Schlass Weilerbach

Vu Wikipedia
D'Schlass Weilerbaach
Portal
De Gaart mam Pavillon

D'Schlass Weilerbach ass e Gebai am Barockstil zu Weilerbach, an der rheinland-pfälzescher Uertsgemeng Bollendorf, op däitscher Säit vun der Sauer, eng 3 Kilometer nordwestlech vun Iechternach. Et gouf 1780 vun der d'Abtei Iechternach, ënner dem Emmanuel Limpach, als Summerresidenz fir hir Äbt an als Administratiounsgebai vun der Weilerbacher Schmelz baue gelooss. Architekt war de Paul Mungenast.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Iechternacher Abtei hat 1762 fir 19.570 Frang[1] eng kleng Schmelz zu Bollenduerf kaf. Well déi net vergréissert konnt ginn, gouf tëscht 1777-1779 eng nei am Nopeschduerf Weilerbach opgeriicht.
 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Weilerbacher Schmelz.

1780 gouf d'Schlass fäerdeggebaut. An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf de Klouschterbesëtz konfiskéiert an d'Schlass 1797 un den Nicolas Vincent Légier versteet. 1827 gouf et un de Charles Joseph Collart (1801-1834) verkaf, deen et 5 Joer drop, 1832 un d'Industriellefamill Servais vu Miersch viruverkaf huet.[1] Et blouf 150 Joer an hirem Besëtz. 1930 hunn si d'Schlass renovéiere gelooss. Wärend der Ardennenoffensiv am Zweete Weltkrich gouf et staark beschiedegt a stoung laang eidel. D'Schmelz war nach bis 1958 a Betrib; 1961 koum en Noutdaach op d'Schlass, fir ze verhënneren, datt et zerfale géif.

1983 gouf d'Schlassareal ënner Denkmalschutz gestallt[2] an d'Schlass gouf tëscht 1987 an 1992 restauréiert. 1991 gouf den Äifelkrees Béibreg-Prüm Proprietär. Bis 1997 gouf de Gaart nees an d'Rei gesat, dee komplett verwëllert war. 1999-2008 goufen d'Ruine vun der Schmelz an d'Fassong bruecht.

D'Schlass steet eidel, nodeem e puer Joer laang e Sanatorium dra war. D'Niewegebaier sinn zum Deel un Horeca-Betriber verlount oder kënne fir Feieren oder Concerte gelount ginn. De Gaart ass fräi zougänglech.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass ass am Stil vum Barock. Et huet e Glach mam Lëschenhaus, dat ëm déi selwecht Zäit zu Iechternach gebaut gi war, an dat 1975 vun der Gemeng ofrappe gelooss gouf.

Et huet e Keller den iwwer dem Buedem ass, driwwer sinn zwéi Stäck, an de Späicher huet e Mansardendaach mat engem klengen Tiermchen an der Mëtt. Et ass vertikal an dräi gedeelt, woubäi de mëttelsten Deel um Niveau vum Daach en dräieckege Fronton huet, op deem ee "Monsterkäpp" gesäit (d'selwecht wéi um Pavillon zu Iechternach), souwéi d'Wope vun der Famill Limpach a vun der Abtei Iechternach. Um éischte Stack ass e Balkon mat engem Gelänner am Rokoko-Stil. Op der Südsäit féiert eng Trap am Fräien, vun zwou Säite vum Gaart erop bei d'Portal. Iwwer der Dier ass eng Cartouche mam Baujoer "ANNO 1780". Déi zwéi säitlech Deeler hu Risalitte mat Faasadegiewelen, déi awer net sou vill dekoréiert si, wéi de Fronton an der Mëtt.

Bannenan ass um 1. Stack dat sougenannt Abtszëmmer z'ernimmen, mat Molereie vun ëm 1780, déi erhale sinn an an den 1990er Jore restauréiert goufen. Am Keller sinn d'Reschter vun der fréierer Schlasskichen, mat enger monumentaler Schminni an engem verwëllefte Plaffong.

Ronderëm ass e 25 Hektar groussen Terrain, vun deem e groussen Deel als Schlassgaart am franséische Stil ugeluecht ass.

Am Gaart stinn nach e fréiert Haus vum Portier an eng fréier Remise, allen zwee aus dem 18. Joerhonnert, an d'Haus vun der Schmelzadministratioun, hanner dem Schlass. Bemierkenswäert ass och e Pavillon, um aneren Enn vum Gaart, deen d'architektonesch Elementer vum Schlass zitéiert a reflektéiert.

Op Terrassen am Hank goufe fréier Drauwen ugebaut.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marie Luise Niewodniczanska, Michael Berens: Schloss Weilerbach. Schloß-Weilerbach-Gesellschaft, Bitburg 2001, o. S.
  • Heinz Monz: In neuem Glanz – Schloß Weilerbach. In: Journal. Jg. 4, Nr. 9, 1991, S. 46–47.
  • Klaus Kremb, Peter Lautzas: Landesgeschichtlicher Exkursionsführer Rheinland-Pfalz. Band 2. Arbogast, Otterbach 1991, ISBN 3-87022-150-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Weilerbach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Weilerbacher Hütte op industire.lu.
  2. Gabriele Nina Bode, Michael Losse: Baudenkmale gefährdet – Baudenkmale gerettet. Rheinland-Pfalz (Berichtszeitraum etwa 1991 bis 1996). In: Burgen und Schlösser. Jg. 37, Nr. 9, 1996, ISSN0007-6201, S. 158.