Robert Schaffner
Ausgesinn
Robert Schaffner | |
---|---|
Gebuer |
24. Juli 1905 Iechternach |
Gestuerwen |
2. August 1979 Locarno |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker, Schmadd, Schlässer, Resistenzler |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Papp | Mathias Schaffner |
Kanner | Mady Schaffner |
De Robert Schaffner, gebuer de 24. Juli 1905 zu Iechternach, a gestuerwen den 2. August 1979 zu Locarno an der Schwäiz,[1] war e lëtzebuergesche Schlässermeeschter a Politiker (DP).
Hie war de Jong vum Mathias Schaffner, dee vun 1924 bis 1940 Buergermeeschter vun Iechternach war.
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- Grënnungsmember vum GPD (Groupement Patriotique et Démocratique), aus deem spéider d'DP (Demokratesch Partei) ervirgaangen ass;
- 1945-1947 an 1970-1979: Buergermeeschter vun Iechternach;
- 1945-1947, 1951-1958, 1964-1968, 1969-1979: Deputéierten an der Chamber;
- 1947-1951: Minister fir de Verkéier, d'Ëffentlech Aarbechten an den Opbau nom Krich (Regierung Dupong-Schaus a Regierung Dupong-Schaus-Bodson);
- 1959-1964: Minister fir Ëffentlech Aarbechten a physesch Erzéiung an der Regierung Werner-Schaus I
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- Grand officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau [2]
- Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne[2]
- Grand-Croix vum Ordre d'Orange-Nassau (Promotioun 1964)[3]
- Grand-Croix vum Ordre de Léopold II (Promotioun 1948)[4]
Fir un hien z'erënnere krut de Rond-point um Iergaart den Numm Rond-point Robert Schaffner.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Roemen, R., 2005. Schaffnisch Robert hätt elo 100 Jor. Lëtzebuerger Journal 2005, Nr. 141 (23./24. Juli): 6-7.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 380 (de R. Schaffner ass awer net den 12. August, wéi dat am Lexikon steet, mä den 2. August gestuerwen, cf. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 6. August 1979; d'Begriefnes war de 7. August 1979, Riede goufe gehale vum Jos Massard (Gemeng Iechternach), dem Georges Hausemer (FNEL), dem Léon Bartimes (KZler) an der Colette Flesch (DP), cf. Le Républicain lorrain vum 8. August 1979: Le dernier hommage du Grand-Duché à M. Robert Schaffner).
- ↑ 2,0 2,1 Doudesannonce vum Robert Schaffner am Luxemburger Wort vum 7. August 1979 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 11. Abrëll 2022
- ↑ A l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (4. Abrëll 1964). Gekuckt de(n) 24.01.2023.
- ↑ Hohe Auszeichnungen. Obermoselzeitung. eluxemburgensia.lu (2. Februar 1948). Gekuckt de(n) 24.01.2023.
Kategorien:
- Politiker (Lëtzebuerg)
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Gebuer 1905
- Gestuerwen 1979
- Transportministere vu Lëtzebuerg
- Buergermeeschtere vun Iechternach
- Grand officier de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Nazi-Affer
- Grand-Croix vum Ordre d'Orange-Nassau
- Grand-croix de l'ordre de Léopold II
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass