Diskussioun:Serge Wilmes

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Firwat dierf dem Serge Wilmes séng Säit net ergänzt ginn? Wien hëllt sech d'Recht, an eiser FRÄIER Enzyklopedie eng (politesch?) Zensur auszeüben? Si mer hei an Nordkorea? Net ze gleewen, wat et an eisem Nationalstaat alles gëtt... Wat soen dann déi grouss Wiki-Admi'ën dozou? - C.


Am artikel 6 vun de Statuten vun Wikimedia Lëtzebuerg steet: Toute personne physique ou morale désirant faire partie de l'association peut devenir membre en présentant une demande au conseil d'administration, qui procède à l'examen de la demande et s'entoure de tous les éléments d'appréciation nécessaires pour prendre sa décision. Le conseil d'administration décide souverainement et n'est pas obligé de faire connaitre les motifs pour lesquels l'adhésion aura, le cas échéant, été refusée. --Gerard141 (Diskussioun) 07:34, 8. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]


Moien,
@"C.": Wann anonym IPen Informatioune bäisetzen oder ewechmaachen, ass et schwéier, hire Grond dofir ze erroden, absënns, wann näischt am Kommentarfeld stoung. Wéi am Versiounshistorique (uewe riets) nozeliesn, huet hei een ouni Quell Studien a Maîtrise ernimmt, wat vun engem aneren ewechgemaach gouf. Wa, wéi gewënscht, bei all neien Informatiounen eng Quell ugi wier, kinnt dat et jidderengem erlaben, hir Richtegkeet z'iwwerpréifen (falsch Informatiounen wieren ee Grond, eppes ze läschen), an dann ze diskutéieren, ob dat eng relevant Informatioun ass oder net (wat en anere méigleche Critère wier, eppes ewechzehuelen). Falls d'Info korrekt a relevant ass, soll se do stoen. An anere Wierder: Wann d'IP 195.46.241.227 d'Informatioun mat Quell nees drasetzt, hu mer eng Basis ze diskutéieren. Méi hunn "déi grouss Wiki-Admi'ën" net dozou ze soen.
PS: (@-Gerard141): D'Wikimedia Lëtzebuerg, där hir Statutten der zitéiert, ass eng asbl, déi inhaltlech näischt mat Wikipedia ze dinn huet: Hiren Zweck ass et ë.a., Wikipedia (an aner Wikimedia-Datebanken, wéi Commons, Wikidata, asw.), wéi Projeten zum fräie Wëssen allgemeng, bekannt ze maachen, an Uspriechpartner fir bestëmmt Projeten ze sinn. Wéi bei all Veräin steet an de Statutte, wéi ee Member ka ginn.
D'Adminen op dëser Wikipedia deem géintiwwer gi vun der Communautéit bestëmmt (Kuckt: Wikipedia:Administrateuren, all User dierf fofir seng Kandidatur stellen. Hir (fräiwëlleg) Roll ass et, ze kucken, dass d'Reegelen, déi d'Communautéit sech ginn huet, agehale ginn, an ënner Ëmstänn Explikatiounen ze ginn (wéi ech hei). Eng vun de wéinege Sonnerfonctiounen, déi se hunn, ass et, no berechtegete Critèren, Ännerungen op Säiten anzeschränken oder Benotzer fir eng Zäit ze spären, wann et gutt Grënn dofir gëtt. Soss ass jiddereen, dee hei eppes schreift a publizéiert, Autuer vun a responsabel fir dat, wat do steet.
--Zinneke (Diskussioun) 12:05, 8. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]
op der Wikipedia:Communautéitssäit kinnt een mengen dass een sou einfach zu der Wikipedia-Communautéit kinnt gehéieren(no cotisatioun bezuelen eventuell) awer sou ass et wuel net.--Gerard141 (Diskussioun) 13:02, 8. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]
Dach dat ass schonn esou: Jiddereen, dee sech ugesprach fillt an hei matschaffe wëll, gehéiert dozou ("Communautéit" ass en einfachen Ausdrock fir "all Benotzer/User, déi hei matschaffen"). Et kascht näischt (keng Cotisatioun) an et gëtt een och net dofir bezuelt. Alles op fräiwëlleger Basis. Dir selwer; mat Äre ville Kontributiounen, gehéiert jo och dozou :-) D'Wikimedia Lëtzebuerg do dergéint ass wéi gesot e Veräin, mat eegene Statutten, asw. Denkt un e Sportveräin an e Supporterveräin, fir d'Saach méi einfach ze maachen - woubäi d'"Spiller" hei keng Memberskaart brauchen.--Z.

Deen, deen de 7. Oktober 2020 ganz rezent Ajout'ë réckgängeg gemaach huet, ass och "nëmmen" een IP, an zwar een, deen ouni Diskussioun eben eppes réckgängeg gemaach huet, wat richteg war an ass.

Mee wat ass dat iwwerhaapt fir eng Astellung, fir Leit, déi net drop hale fir "fest" zum Veräin (wa méiglech mat engem komesch bis idiotesche Pseudonym) ze gehéieren, systematesch ze diskriminéieren? Et gëtt kéipweis Saachen an der lb.wikipedia, déi diskutabel bis falsch sinn; awer wann ee Member vum Veräin eppes verbrach huet, dann ass dat nawell richteg. Een IP, dogéint, ass - anscheinend - egal wéi, een, dee systematesch suspekt ass: entweder ass hien e Vandal, oder hie weess et net besser.

Zur Saach: de Serge Wilmes huet Geschicht studéiert, zu Lëtzebuerg (Uni.lu) an zu Nanzeg, an hien huet eng Diplomaarbecht iwwert d'Debatt rondrëm d'Ofdreiwungsgesetz geschriwwen. Dat ass gewosst, an dat kann ee rëmfannen. Den Här Wilmes mécht eng politesch Carrière bei der CSV, ass awer keen Historiker. Een Historiker ass nämlech een, deen historesch Recherche bedreift an Artikelen oder Bicher dozou produzéiert, eleng oder a Collaboratioun mat aneren Historiker. Wou sinn dem Här Wilmes séng historesch Publikatiounen? Een, deen Theologie studéiert huet ass jo och nach net onbedéngt een Theolog, ausser wann en am Beräich Theologie weiderfuerscht a publizéiert. Dat selwescht gëllt fir een, dee Philosophie studéiert huet, asw. Ass iwwregens den ADR-Mehlen een "Agronom", well e - wuel no der Akerbauschoul - Bauer gi war? Neen, och wann an enger offizieller "Biographie" vun den Deputéierte mol esou ee Quatsch vun der Chamber publizéiert gouf... Aarmt Lëtzebuerg!

Léif dichteg Wikipedianer, maacht iech net lächerlech. Traut de Leit e wéineg méi, a sidd selwer e bessi méi bescheiden. Jiddefalls sinn déi meescht prompt Reaktiounen zu neien Artikelen oder zu Verbesserungen komplett onnéideg oder carrément donieft.

Bescht Gréiss, C.

Ech kann nëmme konfirméieren: Et stëmmt, dass anonym IPen "systematesch suspekt" sinn a méi genee op d'Fangere gekuckt kréien - net, well se "net zum Veräin gehéieren", mee well ee keng Anung kann hunn, mat weem een dann elo erëm ze dinn huet: ob dat eng Persoun mat Fachwëssen ass, e Schüler dee sech langweilt an iergend eppes schreift, een, deem engem an engem Artikel eng wëll stëbsen, oder en Troll deen näischt besseres ze dinn huet... Mellt Iech dach kretjëft nach mol einfach mat "C. moi" (oder soss engem "komesch bis idiotesche Pseudonym") un, da braucht der Iech net all Kéiers op Diskussiounssäiten künstlech z'entwutzen, dass keen dreeme konnt, dass den Här oder d'Mme C. nees um Wierk war. Wann der dat net verstitt (fir d'siwent) da braucht der Iech net ze wonneren, wa keen Iech méi eescht hëlt.
Zum Inhalt: Ech stelle fest, der hutt dat mam "an den Artikel schreiwen" a "Quell dozou uginn" nach ëmmer net bekäppt: Op Diskussiounssäite kënnt der Iech d'Fangere wond tippen, domatt ass dem Wikiprojet kee Byte gehollef. Mee vläicht fannt Der Är Satisfaktoin éischter doranner. Bon, ech kucke lo just nach no, wat am Artikel selwer bäikënnt, déi Diskussioun hei ass fir mech ofgeschloss.
--Zinneke (Diskussioun) 19:38, 8. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]


Als IP déi dem 195.46.241.227 seng Aktioun réckgängeg gemaach huet, well ech deem Mënsch deen hei souert a sech iwwer anerer beklot, soen datt ech seng Aktioun net réckgängeg gemaach hätt, wann hie bei senger Ännerung net selwer dat gemaach gehat hätt, wat hien anere Leit virwërft, nämlech eng pertinent Informatioun erausgeholl. Ech hunn och e bësselchen an den IPen nogekuckt a gesinn dat dee léiwe Mënsch scho mat dëser IP op d'mannst dräimol gespart war ouni vun den Nopesch-IPen ze schwätzen déi nach blockéiert sinn. D'Ursaache waren:
  • 10:57, 29. Okt. 2019 fir eng Zäit vu 6 Méint gespaart well en ouni Grond Inhalt vu Säite geläscht: war doriwwer eraus scho gespaart wéinst: mécht der Wikipedia-Communautéit Frechheeten, diskutéiert an den Artikele selwer.
  • 19:34, 25. Jul. 2018 fir eng Zäit vu 6 Méint gespaart, mécht der Wikipedia-Communautéit Frechheeten (Artikel Crantz) a war scho gespaart
  • 06:37, 3. Jul. 2018 fir eng Zäit vun 2 Wochen, wëll net bekäppen datt an den Artikele selwer net diskutéiert gëtt
Et ass traureg datt sou Leit nach de Culot hu fir sech hei bei den Adminnen ze bekloen. --87.65.83.203 21:00, 8. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Sinn effektiv schonn dacks gespaart ginn, awer ni zurecht. Ëmmer vum selweschte Bëlles iwwregens, deen awer méi wéi eng Kéier um Enn huet mussen agesinn, datt HIEN donieft war. Kuckt z. B. Schleiden (ech kéint awer nach labber eng Bäckeschdose Beispiller drunhänken). An iwwerhaapt: wéi kann een eenzelnen "Admi", ganz eleng, op Basis vu wat och ëmmer, décidéieren, datt ee gespaart muss ginn? Gutt, datt mer kee Gulag hunn... Geläscht hunn ech ëmmer nëmme meng eege Produktiounen, déi vun aneren sou ëntstallt goufen, datt et a mengen Aan kee Sënn hat, nach drunn ze schaffen. Ech hunn och Säiten opginn, déi elo wéi amputéiert do stinn, well Besserwisser TROTZ EN-COURS-WARNUNG (dach, dach!) dru fummele goungen, amplaz ofzewaarden, datt ee Schlusspunkt gesat gi war. Mee wéi hei den IP 8-asw. seet: et kann ee jo net wëssen, mat weem een ze dinn huet, wann d'Mataarbechter net zum Club wëlle gehéieren a weiderhinn nëmmen als IP schaffen. Deemno, US-amerikanesch Polizei-Gebräicher: fir d'éischt gëtt een als IP niddergeknallt, an da gëtt "diskutéiert", oder mol net. Chapeau! Sou stellen ech mer awer weder eng FRÄI Enzyklopedie vir, nach d'Qualitéit vun der Diskussioun. An der ld.wikipedia gëtt nämlech meeschtens net diskutéiert, mee just accuséiert oder lächerlech gemaach. Verschidden "Admi'ë" menge sécher, si wieren "admirabel" (LOL). Videant...! - C.

Just eng Fro: Wéi kann een an engem Artikel eppes änneren deen et guer net gëtt. --87.65.83.203 16:07, 9. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Gutt Fro! Ech hunn deemols vill um Artikel Schleiden geschafft, trotz onberechtegten a peniblen Zeiwel oder Kritike vum ominéise Les Meloures. Den Artikel stong och laang do, mee wat schliesslech domat geschitt ass, entzitt sech mengem Wëssen (hu strikt näischt mat där Disparitioun ze dinn!). Vläicht huet ee besonnesch dichtegen Admi gemengt, den Historique vun där Säit géif himm net grad vill Luef abréngen... Wéi och ëmmer: alt nees ee Beweis, datt et Leit ënnert de "feste" Wikipedianer gëtt, déi iwwert dem allgemenge Reglement stinn a just maache, wat si fir flott, amüsant oder richteg fannen. Looss mer een Aufnahmexamen an der Allgemengbildung aféieren, oder eng akademesch Anstalt iwwer dee Klippche setzen, da brauche verschidde Froen net méi gestallt ze ginn. Si gespaant, wien Dir elo als Missetäter entlarft! Merci, datt Dir mech drop opmiersam gemaacht hutt, datt déi Säit verschwonn ass. Wann ech séngerzäit eventuell eng Copie gemaach hunn, da maachen ech d'Säit frësch (mee da muss ech e wéineg a ménger grousser Mëscht sichen). Iwwregens, d'Säit vum Humanist Schleidanus schéngt och verschwonn ze sinn... Dat ass awer wierklech Vandalismus! Gréiss, C.

Ech hunn mol e bësselchen doruechter erëmgeschnoffelt. Ech mengen du werfs e puer Saachen duercherneen oder du hues e schlechte Verhalt oder du wëlls nëmmen deng Roserei lassginn, wat dech derzou bréngt keng ordentlech Nosich ze maachen. Dat bréngt dir bei den Adminnen natierlech net vill Symphatien. Du schéngs och déi eenzeg IP-ze sinn déi sou dacks gespaart gouf. Kann et sinn datt s de dacks Saache schreifs a behaapst, wéi lo hei, déi net stëmmen. De Systeem vergësst nämlech näischt. Wann et een Artikel gouf an e gouf geläscht da seet en der dat. Den Artikel Schleiden (déi däitsch Stad) schéngt et nämlech ni ginn ze hunn. Du kanns dat selwer kontrolléieren andeems de den Numm vun engem geläschten Artikel antipps, z.B Chappuis Philippe, da geséis datt deen Artikel geläscht gouf. Bei Schleiden seet en näischt deemno ass et den Artikel ni ginn. An den Humanist ass och net veschwonnen et muss ee just säin Numm richteg schreiwen. E bëesselchen Nosichen a richteg schreiwen ass eng gutt Hëllef op der Wikipedia. Ech fäerte mat sou Behaaptungen leefs de gär Gefor fir nees gespaart ze ginn, wat mech op jiddwer Fall net géif wonneren. --87.65.83.203 18:28, 10. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

OK, de Feeler läit effektiv bei mir, wann et ëm d'Uertschaft geet. Ech hunn un de Jean Sleidan, oder Johannes Sleidanus geduecht, an déi zwee Begrëffer matenee verwiesselt (sinn nëmmen ee Mënsch), sécher well ech och mol u Schleiden an aner Wikipedia'ë geschafft hunn. Mee den Historique vun eisem Sleidanus, an och d'Diskussioun dozou, bleiwen nawell intressant fir ze gesinn, wéi een sech muss géint Viruerteeler vu Leit wieren, déi sech erlaben, anerer ze späeren oder mat enger Spär ze menacéieren (wéi einfach!). Gutt Nuecht, a Merci fir eng Äntwert op d'Froen, déi d'Säit Serge Wilmes betreffen! - C.

Du hues awer hei folgendes behaapt:Gutt Fro! Ech hunn deemols vill um Artikel Schleiden geschafft, trotz onberechtegten a peniblen Zeiwel oder Kritike vum ominéise Les Meloures
Da stellt sech einfach eraus datt et deen Artikel ni gouf an datt s du dann hei mat enger grandioser Ligen en anere Mataarbechter an den Dreck wëlls zéien. Wanns du aner Leit hei vernenns da wëll ech der soen datt Leit déi sou Lige verbreeden net méi zu deene gehéieren de vu sech soen ech sinn och nëmmen e Mënsch. Mir nennen déi ganz anescht awer dat wëll ech hei net schreiwen soss lafen ech selwer Gefor fir gespaart ze ginn. Ech hoffe just datt däi Gebraddels an Zukunft nach just als guer net wichteg betruecht gëtt an datt kee Mënsch méi drop äntwert, well dat ass dir nach zevill Éier ugedoen. Et ass alt gutt datt nach aner IPen méi seriéis hei matschaffen an deng Behaaptungen net sou einfach gleewen. --Puscas (Diskussioun) 07:42, 12. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]