Pol Schiltz
Pol Schiltz | |
---|---|
Gebuer |
1942 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Lycéesprofesser, Historiker |
De Pol (Paul) Schiltz, gebuer 1942 an der Stad, ass e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Geschichtsfuerscher an Auteur.
Formatioun a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Pol Schiltz huet säi Premièresexamen (Section latine A) 1961 am Stater Kolléisch gemaach. Dono huet e Geschicht, Däitsch a Latäin studéiert. Seng Thees (1968) huet sech mat der Territorialpolitik vun de Grofe vu Lëtzebuerg am 12. Joerhonnert beschäftegt (3 + 133 Säiten, onverëffentlecht). An a sengem Mémoire pédagogique (och 1968) huet e Virschléi fir eng Reform vun den ieweschte Secondairesklasse vum klasseschen Unterrecht ënnerbreet.
Vun 1971 bis zu senger Pensionéierung huet de Pol Schiltz Geschicht, Däitsch a Latäin am Lycée Michel-Rodange an der Stad enseignéiert. Virdru war hie Professer am Iechternacher Kolléisch. Nieft dem Enseignement huet hie mol kulturgeschichtlech Artikelen an der Hémecht oder an der récré publizéiert. A mat anere Fuerscher zesummen iwwersetzt a kommentéiert hien al Schrëften (Chroniken a Liewenserënnerungen) déi dann als wëssenschaftlech Publikatiounen erauskommen.
Zanter 2010 ass den Éiereprofesser Pol Schiltz Membre correspondant vun der Section des sciences historiques vum Institut grand-ducal.
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Drogen in der Schule: Schweigen = Tod; in: APESS - Association des Professeurs de l'Enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg; bulletin spécial 3 / 1980 - "75e anniversaire"; Ss. 151-154.
- Die Familie Rodange von Bergem; in: Lycée Michel-Rodange, Luxembourg - 25e anniversaire; Lëtzebuerg (REKA & Impr. Saint-Paul), 1993; Ss. 61-67 (ill.).
- Mam Pierre Kauthen, Ephemeriden des Placidus Eringer; Lëtzebuerg (Nationalarchiv), 2009; 240 Säiten.[1]
- Mam Al Estgen, Robert von Monreal, Abt und Herr in Echternach (1506-1539); Tréier (Kliomedia), 2016.
- Mam Al Estgen a mam Pierre Kauthen, Godfried von Apremont; Tréier (Verlag für Geschichte und Kultur), 2022.
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Suzanne Faber, Publication des Éphémérides de Placidus Eringer - Une immersion derrière la clôture de l'abbaye d'Echternach au XVIIIe siècle; in Luxemburger Wort vum 3. Dezember 2009.