Henri Schintgen

Vu Wikipedia
Henri Schintgen
Gebuer 26. Oktober 1878
Gestuerwen 5. Juni 1927
Aktivitéit Riichter

Den Henri Schintgen, gebuer de 26. Oktober 1878[1] zu Réimech, gestuerwen de 5. Juni 1927[2] zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Riichter.

No sengem Studium zu Fribourg, Dijon an Nanzeg huet de Schintgen sech an der Stad als Affekot etabléiert. 1913 koum hien als Friddensriichter op Iechternach,[3] wou hien donieft vun 1913-1914 mat dem Droitscours am Kolléisch chargéiert gouf.[4]

Zesumme mat dem Rodolphe Brimmeyr huet de Schintgen dem Jean-Pierre Brimmeyr seng Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach erausginn (1921, 1923).

De Schintgen ass den 8. Juni 1927 zu Iechternach begruewe ginn. De Professer Charles Becker huet d'Grafried gehalen.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Luxembourg, VIII, 79 S.
  • Klensch, J., 1927. Henri Schintgen †. Luxemburger Illustrierte 1927, Nr. 24 (17. Juni): 7. [1]
  • Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, 106 S. (H. Schintgen, S. 81).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Heuertz 1922, S. 55; État civil vu Réimech (Gebuerten 1878, Nr. 60; do stinn och dem Schintgen seng Virnimm: Heinrich Johann Peter Marie Constant); de Klensch (1927) an de Spedener (1937) ginn iertemlecherweis den 29. Oktober 1878 als Gebuertsdatum un.
  2. Klensch 1927, Spedener 1937, État civil vun der Stad Iechternach. — D'Luxemburger Tageblatt 1927, Nr. 162 (7. Juni), S. 3, schreift de 7. Juni: Herr Henri Schintgen, früherer Friedensrichter, erlitt gestern in einem hiesigen Cafe einen Schlaganfall, dem er nach kurzer Zeit erlag. Dat wier also de 6. Juni gewiescht, mä deen Datum stëmmt net.
  3. Klensch 1927.
  4. Heuertz 1922.
  5. Echternacher Anzeiger 1927, Nr. 46 (11. Juni), S. 2.