Mathias Schaffner

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mathias Schaffner (1869-1940)

De Mathias (Metty)[1] Schaffner, gebuer de 15. Dezember 1869 zu Iechternach an do gestuerwen de 4. Juli 1940, war e lëtzebuergesche Politiker.[2]

De Mathias Schaffner war de Jong vum Charles Schaffner an der Marie Marman.[2] Vu Beruff war hie Schmadd.

Am Oktober 1914 gouf hien an den Iechternacher Gemengerot gewielt an dräi Joer méi spéit gouf hie Schäffen.[1] Vum 31. Dezember 1924 (Datum vun der Nominatioun) bis zu sengem Doud war hie Buergermeeschter vun der Stad Iechternach.[2][3]

Vun 1928 bis 1940 war hien och Deputéierten (Rietspartei).[4]

Wéi de Paul Cerf schreift, war d'Begriefnes vum Mathias Schaffner, de 7. Juli 1940,[5] déi lescht ëffentlech Manifestatioun un där d'Lëtzebuerger Deputéierte während der Nazi-Occupatioun deelgeholl hunn: Son enterrement fut l'occasion de la dernière manifestation publique des députés au cours de l'occupation. En effet, c'est revêtus de l'insigne de leur charge, l'écharpe tricolore, que tous les députés présents au Grand-Duché tinrent à accompagner leur collègue à sa dernière demeure.[6]

De Mathias Schaffner, dee sech de 25. August 1897 mat der Sophie Diedeling bestuet hat,[2] war de Papp vum Robert Schaffner.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Abgeordneter Mathias Schaffner †. Luxemburger Wort 1940, Nr.188 & 189 (6. Juli), S. 4. [5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort 1940, Nr. 193 (11. Juli): 3 (Ried vum 1. Schäffe Joseph Kill beim Begriefnes vum M. Schaffner).[1]
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Archiv vun der Stad Iechternach: Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach.
  3. Avis. Memorial 1924, Nr. 66, 31. Dezember 1924, S. 921
  4. N. Als & R.L. Philippart: La Chambre des Députés. Histoire et lieux de travail. Luxembourg 1994, S. 526.
    Kuckt och: Luxemburger Illustrierte 1928, Nr. 12 (25. Juni), S.165: Nos députés élus resp. réélus le 3 juin 1928.[2]
  5. Luxemburger Wort 1940, Nr.188 & 189 (6. Juli), S. 7 (Doudesannonce) [3]; Luxemburger Wort 1940, Nr. 190 (8. Juli), S. 5 (Artikel iwwer d'Begriefnes) [4].
  6. P. Cerf: De l'épuration au Grand-Duché de Luxembourg après la seconde guerre mondiale. Luxembourg 1980, S. 97. — De P. Cerf schreift iertemlecherweis, d'Begriefnes wier den Dag no dem M. Schaffner sengem Doud, also de 5. Juli, gewiescht.
  7. Memorial N° 4 vun 1932 mat enger Lëscht v Leit déi am Ordre d e la couronne de chêne dekoréiert goufen