Jean-Pierre Brimmeyr

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Brimmeyr
Gebuer 26. Mäerz 1799
Gräisch
Gestuerwen 25. August 1876
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Apdikter, Historiker, Buergermeeschter zu Lëtzebuerg
Member vun Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal, Section historique vum Institut grand-ducal
Famill
Kanner Rodolphe Brimmeyr

De Jean-Pierre Brimmeyr, gebuer de 26. Mäerz 1799 zu Gräisch a gestuerwen de 25. August 1876 zu Iechternach, war e lëtzebuergeschen Apdikter, Politiker, Historiker an Naturwëssenschaftler[1].

De Jean-Pierre Brimmeyr, deen 1826 Apdikter ginn ass, huet am Ufank als Provisor zu Iechternach an der Apdikt Heldenstein geschafft, déi hien 1827 iwwerholl huet. Hie gouf am November 1830 fir eng éischt Kéier Member vum Gemengerot vun der Stad Iechternach, deen deemools ënner dem belsche Regime "Conseil de Régence" geheescht huet. Vun 1840 u bis zu senger Demissioun am Oktober 1868 war hie praktesch ouni Ënnerbriechung Member am Gemengerot, zäitweis als Schäffen (15. Juli 1842 - 1. Mäerz 1843), a vum 7. Mee bis den 28. Dezember 1843 als Buergermeeschter. D'Nominatioun vum 7. Mee war nëmme provisoresch, si ass den 28. Mee 1843 confirméiert ginn[2].

Vun 1835 bis 1840 huet hien och Coursen an der Industrie- a Mëttelschoul vun Iechternach gehalen, wou hie Geschicht, Geographie an Zeechnen, a vun 1837 un och Naturwëssenschaften enseignéiert huet[3].

De J.P. Brimmeyr war Member vun der "Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques" a vun der "Société des sciences naturelles". Hien huet eng Rei vun historeschen an naturwëssenschaftleche Publikatiounen opzeweisen, dorënner dem Abt Bertels seng Historia Luxemburgensis, déi hien 1856 zesumme mat dem Professer Mathieu Michel erausginn huet, a seng Geschicht vun der Stad an der Abtei Iechternach, déi posthum erauskomm ass.

Hie war de Papp vum Apdikter a Cheemiker Rodolphe Brimmeyr.

Zu Iechternach gëtt et eng "rue Jean-Pierre-Brimmeyr" (Éischtricher Buurchmauer) (L-6416); si verbënnt d'Hooveleker Buurchmauer (Mousgaass) mat der "rue de Luxembourg" (Éischtrich)[4].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1850: Observations sur quelques anciens bâtiments de la Ville d'Epternach. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques, V: 65-88.
  • 1851: Rapport sur la recherche d'antiquités romaines à Epternach. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques, VI: 74-85.
  • 1854: Esquisse des environs de la ville d'Echternach. Bulletin de la Société des sciences naturelles, Luxembourg, 2: 25-36.
  • 1856: Historia Luxemburgensis: seu commentarius quo ducum luxemburgensium ortus, progressus ac res gestae continuata serie ab ipso primario initiatore, usque ad praesentem illustrissimum archiducem Albertum, accurate describuntur, simul et totius provinciae Luxemburgensis ducatus, marchionatus, baronatus, caeteraque dominia succincte perstringuntur / omnia summo studio atque admiranda iucunditate a Joanne Bertelio. Editio recognita et summario vitae auctoris adaucta a J.P. Brimmeyr et Math. Michel. Luxemburg, V. Bück, XXII, 378, XVIII S. [2]
  • 1857: Les animaux sauvages indigènes, considérés sous le point de vue économique. Bulletin de la Société des sciences naturelles, Luxembourg, 4 (1855-1856): 77-94.
  • 1862: Notizen über die Willibrordus-Kirche in Echternach. Luxemburg, V. Bück, 30 S.
Posthum Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]
  • Souvenirs et causeries. (net fäerdeg Autobiographie, vun där posthum fragmentaresch Extraite publizéiert goufen: Voix des Jeunes 1922, 1928; Volksbildungskalender 1918, S. 52-58; Cahiers luxembourgeois, Jg. 24, Nr. 1/2 an 3).[5]
  • 1921: Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 1. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 320 S.[6]
  • 1923: Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Zweite Hälfte des zweiten Teiles, begreifend den Zeitraum 1298-1797. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 259 S.[6]
  • 1928: Souvenirs et causeries. Bourgeois et paysans de Luxembourg au temps de la révolution française. Le rôle de la franc-maçonnerie. Luxemburger Volksbildungskalender, 11(1928): 63-67.[5]
  • 1952: Une adolescence passée au collège de Luxembourg. Extraits des "Souvenirs et causeries" de J.-P. Brimmeyr. Les Cahiers luxembourgeois, 24 (1952), Nr. 1/2, S. 67-90, Nr. 3.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hess, Joseph (1952): Jean-Pierre Brimmeyr 1799-1876. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fasc. 4, S. 457-478. BNL
  • Massard, J. A. & G. Geimer, 1992. Les professeurs de sciences et leur oeuvre. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 465-480.
  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg, J. Joris, 490+XXXI+XII p. + Table gén. alphabét. + Fautes typographiques à corriger et additions à quelques articles. (J.-P. Brimmeyr: S. 58-60 a "Fautes typogr. et additions", S. 2).
  • Schintgen, Heinrich (1921): Vorwort und biographische Notiz über Johann Peter Brimmeyr. In: Johann Peter Brimmeyr: Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 1. - Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, S. 3-6.
  • Ternes, Charles-Marie (1969): Jean-Pierre Brimmeyr et les environs d'Echternach. In: Die Warte. - Luxembourg. - Année 22(1969), n° 11, S. 2.
  • Wilhelm, Frank (1991): Vient de paraître: Geschichte der Stadt und Abtei Echternach (Erster und Zweiter Band) par Johann Peter Brimmeyr. Die Warte Nr. 5/1581, 7. Februar 1991, S. 3.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hess 1952.
    J.A. Massard: Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre universitaire de Luxembourg, Département des sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1 (1988), S. 206.
    H. Kugener: Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg 2005, S. 192f.
  2. Hess 1952, S. 472, a Memorial 1843, S. 393f.[1] — De J.A. Massard (1988) schreift den 8.3.1843 amplaz de 7.5.1843, een Datum, deen op d'Lëscht vun de Buergermeeschteren aus dem Gemengenarchiv vun Iechternach zeréckgeet.
  3. P. Kauthen: Du Collège au Lycée classique. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg 1992, S. 69. H. Trauffler: Les professeurs historiens. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg 1992, S. 561.
  4. Zimmer, C., A. Wolzfeld & P. de Jong, 1981. Alte Gassen - Liebe Heimat. In: P. Schritz & A. Hoffmann (Hrsg.): Abteistadt Echternach. Echternach cité abbatiale. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, S. 289-303.
  5. 5,0 5,1 5,2 Dem Rodolphe Brimmeyr no huet de J.P. Brimmeyr dës Souveniren am Joer 1869 zu Pabeier bruecht (Goedert, J., 1987. De la Société archéologique à la Section historique de l'Institut Grand-Ducal: tendances, méthodes et résultats du travail historique de 1845 à 1985. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, 101, S. 217).
  6. 6,0 6,1 Dem Brimmeyr seng Geschichte der Stadt und Abtei Echternach gouf 1983 (1. Bd.) resp. 1991 (2. Bd.) vun der Imprimerie Burg vun Iechternach rééditéiert. Cf. Wilhelm 1991 (Literatur).