17, war hien 43 Joer al, wéi hie 1693 gestuerwen ass.
  3. Lascombes 1988, S. 76.
  4. Lascombes 1988, S. 76; Probst 195; Calmet 1757, Listes chronologiques, col. LXXI-LXXII]. Beim Eringer (2009) steet op der S. 17 den15. Abrëll 1693 als Stierfdatum an op der S. 27 den 18. Abrëll 1693.
  5. Brimmeyr 1923.
  6. Sprunck 1954, S. 306.
  7. Probst 1951; Sprunck 1947. — Den Eringer, deen net zu den Unhänger vum Hotton gezielt huet, insistéiert a sengen „Ephemeriden“ drop, datt d'Fransousen dësen zum Abt gemat hätten. A wat deem seng Amtszäit ubelaangt, mengt den Eringer, datt et besser wier, doriwwer de Mond ze halen als eppes dozou ze soen (Eringer 2009, S. 24).
  8. Probst 1951.