Mady Schaffner

Vu Wikipedia
Mady Schaffner (1993)
Mady Schaffner
Gebuer 13. Dezember 1934
Gestuerwen 24. August 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Robert Schaffner

D'Mady Schaffner, gebuer den 13. Dezember 1934 zu Iechternach a gestuerwen de 24. August 2021[1][2], war eng fréier Haushaltungsléierin (maîtresse d'enseignement ménager familial) a Politikerin.[3]

Studium a Beruff[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul zu Iechternach, ass d'Mady Schaffner an de Stater Meedercheslycée gaangen, wou si 1955 de Premièresexame gemaach huet. Duerno huet si ee Joer laang Sekretariat zu Bréissel studéiert an uschléissend eng zweejäreg Ausbildung an der École normale pour l'enseignement ménager familial zu Ettelbréck gemaach fir Haushaltungsléierin ze ginn.[3]

Vun 1964 un huet si an der Primärschoul ersat: zu Reisduerf, zu Lelleg an zu Berbuerg. Vun 1969 bis 1988 huet si als Haushaltungsléierin am Iechternacher Enseigement complémentaire geschafft.[3]

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1988 bis 1998 war d'Mady Schaffner am Iechternacher Gemengerot. Am Oktober 1987 ass si op der DP-Lëscht an de Gemengerot gewielt ginn. Si gouf an der Sitzung vum 12. Februar 1988 vum Buergermeeschter Jos Scheuer vereedegt.[4] D'Mady Schaffner war déi éischt Fra, déi jee an den Iechternacher Gemengerot gewielt gouf.

Vum 1. Januar 1994 u stoung d'Mady Schaffner, déi virdru mat hirer Partei d'Oppositiounsbänk gedréckt hat, als Buergermeeschter un der Spëtz vun der Iechternacher Gemeng. Am Februar 1998 huet si hiert Mandat un de Jos Massard weiderginn, deen de 27. Februar seng Nominatioun kritt huet an de 6. Mäerz 1998 vereedegt ginn ass.

D'Mady Schaffner war vu Jonktem un am Scoutissem (FNEL) aktiv.

Si ass d'Duechter vum Robert Schaffner an d'Enkelkand vum Mathias Schaffner.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ehrenbürgermeisterin Mady Schaffner ist tot. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-08-25). Gekuckt de(n) 2021-08-25.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 26.. August 2021
  3. 3,0 3,1 3,2 Broschür vun der DP-Eechternoach fir d'Gemengewalen 1993. Imprimerie Centrale.
  4. Luxemburger Wort vum 18. Februar 1988 (Säit 7): Gemeinderat Echternach diskutiert Schöffenratserklärung. Bericht über die Sitzung vom [Freitag], 12. Februar 1988.