Serge Wilmes

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Serge Wilmes
Gebuer 6. Mee 1982
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Historiker
Partei CSV

De Serge Wilmes, gebuer de 6. Mee 1982 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker. Hien ass zanter dem 17. November 2023 Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, a Minster fir d'Fonction publique an der Regierung Frieden-Bettel.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet zu Lëtzebuerg an zu Nanzeg Geschicht studéiert a mat engem Master ofgeschloss. Seng Diplomaarbecht, déi 2006 ënner der Leedung vum Historiker Michel Pauly op der Uni.lu realiséiert gouf, hat den Titel Die katholische Kirche Luxemburgs und die Abtreibungsdebatte in den 1970er Jahren.

Vun 2007 bis 2008 huet hien an de Staatsarchive geschafft[1]. Vun 2008 bis 2014 war hie President vun der CSJ[2].

Den 11. Oktober 2011 gouf hien als Deputéierten an der Chamber vereedegt, wou en op d'Plaz vum verstuerwene Lucien Thiel nogeréckelt ass. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt[3].

Bei de Gemengerotswalen 2017 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt, wou e Schäffe gouf[4]. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf hien duer erëgewielt a war och erëm bis de 17. November 2023 Schäffen.[5] Dee selwechten Dag gouf hien an der Regierung Frieden-Bettel zum Ëmwelt- a Fonction-publiques-Minister ernannt.[6]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Josée Hansen, [Serge Wilmes] - Le Xavier Bettel de la droite; in: d'Lëtzebuerger Land, Ausgab vum 4. November 2016 (online disponibel).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Serge Wilmes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fichier op der Websäit vun der Chamber
  2. "Charel Hurt neuer Vorsitzender der CSJ". Wort.lu, den 1. Februar 2014, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  3. elections.lu.
  4. "7 Buergermeeschteren hunn den Eed ofgeluecht." rtl.lu, 22.11.2017, 19:45:07.
  5. David Thinnes: "So sieht der neue Gemeinderat der Stadt Luxemburg aus." wort.lu [w+], 12.07.2023.
  6. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  7. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.