Bollenduerf
Bollendorf lb: Bollenduerf od. Bollendref | |
---|---|
Aussprooch | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees | Béibreg-Prüm |
Verbandsgemeng | Südeifel |
Awunner |
1.766 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 1 315 ha |
Héicht | 200 m |
Koordinaten | 49°51'11"N, 6°21'42"O |
Telefonszon | 06526 |
Postcode | 54669 |
Websäit | https://www.bollendorf.de/ |
D'Loftkur-Uertschaft Bollendorf, op lb. Bollenduerf oder och Bollendref, läit op der Sauer am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark a Rheinland-Pfalz. Bollendorf gehéiert als Uertsgemeng zu der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm.
Vis-à-vis, op Lëtzebuerger Säit, läit d'Bollenduerfer Bréck.
Zu Bollenduerf gehéiert den Uertsdeel Weilerbach.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Eng éischt Kéier gouf Bollenduerf als villa bollana am Joer 716 ernimmt ginn. 1000 Joer laang war Bollenduerf enk mat der Abtei Iechternach verbonnen, d'Äbt vun do haten an der Buerg Bollenduerf, duerno am Schlass Weilerbach, hir Summerresidenz.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Wappen gespalten von Silber und Gold, vorne am Spalt ein halber, rotbewehrter schwarzer Adler, hinten ein schwarzes Balkenkreuz.
Déi lénks Schëldhalschent mat engem hallwe Reichsadler weist op historesch Relatioune mat der fréierer Reichsabtei Iechternach hin, déi riets Säit weist de Wope vun de Ritter "von Bollendorf".
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Schlass Weilerbach no bei Bollenduerf
- Buerg Bollenduerf
- Réimesch Villa zu Bollenduerf
- Diana-Denkmal
Illustratiounen
[änneren | Quelltext änneren]-
Réimesch Villa
-
St. Michael
-
Monument aux morts ("Helden-Monument") zu Bollenduerf virun der Kierch
-
Waasserrad
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bollendorf – Biller, Videoen oder Audiodateien |