Pierre Kauthen

Vu Wikipedia
Pierre Kauthen
Gebuer 30. Juli 1936
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Politiker, Historiker

De Pierre Kauthen, gebuer den 30. Juli 1936 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche pensionéierte Lycéesprofesser, Lokalpolitiker an Historiker.[1]

Studium[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Kauthen war vun 1948 u Schüler am Stater Atheneum, wou hien 1955 de Premièresexame gemaach huet. Dono huet hien zu Lëtzebuerg (Cours supérieurs), Paräis (Sorbonne) an Aix-en-Provence (Faculté des lettres) Literatur studéiert. Den 10. Mäerz 1960 huet hien am Kader vun der Collation des grades säi lëtzebuergeschen Doctorat en philosophie et lettres mat de Fächer Franséisch, Latäin an Algriichesch erfollegräich bestanen.[1]. Seng Thees (1962) huet L'humour de Mallarmé geheescht, a säi Mémoire pédagogique (och 1962) hat den Titel À propos du grec et de l'étude des auteurs grecs dans l'enseignement.

Professer am LCE[änneren | Quelltext änneren]

No engem obligatoresche Militärdéngscht (3. Abrëll 1960 bis 3. Januar 1961) huet hien de 4. Januar 1961 zu Iechternach am LCE (Lycée classique d'Echternach) als Stagiär ugefaangen. Säi prakteschen Examen um Enn vum Stage huet hie mat der Verdeedegung vun enger wëssenschaftlecher Dissertatioun, déi als Sujet „L'humour de Mallarmé (1962) hat, ofgeschloss. Am August 1962 krut hie seng Nominatioun als Repetent an am August 1963 déi als Professer. Seng weider Carrière huet sech och am LCE ofgespillt. Vun 1980 bis 1984 war hien Directeur adjoint, am Dezember 1989 gouf hie Conseiller pédagogique (Sproochen), den 1. Oktober 1996 ass hien als Professeur honoraire pensionéiert ginn.[1]

Lokalpolitiker[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Kauthen war vun 1976 bis 1996 als Member vun der CSV-Fraktioun am Iechternacher Gemengerot. Vun 1982 bis 1988 war hien 1. Schäffen.[1]

De Pierre Kauthen war de President vun der Kommissioun, déi sech vum Mäerz 1995 un ëm d'Organisatioun vum 1300. Anniversaire vun der Grënnung vun der Abtei Iechternach, deen 1998 gefeiert gouf, gekëmmert huet.[2]

Kulturell Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Kauthen war Grënnungsmember vun den Amis du Vieil Echternach (1965). Vun 1967 bis 1998 war hie President vun der Iechternacher Sektioun vun den Amitiés françaises.[3] Am Februar 1978 gouf hie Chevalier am Ordre des Palmes académiques.[1]

Vun 1988[4] bis 2014[1] war de Pierre Kauthen President vum Cercle philatélique d'Echternach.

Willibrordus-Bauveräin a Sprangpressioun[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1989 bis 2014 war de Pierre Kauthen President vum Willibrordus-Bauveräin.[1]

Vun 1976 un huet hien zur Equipe, déi d'Iechternacher Sprangpressessioun organiséiert, gehéiert. Vun 2002 bis 2009 war hien de Coordinateur vum Aarbechtsgrupp, deen den Dossier elaboréiert huet, dee fir d'Klasséierung vun der Sprangpressioun als immaterielle kulturelle Patrimoine duerch d'UNESCO agereecht gouf.[1]

Asaz an der kathoulescher Kierch[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Kauthen huet un der IV. Diözesansynod (1972-1981) deelgeholl. Hie war Member vun der Zentralkommissioun, President vun der liturgescher Kommissioun a Moderator vun der Sessioun, déi dem Dokument „Ehe und Familie“ (13. Juni 1981) gewidmet war.[1]

Member vum Institut grand-ducal[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Kauthen ass zënter 2010 Membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal.[5]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Kauthen ass den Auteur vun enger ganzer Rei vun Studien an Artikelen iwwer d'Sprangpressioun, de Willibrorduskult an d'Lokalgeschicht vun Iechternach. Donieft huet hie Chronike vun der Abtei an der Par Iechternach aus dem Latäin op Däitsch oder Franséisch iwwersat. Vun 1990 bis 2005 war hie fir déi redaktionell Leedung vum Feliciter verantwortlech.

Bicher a Broschüren[änneren | Quelltext änneren]

  • Gottfried von Apremont, Abt und Herr in Echternach (1539-1562). Urkunden- und Quellenbuch. Bearbeitet von Pol Schiltz, Al Estgen und Pierre Kauthen. Herausgegeben vom Willibrordus-Bauverein, Echternach. Verlag für Geschichte u. Kultur, Trier, 626 S.
  • Pilipp Becker, OSB (18. Jahrhundert), Geschichte der Abtei Echternach. Aus dem Lateinischen übersetzt. Übersetzung und Kommentar: Pierre Kauthen und Pol Schiltz. Trier 2021, S. 1-268. In: Pilipp Becker, OSB (18. Jahrhundert), Geschichte der Abtei Echternach. Aus dem Lateinischen übersetzt. Verlag für Geschichte und Kultur, Trier 2021, XIV, 268 S. (Publikationen aus dem Stadtarchiv Trier, Bd. 6 / Echternacher Schriftquellen – Sources epternaciennes, vol. 4).
  • St. Willibrord, The Model of a Saint, translated by Michel Summer. Ed. Willibrordus-Bauverein, Echternach 2020, 51 p.
  • Lettres de l'abbé Jean Bertels à son cellérier Jean de Luxembourg. Traduction : Pierre Kauthen. Notes et commentaires de Pol Schiltz. Sources epternaciennes, vol. 2. Ed. Œuvre Saint-Willibrord, Trier, 2016, 115 p.
  • Saint Willibrord, Une vie exemplaire. Ed. Œuvre Saint-Willibrord, Echternach 2014, 51 p.
  • St. Willibrord, Das Beispiel eines Heiligen. Ed. Willibrordus-Bauverein, Echternach 2013, 51 S.
  • Die Muttergotteskapelle in Echternach. Ed. Willibrordus-Bauverein, Echternach 2013, 31 S.
  • 150 Jahre Willibrordus-Bauverein Echternach 1862-2012. Ed. Willibrordus-Bauverein, Echternach 2012, 236 p.
  • Oswald Keess, Collectarium Documentorum atque Memorabilium Parochialis Ecclesiae Sanctorum Petri et Pauli in Epternaco, übersetzt und übertragen von Pierre Kauthen. Ed. Willibrordus-Bauverein, Echternach 2012, 181 S.
  • Ephemeriden des Placidus Eringer, Übersetzung und Kommentar von Pol Schiltz und Pierre Kauthen. Archives nationales de Luxembourg, 2009, 240 Säiten.[6]
  • Oswald Keess : La retraite honorable et religieuse, traduit et commenté par Pierre Kauthen et Pol Schiltz. Archives nationales de Luxembourg, 2008, 264 p.

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • La procession dansante d'Echternach et ses descriptions au 19e siècle. Hémecht 1979 (3) , p. 405-438. PDF
  • La procession dansante dans la 1re moitié du 20e siècle. In: Willibrord, Apostel der Niederlande, Gründer der Abtei Echternach, herausgegeben von Georges Kiesel und Jean Schroeder, Luxemburg 1989, S. 251-263.
  • La procession dansante dans la deuxième moitié du XXe siècle. Hémecht 2004 (2), p. 153-169. PDF
  • Du Collège au Lycée classique d'Echternach (1803-1991). In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch 1841-1991, Luxembourg 1992, p. 45-169.
  • Das Leben der Echternacher Bevölkerung in der Evakuation (1944-1945). In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1994, Echternach 1995, S. 81-110.
  • Die Rückkehr der Echternacher aus der Evakuation und der Beginn der Rekonstruktion. In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1995, Echternach 1996, S. 7-25.
  • Die Springprozession vor 50 Jahren, « Es war dies die denkwürdigste Prozession, die Echternach je gesehen » (LW.23.5.1945). In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1995, Echternach 1996, S. 60-62.
  • Le Convict au fil des temps. Nos Cahiers 1997 (4), p. 67-76.
  • Fidélité et ouverture. Le Convict épiscopal de 1940 à 1960. In: 125e anniversaire du Convict épiscopal de Luxembourg, Luxembourg 1997, p. 181-204.
  • Das Leben der Echternacher Bevölkerung unter der deutschen Besatzung (1940-1944). In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1996, Echternach 1997, S.151-182.
  • Le Canton d'Echternach. De l'entité administrative à l'unité des sentiments. Nos Cahiers 1998 (2/3), p. 9-29.
  • Echternacher mundartliche Köstlichkeiten. Nos Cahiers 1998 (2/3), S. 445-449.
  • Echternach 698-1998, Chronik des Jubiläumsjahres. In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1999, Echternach 1999, S. 363-403.
  • Johannes Bertels, Echternach, Kapitel aus der Historia Luxemburgensis, übersetzt von Pierre Kauthen. In: Analecta Epternacensia, Beiträge zur Bibliothekgeschichte der Abtei Echternach, Bibliothèque nationale de Luxembourg, Stadtbibliothek Trier, Luxemburg 2000, S. 101-173.
  • Johannes Bertels, Das Kloster der hl. Klara, Kapitel aus der Historia Luxemburgensis, übersetzt von Pierre Kauthen. In: Jahrbuch der Stadt Echternach 2001, Echternach 2001, S. 11-15.
  • Willibrord gestern und heute für eine humanere Welt. Prägnante Zeichen aus vergangenen Jahrhunderten dies- und jenseits der Grenze. Luxemburger Wort 2004-11-06, S. 47-48.
  • La vénération des Rois Mages à Echternach. Hémecht 2009 (4), p. 495-511. PDF
  • Ein plettel foll forellen. Bulletin de liaison des Anciens de l'Athénée, Fasc. 29, Septembre 2010, p. 5-8.
  • Vom Fraubillenkreuz zum Grab des hl. Willibrord. Der freudige Weg vom Heidentum zum Christentum. Hémecht 2011 (1), S. 5-19. PDF
  • Die Echternacher Springprozession. Ein weltweites anerkanntes und geschütztes Kulturerbe. Luxemburger Marienkalender 2012, S. 7-18.
  • Le patrimoine culturel immatériel à l'exemple de la Procession dansante d'Echternach. Nos Cahiers 2014 (2), p. 119-128.
  • Mit David tanzen. Luxemburger Wort 2011-06-11, S. 42-43.
  • Echternach und die Springprozession. In: M. Klöcker & U. Tworuschka, Handbuch der Religionen, Bd. 3, Olzog, München 2012, I-23.4, S. 1-14.

Biographien an Noriff[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Bollig aus Echternach zum Gedenken. Luxemburger Wort 1980, Nr. 20, S. 10.
  • Camille Wampach (1884-1958). L'historien aux sources d'Echternach. In: P. Schritz & A. Hoffmann: Abteistadt Echternach. Echternach, cité abbatiale. Impr. St-Paul, Luxembourg 1981, S. 79-86.
  • L'exécution du professeur Alphonse Schmit, condamné à mort par le Standgericht: la répression au Lycée classique d'Echternach. Luxemburger Wort 1992-08-29, Nr. 199, Sonderbeilage: 50 Joer Zwangsrekrutéierung 30. August 1942, S. 19.
  • Dem Echternacher Louis Leitz zum Gedenken. Luxemburger Wort 1993-11-30, S. 10.
  • Dem Echternacher Dr. Will Speck zum Gedenken. Luxemburger Wort 1992-12-29, S. 9.
  • Paul Spang fête ses 75 ans. Die Warte 1997-07-03, Nr. 22, S. 2.
  • Charel Zimmer, Sohn einer großen Familie. In: Jahrbuch der Stadt Echternach 2001, S. 123-129.
  • Deux chroniqueurs d'Echternach: Eringer et Keess. récré 21 (2005), S. 214-246 (coauteur: Pol Schiltz).
  • Dem Echternacher Gérard Wohl zum Gedenken. Luxemburger Wort 2013-04-25, S. 65.
  • Jos Schmit aus Echternach zum Gedenken. Luxemburger Wort 2018-12-04, S. 64.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 1,7 1,8 Email vum Pierre Kauthen vum 1. August 2020 mat engem Curriculum vitae.
  2. Pierre Kauthen, 1999. Echternach 698-1998, Chronik des Jubiläumsjahres. In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1999, Echternach 1999, S. 363-403.
  3. Frank Wilhelm: Echternach. Pierre Kauthen a assumé la présidence des Amitiés françaises pendant 30 ans. Luxemburger Wort 1998-04-09.
  4. Kauthen, P., 1998. Vereinschronik. In: Cercle Philatélique Echternach (éd.): 57e Journée du Timbre Echternach, S. 129.
  5. Institut grand-ducal, Section historique, Liste de nos membres.
  6. Suzanne Faber, Publications des Éphémérides de Placidus Eringer. Une immersion derrière la clôture de l'abbaye d'Echternach au XVIIIe siècle, in Luxemburger Wort vum 3. Dezember 2009.