Rodolphe Brimmeyr
Rodolphe Brimmeyr | |
---|---|
Gebuer |
25. Oktober 1834 Iechternach |
Gestuerwen |
9. Mee 1922 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Papp | Jean-Pierre Brimmeyr |
Den Adelbert Rodolphe[1] Brimmeyr, gebuer de 25. Oktober 1834 zu Iechternach[2], an do gestuerwen den 9. Mee 1922[3], war e lëtzebuergeschen Apdikter, Cheemiker, Politiker an Auteur.
De 15. November 1856 ass hien zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn. Hien hat zu Koblenz an zu München, wou hien 1857 promovéiert huet, studéiert[4]. Fir d'éischt Apdikter ouni Offizin, huet hie méi spéit sengem Papp, dem Jean-Pierre Brimmeyr, seng Apdikt zu Iechternach iwwerholl, déi hien 1879 un de Jean-Pierre Fischer verkaf huet, fir sech als Cheemiker an der Stad nidderzeloossen, wou hien e pharmazeutesche Labo bedriwwen huet.
Hie koum méi spéit op Iechternach zeréck[5], wou hie vum 13. Juni 1906[6] bis de 17. Abrëll 1914 (Demissioun[7]) Buergermeeschter war[8]. Vun 1905 bis 1920 war de Brimmeyr President vum Iechternacher Verschéinerungsveräin[9].
De Rodolphe Brimmeyr huet sech fir Botanik a Geschicht intresséiert. Hie war Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal[10]. Zesumme mam Henri Schintgen huet hie sengem Papp seng Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach erausginn; den 1. Band koum 1921, den 2. Band 1923, nom Doud vum R. Brimmeyr, eraus.
De Rodolphe Brimmeyr war zäitweileg Proprietär vum Lauterbuerer Schlass[11].
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Brimmeyr, R. (1857). Ueber die Diffusion der Gase durch feuchte Membranen. München: J.G. Weiss. 27 S.; Inaugural-Dissertation. [2]
- Brimmeyr, J., Brimmeyr, Rodolphe, & Schintgen, Henri. (1921). Geschichte der Stadt und Abtei Echternach. Luxembourg: Imprimerie Centrale Gustave Soupert.
- Brimmeyr, J., Brimmeyr, Rodolphe, & Schintgen, Henri. (1983). Geschichte der Stadt und Abtei Echternach. Echternach: Imprimerie Burg.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonymus, 2001. Personnagen: Rodolphe Adalbert Brimmeyr. Lëtzebuerger Journal 2001, Nr. 204 (25. Okt.): 21.
- Hess, J., 1952. Jean-Pierre Brimmeyr 1799-1876. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fasc. 4: 457-478. (R. Brimmeyr, S. 474-476). [3]
- Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652. (R. Brimmeyr, S. 193).
- Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Avec une biographie du Docteur Félix Schaan. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 p. (R. Brimmeyr, S. 17-18).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach. — Den Hess (1952), S. 474, schreift "Rodolphe Albert". Am Memorial (II) 1870, S. 194, steet "Adelbert-Rodolphe Brimmeyr". [1] De Kugener (2005), S. 193, schreift "Adelbert-Rudolph".
- ↑ Liez 1886, Hess 1952, Kugener 2005, Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Massard, Jos A., Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur. Apotheker und Professor in Echternach, in: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch 1841 - 1992, S. 482, Foussnott 5: Hess (1952): 476 gibt irrtümlicherwiese den 8. Mai 1922 als Todestag an, das richtige, im Zivilstandregister der Stadt Echternach kontrollierte Datum ist der 9. Mai 1922
- ↑ Anonymus 2001.
- ↑ Virdru hat hien eng Zäit laang zu Bollendorf gewunnt. Cf. M. Blum: Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Tome 1. Luxembourg 1902-1908, S. 116.
- ↑ Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Démissions de bourgmestres an: L'indépendance luxembourgeoise vum 25./26. Abrëll 1914
- ↑ Maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Echternach, notre ville. Livre d'or de la Société d'Embellissement d'Echternach 1877-1977. Impr. Burg, Echternach, S. 15.
Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, 70 S. Published online. - ↑ Kugener 2005, S. 193.
- ↑ F. Wilhelm: Si Echternach m'était conté...(2): Les "châtelains" de Lauterborn après la Révolution française. Die Warte, 41, 4/1479, 28. Januar 1988, S. 4.