Annuaire de la Ville d'Echternach

Vu Wikipedia
Deckelsäit vum éischten Annuaire (1995)

Den Annuaire de la Ville d'Echternach - Jahrbuch der Stadt Echternach - Jaouerbouch voan der Stad Eechternoach ass e Joerbuch, dat tëscht 1995 an 2001 vun der Stad Iechternach publizéiert gouf. Déi éischt véier Bänn (1995-1999) koumen ënner der Leedung vum Konselljee respektiv Buergermeeschter Jos Massard eraus, de 5. a leschte Band ënner der Verantwortung vum Michel Kneip, deemolegen 2. Schäffen.

  • Band 1: 1995 (Joer 1994);
  • Band 2: 1996 (Joer 1995);
  • Band 3: 1997 (Joer 1996);
  • Band 4: 1999 (Joren 1997-1998);
  • Band 5: 2001 (Joren 1999-2000).

Nieft der Chronik vun der Gemeng an de Veräiner huet den Annuaire virun allem eng ganz Rei vun historeschen, literareschen, naturwëssenschaftleschen asw. Artikele publizéiert.

Auteure sinn ë. a. Frank Wilhelm, Pierre Kauthen, Jean Schroeder, Jos Massard, Théophile Walin, André Grisse, Paul Spang, Henri Trauffler, Pierre Lech, Peter Neu, Al. Steinmetz, Änder Hatz, Robi Gottlieb, Mady Schaffner, Georges Theves, Fred Karen, Gérard Wohl, Jhemp Biver, Paul Schwebag, Marcel Lorenz, Peter Göbel, Emile Erpelding, Jean Malget, Henri Wagener.