Lycée Michel-Rodange
De Lycée Michel Rodange um Campus Geesseknäppchen (2008) | |
(LMRL) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | Classique, General |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Adress | 30 Bd Pierre Dupong L-1430 Lëtzebuerg |
Leedung | Jean-Claude Hemmer |
Schülerzuel | 1.439 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 5. August 1968 |
Architekt | Laurent Schmit, Jim Clemes |
Genannt no | Michel Rodange |
Koordinaten | 49°36'6,01"N, 6°6'38,02"O |
Um Spaweck | http://www.lmrl.lu |
De Lycée Michel-Rodange, kuerz LMRL, ass eng ëffentlech Secondairesschoul um Campus Geesseknäppchen am Quartier Hollerech vun der Stad Lëtzebuerg.
De Lycée ass nom Michel Rodange, dem Auteur vun ë. a. dem Renert, genannt.
Historique
[änneren | Quelltext änneren]D'Regierung krut mam Gesetz vum 1. Abrëll 1968 d'Erlabnes fir de Bau vun engem Lycée an der Stad Lëtzebuerg[1]. D'Bauaarbechte fir e provisorescht Gebai, dat vun enger däitscher Firma a Fäerdegbauweis opgeriicht gouf, hunn den 20. Mee 1968 ugefaangen. Well den Direkter vun dëser Firma, deen och de verantwortlechen Ingenieur fir d'Ausféierung vun de Bauaarbechte war, W. B. Schroer geheescht huet, krut d'Gebai den Numm „Schroerbau“.
Mam Gesetz vum 5. August 1968 gouf eng véiert Secondairesschoul an der Stad Lëtzebuerg an d'Liewe geruff[2]. Déi gouf am Ufank « Nouveau Lycée de Luxembourg » genannt.
Fir d'Schouljoer 1968/1969 waren 366 Schüler ageschriwwen, 267 Jongen an 99 Meedercher. Zu deem Zäitpunkt waren d'Bauaarbechten nach net ofgeschloss. D'Jongen (zéng Klassen) goufen dofir an de Südfligel vun der deemoleger Lëtzebuerger Nationalbibliothéik um Boulevard Roosevelt an d'Meedercher (dräi Klassen) an d'Aloyse-Kaiser-Primärschoul ënnerbruecht.
De 24. Februar 1969 goufen all d'Klassen an de „Schroerbau“ op de Geesseknäppchen transferéiert. Dëst Gebai gouf de 14. Abrëll 1969 ageweit[3].
1969 war den « Nouveau Lycée de Luxembourg » – nieft dem Lycée classique de Diekirch an dem Lycée classique d'Echternach – ee vun den dräi éischte Lycéeën zu Lëtzebuerg, an deenen d'Mixitéit (gemëschte Klasse vu Jongen a Meedercher) agefouert gouf.
Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 19. Januar 1970 krut den « Nouveau Lycée de Luxembourg » d'Bezeechnung « Lycée Michel Rodange »[4].
Den 12. Mee 1970 hunn d'Bauaarbechte fir den Zentralfligel mat de Spezialsäll, de Büroe fir d'Schouldirektioun, der Loge an der Portierswunneng ugefaangen.
Fir e geplangten Ëm– an Ausbau vum Lycée z'erméigleche sinn d'Schüler am Hierscht 2017 a Containermodulen, direkt niewendrun, geplënnert. No Virbereedungsaarbechte konnten ee Joer drop d'Renovéierungsaarbechte vum Lycée – op Basis vum Gesetz vum 15. Dezember 2017[5] – ufänken. Zousätzlech gëtt en neie Fligel drugebaut, mat enger Sportshal, enger Cafeteria an engem Sall fir Prüfungen, an de fréiere Festsall gëtt an eng Bibliothéik ëmgebaut. Fir d'Aarbechten, déi bis 2021 dauere sollten, waren eng 60 Milliounen Euro virgesinn[6]. Dat neit Gebai war am Hierscht 2021 fäerdeg an ass – wéinst der Corona Situatioun – eréischt e Joer méi spéit, de 26. September 2022 ageweit ginn[7].
Direkteren
[änneren | Quelltext änneren]- Pierre Goedert, vum 28. August 1968 bis Juli 1984
- Monique Klopp-Albrecht, vum 16. Juli 1984 bis Abrëll 2003
- Gilbert Pesch, vum 1. Mee 2003 bis Abrëll 2011
- Jean-Claude Hemmer, vum 1. Mee 2011 un
Bekannt Schüler a Professeren
[änneren | Quelltext änneren]- Andy Bausch (*1959): Filmregisseur an Dréibuchauteur (Schüler)
- Francine Closener (*1969): Journalistin a Staatssekretärin (Schülerin)
- Mady Delvaux-Stehres (*1950): fréier Erzéiungsministesch (Professesch bis 1989)[8]
- Paul Galles (*1973): Deputéierten an der Chamber (Schüler)
- Pit Hentgen (*1961): Ekonomist a Manager (Schüler)
- Françoise Hetto-Gaasch (*1960): fréier Ministesch fir de Mëttelstand, Tourismus a Chancëgläichheet (Schülerin)[9]
- Fred Keup (*1980): Deputéierten an der Chamber (Schüler)
- Fabienne Lentz (*1978): Spriecher vun déi Lénk (Schülerin)[10]
- Léa Linster (*1955): Kächen (Schülerin)[11]
- Lucien Lux (*1956): fréiere Minister an Deputéierten an der Chamber (Schüler)
- Cyrus Neshvad: Filmregisseur a Produzent (Schüler)
- Pascal Peters: Generaldirekter vun der Police grand-ducale (Schüler)
- Viviane Thill (*1962): Filmkritikerin (Schülerin)
- Serge Wilmes (*1982): Deputéierten an der Chamber (Schüler)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lycée Michel-Rodange – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Lycée Michel Rodange
- Den detailléierten Historique an der Festbroschür LMRL 1968-1993
- Inauguration de la rénovation et de l'extension du Lycée Michel-Rodange à Luxembourg, Ministère de la Mobilité et des Travaux publics, Ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, 26.09.2022
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Loi du 1er avril 1968 autorisant le Gouvernement à faire procéder à la construction, l'équipement et l'ameublement d'un lycée sur le territoire de la ville de Luxembourg, y compris l'aménagement des alentours. legilux.public.lu (01.04.1968). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
- ↑ (fr)Loi du 5 août 1968 portant création d'un quatrième établissement d'enseignement secondaire à Luxembourg. legilux.lu (05.08.1968). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
- ↑ (de)Endausbau für 1500 Schüler. Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 105, S. 3. (15.04.1969). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
- ↑ (fr)Règlement grand-ducal du 19 janvier 1970 octroyant une dénomination particulière au quatrième établissement d'enseignement secondaire de Luxembourg. legilux.lu (19.01.1970). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
- ↑ (fr)Loi du 15 décembre 2017 relative à la rénovation et à l'extension du Lycée Michel Rodange à Luxembourg. legilux.lu (15.12.2017). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
- ↑ "Geesseknäppchen: Eins nach dem anderen." wort.lu, 16-11-2018.
- ↑ (fr)Le nouveau Lycée Michel Rodange inauguré. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 01.10.2022.
- ↑ gouvernement.lu (gekuckt de 6. Juli 2012)
- ↑ gouvernement.lu (gekuckt de 6. Juli 2012)
- ↑ Presentatioun op der Websäit vun der Uni Lëtzebuerg (gekuckt de 6. Juli 2012)
- ↑ Mein Weg zu den Sternen: Aus meinem Leben, Lea Linster, Kerstin Holzer,