Rokoko-Pavillon zu Iechternach
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Iechternach |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Baustil | Rokoko |
| Datum vum Bau | 1765 |
|
| |
De Pavillon am Park vum fréiere Klouschter zu Iechternach ass e Gebai, dat 1765 als Lusthaus am Stil vum däitsche Rokoko, ënner dem Abt Michel Hormann ënner Mataarbecht vum Paul Mungenast gebaut gouf.[1]
Wéi déi aner Gebaier vum Klouschter, an och de fréiere Klouschtergaart, gouf de Pavillon den 20. Mee 1965 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[2] De Pavillon gehéiert dem Lëtzebuerger Staat.[3]
Haut ass um éischte Stack vum Pavillon e klenge Musée iwwer de Baustil vun der Iechternacher Abtei mat ë. a. Maquettë vu lëtzebuergesche Bauerenhaiser.
2014-2015 gëtt de Pavillon vum Service des sites et monuments nationaux komplett restauréiere gelooss, dofir ass d'Ausstellung um éischte Stack och net zougänglech.[4] 2016 an och 2017 ginn d'Renovéierungsaarbechten ënner der Opsiicht vum Service des sites et monuments nationaux weider; 2016 gouf d'Fassad gro ugestrach, dat fir se virum Wieder ze schützen; 2017 sollen d'Renovéierungsaarbechte weidergoen.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rokoko-Pavillon zu Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Informatiounsplack beim Pavillon
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Februar 2026).
- 1 2 Luxemburger Wort vum 19./20. Nov. 2016, S. 38.
- ↑ Lifting für Rokokopavillon im Park am Luxemburger Wort vum 31. Januar 2015 S. 42
