Jos Schmit

Vu Wikipedia
Jos Schmit
Gebuertsnumm Jean Joseph Schmit
Gebuer 12. Februar 1947
Lellgen
Gestuerwen 28. Oktober 2018
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Lycéesprofesser
Member vun Willibrordus-Bauveräin, Lëtzebuerger Germanisteverband

De Jean Joseph (Jos) Schmit, genannt Jupp, gebuer den 12. Februar 1947 zu Lellgen a gestuerwen den 28. Oktober 2018 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Lokalpolitiker.[1][2]

De Professer[änneren | Quelltext änneren]

No senger Primärschoul zu Lellgen a sengem Secondaire am Atheneum an am Dikrecher Kolléisch huet de Jos Schmit op de „Cours supérieurs“ zu Lëtzebuerg an op den Universitéite vun Nanzeg, Bonn an Tréier Sproochwëssenschaften (Däitsch a Franséisch) studéiert.[2] 1972 huet hie seng Enseignantscarrière als Stagiaire am Iechternacher Kolléisch ugefaangen, wou hien 1978 seng definitiv Nominatioun als Professer krut a bis zu senger Pensioun am Joer 2007 als Professer respektiv spéiderhin als „professeur attaché à la direction“ bliwwen ass.[3]

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

De Jos Schmit war en aktive Member vun der CSV, ënner anerem als laangjärege Bezierkssekretär vun der CSV Osten.[4] Am Oktober 1989 gouf hien op der CSV-Lëscht an den Iechternacher Gemengerot gewielt, deem hie vun 1990 bis 1995 als Schäffen a vun 2005 bis 2008 als Conseiller ugehéiert huet.[4] De Jos Schmit war vun 1996 bis 2005 President vun der Verwaltungskommissioun vum Iechternacher Office social.[4] Hie war President vun der A.s.b.l. Foyer de jour „Eechternoacher Kannerstuff“, déi hien als deemolege Schäffen 1991 an d'Liewe geruff huet.[1],[5] Um nationale Plang war hie President vun der „Entente des foyers de jour“.[2]

Eng schéin Unerkennung vum Jos Schmit sengem Asaz am soziale Beräich war, datt den Iechternacher Gemengerot a senger Sëtzung vum 19. Februar 2018 d'Asbl Eechternoacher Kannerstuff als ee vun de Laureate fir de Bene-Meritus-Präis 2018 vun der Stad Iechternach designéiert huet.[6] Déi feierlech Iwwerreechung vum Präis war de 24. Abrëll 2018 am Trifolion. De Jos Schmit huet dobäi d'Asbl als President vertrueden an de Präis – e Certificat an eng Metallskulptur vum Michel Feinen – an Empfank geholl.[7]

D'Par an d'Sprangpressioun[änneren | Quelltext änneren]

De Jos Schmit war méi wéi 40 Joer aktive Member vum Willibrordus-Bauveräin, wou hie sech virun allem ëm d'Organisatioun vun der Sprangpressioun gekëmmert huet.[1][2] Zäitweis war hie Sekretär respektiv President vum Iechternacher Parrot.[2]

De Germanist[änneren | Quelltext änneren]

Zesumme mat Kolleege wéi Germaine Goetzinger, Ronald Pierre, Jacques Wirion, Jos. Kohnen, Ernest Breuskin, Lucien Thill, Jeannot Schloesser, etc. war de Jos Schmit am Mee 1988 den Initiator vun der Grënnung vum Lëtzebuerger Germanisteverband (LGV), deen hien an deenen éischten 2 Joer als Grënnungspresident dirigéiert huet.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kauthen, Pierre, 2018. Jos Schmit aus Echternach zum Gedenken. Luxemburger Wort 2018-12-04, S. 64.
  • Schmit, Jos., 2011. 20 Jahre Foyer de Jour «Eechernoacher Kannerstuff» a.s.b.l. In: 20 Jaouer Eechternoacher Kanner. Echternach, Eechernoacher Kannerstuff, S. 13-27.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Wort 2018-10-31, S. 61 (Doudesannonce. Annonce vum Willibrordus-Bauveräin. Annonce vun der Eechternoacher Kannerstuff).
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Kauthen 2018.
  3. Luxemburger Wort 2018-11-03, S. 63 (Annonce vum LCE. Annonce vum Lëtzebuerger Germanisteverband).
  4. 4,0 4,1 4,2 Luxemburger Wort 2018-11-02, S. 44 (Annonce vun der CSV Osten. Annonce vun der Stad Iechternach, Annonce vum Office social).
  5. Schmit 2011.
  6. Gemeinderatssitzung vom 19.02.2018: Als Laureaten für die Auszeichnung „Bene Meritus 2018“ wurden bestätigt: Fanuc Europe Corporation, Eechternoacher Kannerstuff asbl und Herr Georges Calteux.
  7. Alain Muller: Einsatz und Initiativgeist werden von der Gemeinde belohnt. Bene Meritus Preis der Stadt Echternach 2018. Tageblatt 2018-05-09, Nr. 108, S. 39.
  8. In memoriam, Jos. Schmit.